Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Gesellschaft

Näischt soen aus Angscht, ze beleidegen, ass déidlech fir eng Demokratie 

Näischt soen aus Angscht, ze beleidegen, ass déidlech fir eng Demokratie
Image par Brigitte is always pleased to get a coffee de Pixabay

De leschte Weekend huet sech den Thomas Gottschalk dees Längeren an engem Bäitrag an der WELT AM SONNTAG derfir entschëllegt, datt hien wärend engem Optrëtt op der Televisioun den Term Zigeunersauce  benotzt hat. Dat wir eng Frechheet vis-à-vis vun deene Leit, an der Haaptsaach vis-à-vis vun de Sinti a vun de Roma. Grad wéi wann een beim Bestellen vun engem Zigeinerschnitzel am Restaurant tatsächlech béisaarteg un dës Leit géif denken! Et freet een sech just op e gutt gehäerztent Stéck Fleesch.

Wann et richteg ass, datt dës Leit – déi d’Police iwwregens fahrende, das nicht sesshafte Volk (ver)nennt- deen nämmlechte Respekt verdéngen wéi sos iergendee Mënsch op dëser Welt, esou ass et grad esou wouer, datt een vereenzelt Persounen vun dësem “Vollek” däerf hannerfroen. Egal wéi een se nennt, et gëtt bei “hinnen” där enger an där anerer grad ewéi bei “eis”, där Gudder an där Béiser, där Éierlecher an där Cretinéiser. Besonnesch dann, wann si als Clan optrieden, geet reegelméisseg vun organiséierte Banden Rieds, vun Mënschenhandel. Iwwerdriwwen?

Image par Michael Gaida de Pixabay

Zu Nanzeg goufen dëse Mëttwoch gläich 21 Memberen aus dräi verschiddene Roma-Clanen um Geriicht condamnéiert. A wéi! Si kruten Prisongsstrofen tëscht 1 an 10 Joer! Si alleguerten goufen schëlleg geschwaat, well si entweder Fraen verkaf oder well si d’Kanner gezwongen haten, ze klauen. De FIGARO vum 17. Februar schreift:” La juridiction interrégionale spécialisée a condamné plusieurs prévenus pour des faits de vols ou de complicité de vols, ainsi que deux couples pour traite d’êtres humains!

Zwou Persounen kruten 10 Joer Prisong assortis d’interdiction définitive du territoir français. Confiskéiert goufen donieft dräi Gebaier, déi dëse Clanen gehéiert hunn, déi also op zimmlech héijem Fouss gelieft hunn. L’accusation reprochait à certains prévenus des faits de “traite d’êtres humains” avec ” la vente de leurs épouses” dont ” le prix était fixé en fonction de leurs qualités de voleuse.

“…besteet ee lien mat Lëtzebuerg?….”

Um Geriicht gouf kloer, datt dës Leit zu hire Suen koumen duerch Geklauts. An si waren richteg aktiv: e bësselchen iwwerall a Frankräich, mol am Elsass, mol am Süden, mol an der Belsch oder an Däitschland an och an der Schwäiz. De Grand-Duché gouf net genannt, mä eng gewësse Probabilitéit besteet. Eng Iwwerpréifung vun den Nimm ass wuel dat mannst, wat ee kann maachen!

Woubäi et net drëm geet, all Sinti an all Roma an en Dëppen ze geheien. Allerdéngs huet d’Police schonn virun 3 Joer an engem Appell un d’Bierger vun engem groupe organisé de mendiants geschwat

gkonline

Déi Heescherten wären also organiséiert! Stellt sech d’Fro, a wéi fären dat op fräiwëlleger Basis geschitt. Ass et travail forcé, fält d’Aktivitéit ënner Mënschenhandel!

Zu Lëtzebuerg awer deet een sech schwéier mat där Problematik, esou schwéier, datt e Xavier Bettel als Buergermeeschter de Platzverweis verlaangt huet, deen de Xavier Bettel als Staatsminister refuséiert. Esou schéin ka Politik sinn, oder soll een net éischter soen: esou traureg?! D’Polizisten, déi am meeschten betraff sinn, rësele scho méi laang de Kapp.

Fir déi franséisch Philosophinn Elisabeth Badinter ze zitéieren: Quand, par peur d’offenser, de choquer, de déplaire, une société s’astreint au silence, c’est un poison. Un poison mortifère pour la démocratie.

Related posts

1 Comment

  1. Charles

    Önnergang vun Eiser Kultur, provozéiert duerch Eis Guddmënschen

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *