Recent Posts

Post Categories

Tripartite, Festival vun de gudden Affairen 
Als Rappel: D’Tripartite gouf an d’Liewe geruff an de 70-ger Joer, wéi de Stär vun der Arbed am gaange war,...
D’CSV sicht e Beroder an der Kommunikatioun 
Eigentlech misst et heeschen: “…an der Kommunikatioun vum Staatsminister Luc Frieden”. Well et ass de Regierungs- a Parteichef deen op...
Mutig! Ein Kommentar zur neuen Parteispitze der LSAP von Frank Bertemes 
Gleicht das neue Duo an der Spitze der LSAP wirklich einer Kapitulation der stärksten Oppositionspartei wie ein Kommentar eines Wort-Journalisten...
De Kriibsgang bei der LSAP geet weider 
Iwwerraschungsgackelchen virun Ouschteren bei de Genossen! D’Paulette Lenert ass un engem Posten am Staatsrot interesséiert. Dat kann een duerchaus novollzéien,...

Blog Post

Finanzen

A Saache Rousekranz fir Banken a sos Finanzinstituter 

A Saache Rousekranz fir Banken a sos Finanzinstituter
bcee

Am Joer 2024 hat d’Spuerkeess eng ferrem fléie gelooss am Kontext vun der traureger Geschicht Caritas. Et war een ze burschikos ëmgaangen mat Gesetztexter a Reglementer iwwer Geldwäscherei a Finanzéierung vum Terrorismus- D’Spuerkeess gouf dowéinst vun der CSSF (commission de surveillance du secteur financier) mat enger säfteger Geldbouss bestrooft. D’Bank, respektiv hir Direktesch hätt och penal kënne  bestrooft ginn, ma dozou koum et net!

D’Appellgeriicht huet nämlech schonn de 26. Februar vun dësem Joer esou strofrechtlech Poursuitten als irrecevabel erkläert, mat als Argument den non bis in idem, wat esou vill heescht ewéi: kee ka fir dat nämmlecht Vergoen zweemol bestrooft ginn. Dat ass wuel een extreem wichtege Prinzip an eisem Rechtsstaat, ma wërft am Fall vun der Spuerbéchs dach Froen op. Den CSV-Deputéierte Laurent Mosar stellt esou Froen un d’Justizministesch an un de Finanzminister.

Deen Arrêt aus dem Februar huet eng gewalteg Auswierkung  op de Finanzsecteur. Muss een dovunner ausgoen, datt e Finanzinstitut dat sech net un d’Gesetzgebung gehalen huet (LCB/FT), wuel muss eng administrativ Strof berappen, zugläich awer op déi Manéier laanscht eng penal Strof kënnt? Dat wier iergendwéi praktesch fir. d’Bankugestellten, a kontraproduktiv fir d’Finanzplaz!

Misst sech an Zukunft net tëscht der CSSF an dem Parquet ofgeschwat ginn, fir datt dat  net méi virkënnt? Dat heescht, datt eng administrative Strof net ze séier getraff gëtt an op déi Manéier eng penal Strof onméiglech gëtt? Esou wéi den Ament d’Gesetzgebung geschriwwen ass, besteet allemol de Risk, datt am Noutfall dat eent oder anert Finanzinstitut sech souzesoen fräiwëlleg mellt fir eng Finanzstrof; et kascht zwar eppes, ma déi meescht Betriber hu souwisou eng Krise-Keess. An d’Personal – an esou Fäll wuel éischter Leit aus dem Verwaltungsrot- kéime laanscht de ” Gaalgen”!

 

Zoufall oder net?! Stonnen no der Publikatioun vun dësem Artikel gouf d’Direktesch vun der Spuerkeess hir Demissioun bekannt.

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *