Déi klassesch Parteien sollen sech. bei der eegener Nues huelen. Reegelméisseg behuelen si sech méi domm wéi et den

demokratesche Parlamentarismus erlaabt. Si verpasse keng Geleeënheet, sech ëmmer méi vum Vollek ewechzebeweegen. Rezent Beispill war d’lescht Woch, wéi d’ADR mat der Gesetzpropositioun koum, d’Boergeld an d’Verfassung aschreiwen ze loossen. Berechtegt oder net, breet Kreesser aus der Populatioun maachen sech Gedanken, datt den Euro als Billjee verschwënnt, datt a relativ kuerzer Zäit nach just mat der Kaart, respektiv mam Handy ka bezuelt ginn.
Ängschten aus dem Vollek soll een ëmmer eescht huelen. Sollten si komplett aus der Loft gegraff sinn, kann een dat jo an enger sachlecher Diskussioun erklären, jo, esou guer de Géigendeel beweisen. Firwat nämlech géingen 5 Banken fir 50 Milliounen Euro e Reseau vun 270 Bancomaten nei installéieren, wann esou gutt ewéi ofgemaach wier, datt den Euro um Pabeier verschwanne soll?
Besonnesch d’Sozialisten déi esou no beim schaffende Vollek wëlle sinn, spillen eng schlecht Roll. Ma och eng CSV brauch sech net ze bretzen. Déi eng rëselen ofgehuewe mam Kapp a grinsen, déi aner fannen eng Diskussioun onnéideg. D’Sozen sinn der Meenung datt Schäiner a Mënzen genuch gesetzlech geschützt sinn, an datt een d’Verfassung net sollt ze vill mat Detailfroen belaaschten; eigentlech deen nämmlechte Positionnement, deen anerer am Kontext vun der Ofdreiwung vertrueden haten an dowéinst ëffentlech gegäisselt goufen!
D’Vollek wäert verhalen, datt et net eescht geholl gouf, datt mat him de Spunnes gedriwwe gouf; d’Quittung ass virprogramméiert fir den nächste Wahlsonndeg. An da wonneren sech déi sougenannte Volleksparteien iwwer eng Welt déi dach esou ongerecht ass!

D’Fro vum Boergld betrëfft indirekt och de Wunnengsmaart. Wien zum Beispill mengt, hie kéint mam Spuerschwéngchen op d’Bank trëppelen fir d’Mouk opzefëllen an dem Draam vun enger eegener Wunnéng méi nozekommen, den huet sech geschnidden. Banken huele flëssegt Geld guer net méi un an de Guicheten. De Client steet direkt am Verdacht vu Geldwäscherei. Et ass ewéi um Flughafen: jiddereen steet am Verdacht, en Ayatollah ze sinn a muss de Géigendeel beweisen. Eigentlech eng Sauerei, ma ech hunn och keng Alternativ parat.
Dat just fir kloer ze maachen, datt eng politesch Diskussioun iwwer de Cash duerchaus kann interessant, amüsant an opklärend sinn.Et muss een et als Deputéierten just wëllen