Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Innepolitik

Les arroseurs arrosés 

Les arroseurs arrosés
© Envato balls340

 

Et hat jo nawell e bësselche Spektakel ginn no der Privat-Soirée vum Entrepreneur Marco Giorgetti. Op deem Owend waren als Invité och Politiker ze gesinn vun DP an CSV wéi Lydie Polfer, Laurent Mosar, Luc Frieden an domadder war dat éischt Gackelche geluecht. Well wéi RTL vun där Soirée rapportéiert huet, hun aner Parteien probéiert, dorausser Kapital ze schloen.

Ech zitéieren:  D’Pirate froe sech, ob dëst wierklech en Iessen ënner Kolleege war oder awer eng Renconter vun engem Matbesëtzer vun enger vun de gréisste Baufirme mat deene Parteien, déi een an enger nächster Regierung kéint gesinn? Oder déi Lénk: Wann ee wéisst, wéi en enorme Pouvoir déi grouss Promoteuren am Land hätten, da wier et méi wéi verwerflech, wann d’Politik sech bei dëse Promoteuren “ubiedere” géif.

Och op de Sozialmedien gouf d’Soirée deementspriechend kommentéiert. Kee Wonner datt déi Blo an di Schwaarz net grad ameséiert waren. An dësen Zäite kënnt et op all Stëmm un! Och d’LSAP-Spëtzekandidatin Paulette Lenert war invitéiert. Um Radio 100,7 sot si, si hätt d’Invitatioun net ugeholl an hat domadder eng éischte Kéier gelunn. Si hat sech nämlech duerchaus ugemellt an duerno in extremis, géint 8 Auer Owes ofgemellt, Dat zweet Gackelchen war geluecht. DP an CSV sinn sech eens, datt si allebéid gewollt benotzt gi waren an esou huet an de Kulissen e Gemauschels ugefaangen iwwer sos Optrëtter vun där sozialistescher Madamm.

D’Paulette Lenert soll zejoert am Fréijoer mat e puer Frëndinnen um Schëff vum Entrepreneur gewierscht sinn. Wuelverstanen: net fir eng Croisière, ma fir e Patt ze drénken. Och e faux-pas? Wat mécht eng Vertriederin vun der Aarbechterpartei bei esou engem Grousskapitalist?! Wann d’Virwërf géint déi eng richteg solle sinn, da sinn se grad esou wéineg falsch fir si.

D’Saach wär scho längstens vergiess, hätt d’Paulette Lenert dat Gemauschels net dementéiert. Dat drëtt Gackelchen war geluecht, well du gouf et eréischt richteg interessant. Am delirium tremens vum Wahlféiwer koum d’Fro op: huet d’Spëtzekandidatin mat hirem Dementi eng zweete Kéier gelunn?

RTL huet iwwerraschend séier d’Fanger dervunn gelooss. Villäicht well de Schoss riskéiert hätt, no hanne lasszegoen? D’Lëtzebuerger Land huet zwar d’Paulette Lenert kontaktéiert, ma déi hat et einfach op di falsch Fro via hir Presse-Attachée ouni ze léien äntweren ze loossen:

D’Madamm Lenert huet net un enger Rees mam Här Giorgetti deelgeholl an och keng sonsteg Gespréicher professioneller Natur mat him gefouert, déi ënnert d’deontologesch Regele fir Ministere falen.

Dobäi geet et jo net ëm eng Rees, eng Croisière mam Schëff, ma et geet ëm e Patt um Schëff. Respektiv, et geet ëm d’Fro: kann oder däerf een (eng) Politiker/in sech iwwerhaapt nach mat Leit aus Wirtschaft a Finanzen weisen oder net, ouni datt gläich de Verdacht op Korruptioun opkënnt? Ass e Politiker a senger Funktioun 24 Stonnen op 24? Privat Soirée wären deen Ament gestrach!

Och ech hunn d’Madamm kontaktéiert a krut hoergenee déi nämmlecht Äntwert. Mä wéi dat esou ass am digitalen Zäitalter, gouf sech zimmlech séier eng Foto weidergereecht, op där tatsächlech d’Vizepremierministesch a Gesellschaft mat Frëndinnen op enger Yacht ze gesinn ass. Fotoen kann een allerdéngs faken a souwisou weess een net, wéini genee déi Foto gemaach gi war. Mä glécklecherweis si mir zu Lëtzebuerg, e klengt Land wou jiddereen jiddereen kennt.

Et schielt sech séier eraus, datt déi sozialistesch Spëtzekandidatin tatsächlech net d’Wouerecht gesot huet. Si war op deem Schëff vum Entrepreneur, si gouf vun anere Leit am Fréijoer zejoert an engem Hafen op der Côte d’Azur gesinn! Genuch Gackelcher also fir eng Eeërtriwwel! Et soll sech ëm e spontane Besuch gehandelt hunn, si kennt d’Familljen Giorgetti nämlech ganz gutt….ëmmerhinn war si mam Entrepreneur senger Fra viru 40 Joer op der Universitéit.

“…arroseurs arrosés…”

Perséinlech fannen ech d’Geschicht grotesk. Och politesch Spëtzekandidaten hunn e Recht op e Privatliewen a wann si sech da weise gi bei Leit aus der Wirtschaft, aus dem big business ass et normal, datt dobäi net nëmmen gesmalltalked gëtt, iwwer d’Wieder an iwwer Vakanze geschwat gëtt. D’Maginotslinn muss jidder Politiker fir sech eleng zéien: hie muss wëssen, wéi wäit datt hien an esou Gespréicher geet. Eigentlech wär et en non-event, hätt sech RTL net vun Strippenzieher eraleeë gelooss an hätt d’Madamm Lenert zu deem Patt um Schëff gestanen!

Witzeg par contre ass, datt déi sozialistesch Strippenzieher- warscheinlech zu hirer dräi- sech selwer erageluecht hunn. Si, déi fläisseg ware fir déi rezent Gio-Soirée erauszepësperen an domadder de politesche Géigner an e schlecht Liicht ze réckelen, mussen elo hir eege Spëtzekandidatin flankéieren, si géint déi nämmlecht Virwërf a Schutz huelen, déi vun hinnen géint déi aner an d’Welt gesat gi waren.

Dat ass esou, wann een mat Schrout schéisst!

Related posts

5 Comments

  1. THOMMES Jan-Antoine

    nach eng Ligerin mee? NEE MERCI Paulette!

  2. Jean

    Grotesk ass dei geschicht effektiv.
    Well de Gio oder de Becca eng mat engem minister dreinen geet en owes diskret bei den heem a si beschwaetzen hir plaeng bei enger gudder flesch…do brauch et keen iessen zu monnerech oder e patt op der yacht mat fotoen.

  3. Mario Dichter

    Apropos Madamm Lenert: Op fairbeweegung.lu ass an der Stellungnahm 7 (2ten Deel) nozeliesen, wéi d’Gesondheetsministesch mat der Petitioun 2489 verfuer ass, bzw. verfiert. Eng Petitioun, déi jo bekanntlech eng onofhängeg Kommissioun fuerdert, fir d’Coronazäit mol méi genee ënnert d’Lupp ze huelen.

  4. Frank Bertemes

    Och dat ass tatsächlech opgefall, wéi eis Top-Regierung dës Debatt ëm d’Opschaffen vu där “Pandemie” mat alle Mëttel ëmgaangen ass, fir virun de Wale jo keng weider Opreegung ëm deen Topic ze riskéieren – Schweigen im Walde! Mir waarde jo da léiwer bis no de Walen a stiechen eise Kapp kilometerdéif an de Sand! ‘t wär effektiv méi wéi ugesot, dee Sujet absolut sérieux a mat allen Elementer an Argumenter total objektiv opzeschaffen – dat géif och dem “Paulette” gutt zu Gesiicht stoen. Mä och hei: Feigheet an däitleche Mangel un objektiver, kontradiktorësch gefouerter Sträitkultur, vun Asiicht keng Spuer! A sou eng soll ee wielen?

  5. Frank Bertemes

    Eng Prezisioun dozou -(eng Positioun vun der FAIRBEWEEGUNG) :
    Pétition 2489:
    (…) Cette pétition, qui demande une commission d’enquête indépendante sur la période Covid-19 et qui est
    soutenue par FAIR Beweegung, a été déposée le 12.10.22 par M. Amar Goudjil. Ce n’est que le 12.01.23,
    après plusieurs demandes de modification de la part de la commission compétente, que la pétition a été
    admise pour atteindre le 10.03.23 le quorum nécessaire de 4500 signatures.
    Le 7.06.23, soit environ 3 mois après que le quorum ait été atteint (nous nous souvenons du « délai raison-
    nable »), M. Goudjil devait être entendu au Parlement avec les experts choisis et invités par lui et FAIR
    Beweegung, et la pétition devait être débattue en présence, entre autres, de la ministre de la Santé Pau-
    lette Lenert et du Dr Jean-Claude Schmit (tous deux LSAP). Mais c’était sans compter sur Mme Lenert, qui
    a fait sauter ce rendez-vous et l’a reporté au 15.06.232, torpillant ainsi toute la planification (notamment
    les billets d’avion déjà payés, l’hébergement, etc. des experts, tous étrangers).
    1 https://www.petitions.lu/petition/2489
    2 https://www.chd.lu/fr/node/1284
    Comme le jeu s’est répété peu avant cette date et qu’une date de remplacement a de nouveau été fixée
    au 19.7.233 à la demande de Mme Lenert, puis définitivement reportée à une date indéterminée, on ne
    peut pas exclure ici non plus un calcul politique. D’une part, cela a permis de passer les vacances d’été et
    d’autre part, aucun des protagonistes ne voulait certainement se laisser mettre un œuf aussi désagréable
    dans le nid avant les « élections ». Un vote au Parlement (…) sur la résolution 41084, qui pose des exigences similaires à celles de la pétition 2489 et qui a reçu 53 votes négatifs de la
    part des 60 députés, en est la preuve. Nombre de ces “représentants du peuple”, qui n’ont pas eu la volonté
    ou le courage d’assumer cette responsabilité, nous sourient à nouveau sans complexe sur les affiches élec-
    torales et autres plaquettes de propagande similaires et courtisent les faveurs des électeurs (…)

    Do gesäit een, wéi schwéier et verschiddene Leit fällt, Face ze weisen an ee Pétitionnaire, deen am Numm vu villen aneren wëll virun eisem Parlament, dat ëmmerhin dat GANZT Vollek soll representéieren, faktësch wëll kalstellen….
    A suivre deemno!

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *