Recent Posts

Post Categories

D’CSV sicht e Beroder an der Kommunikatioun 
Eigentlech misst et heeschen: “…an der Kommunikatioun vum Staatsminister Luc Frieden”. Well et ass de Regierungs- a Parteichef deen op...
Mutig! Ein Kommentar zur neuen Parteispitze der LSAP von Frank Bertemes 
Gleicht das neue Duo an der Spitze der LSAP wirklich einer Kapitulation der stärksten Oppositionspartei wie ein Kommentar eines Wort-Journalisten...
De Kriibsgang bei der LSAP geet weider 
Iwwerraschungsgackelchen virun Ouschteren bei de Genossen! D’Paulette Lenert ass un engem Posten am Staatsrot interesséiert. Dat kann een duerchaus novollzéien,...
De Xavier Bettel zaubert dem Senegal d’Entwécklungshëllef ewech 
De Premier aus dem Senegal war kierzlech op Aarbechtsbesuch zu Lëtzebuerg. Säi. Land gëtt vun der lëtzebuerger Entwécklungspolitik prioritär behandelt....

Blog Post

Innepolitik

D’CSV sicht e Beroder an der Kommunikatioun 

D’CSV sicht e Beroder an der Kommunikatioun
Ayşenaz Bilgin Pexels

Eigentlech misst et heeschen: “…an der Kommunikatioun vum Staatsminister Luc Frieden”. Well et ass de Regierungs- a Parteichef deen op deem Punkt am meeschte gesënnegt huet: entweder guer keng Kommunikatioun oder awer eng grotteschlecht; zum Beispill d’Ukënnegung, wärend der Manifestatioun um Knuedler an de Gréngewald spadséieren ze goen-grad wéi wann d’Demonstratioun vun onzefriddene Bierger hie keng Boun déit interesséieren. D’CSV huet e Probleem, an dat ass den ‘neie Luc’, deen seng al Naupen net lassgëtt.

De Luc Frieden war an engem anere Liewen laangjäregen Dauphin ënner dem Staatsminister Juncker, ma souzesoen an

facebook.com

der leschter ligne droite huet d’SREL-Affär och him e Stréch duerch d’Rechnung gemaach: d’CSV gouf vu Gambia 1 an déi politesch Sierra Nevada geschéckt. De Luc huet et net laang an der Oppositioun ausgehalen, mam Argument: hie kéint net Persounen politesch attackéieren, déi bis viru 5 Minutten seng Frënn waren. Hie goung an d’Privatwirtschaft.

Come-back an der Politik virun 3 Joer, allerdéngs just als Noutléisung. Faute de combattant gouf hien CSV-Spëtzekandidat. D’Rechnung goung op, seng Partei koum an d’Regierung an hie gouf Regierungschef. Allerdéngs konnt een net vu engen Plebiszit schwätzen. Hien hat zwar 31000 Wielerstëmme krut, ma e Xavier Bettel – Regierungschef sortant- hat der 3000 méi krut. Déi politesch Landkaart war zwar kräfteg orange gefierft ginn, ma Gambia 3 hätt duerchaus kënne Realitéit ginn, wären net déi Gréng därmoossen an der Wahlcabine ofgestrooft ginn.

De Luc Frieden konnt sech also net esou feiere loossen ewéi de Julius Caesar nom Gallesche Krich. Trotzdeem huet een him mussen zegutt halen, datt hien e Garant ass fir seriö Politik, och a grad fir Wirtschaftspolitik déi ënner sozialistescher Fiederféierung wärend 9 Joer quasi inexistent war. Et duerft ee sech also op e Revirement freeën. Ma grad dës Wieler goufen am Laf vun der Zäit enttäuscht, ganz dovunner ofgesinn, datt d’Demokraten sech och ëmmer méi vun enger wirtschaftsliberaler Politik distanzéiert hunn an éischter an Direktioun sozialliberal matmarschéieren.

Den neie Regierungschef huet mussen d’Erfarung maachen, datt een e Land als Staatsminister muss aneschters féieren ewéi als CEO e Betrib. Seng Partei huet zwar an enger Partie Beräicher Punkte gutt gemaach – wéi a Staatsfinanzen an intern Sécherheet- ma si kritt zugläich d’Quittung vum Vollek a Meenungsëmfroen. Et ass net dermadder ze rechnen, datt d’CSV sech am nächste Politmonitor kann dichteg erkrabbelen. Wéi e Klotz um Fouss wierkt do d'”Renommée” vum Staatsminister.

gouvernement.lu

Den ‘neie Luc’ huet sech dat geleescht wat bis dato nach kee Premier fäerdeg bruecht huet: hie figuréiert  an de Sondagen net ënner den top Ten! Dat ass e batteren  an zum Deel och ongerechte Verdikt vum Lëtzebuerger: grad wéi wann et de Staatsminister net géing ginn. An do wäre mer dann nees beim Thema Kommunikatioun, wou de Luc Frieden méi wéi e Rousekranz ze bieden huet.

Hien huet ze laang gezéckt, fir den Aarbechtsminister Georges Mischo auszewiesselen,  hien huet d’Gesondheets- a Sozialministesch Martine Deprez ze laang sech eleng iwwerlooss, wärend  de Gespréicher mat Gewerkschaften a Patronat hat een net d’Gefill, datt hien d’Situatioun am Grëff gehat hätt, an iwwerhaapt ginn et ze vill an ze laang Phasen, wou hien als Staatsminister keng Präsenz an der Dagesaktualitéit weist. E Land regéieren gëtt gären als Selbstleefer interpretéiert.

Grad an der Wirtschaft haten d’Leit sech opo eng 180 Grad-Kéier gefreet a loossen elo enttäucht d’Lepper hänken .Och a grad elo wou d’Diskussioun leeft, ob zu dësem Ablack eng Tripartite opportun wier oder net. Do misst de Message vum Ekippechef kloer an däitlech sinn: nom lëtzebuerger Modell ginn op esou enger Sëtzung nawell gären wéi op enger Cavalcade Kamelle verdeelt, eng Zockerboun fir d’Gewerkschaften, e Bonbon fir d’Patronat, d’Rechnung geet op de Staat, a jiddereen geet gesiedegt an zefridden heem. Just datt zu dësem Ablack de Staat net méi vill Sputt huet fir Sucetten.

instagram

De bloe Koalitiunspartner schéngt et och bekäppt ze hunn a léisst eng u sech harmlos Ministesch Yuriko Backes op den Antennen vun RTL d’Fuerderung no esou enger Tripartite stellen. Boufdeg! Schonn nees ass de Staatsmnister an de Labyrinthen. Déi Kapesëtzung déi hien net wollt, muss hien  méi ewéi sécher presidéieren. De Rendezvous ass warscheinlech am Hierscht an de Premier steet op en Neits do als Gedriwwenen, als een dee mécht, wat anerer him virdiktéieren.

An der CSV-Fraktioun ass een sech bewosst ginn, datt et tëscht dem Luc an dem Vollek net d’Léift op den éischte Bléck ass an och net wäert ginn Dat soll elo nogebessert ginn. Et gouf och héich Zäit. Bleift nach d’Fro: ass sech de Luc Frieden bewosst, datt déi “Nohëllefscoursen” fir hie bestëmmt sinn? Dat géing jo bedeiten, dat hie Feeler misst agestoen, eng Charaktereegenschaft déi a Politkreesser esou rare geséit ass ewéi de wäisse Ramm!

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *