Et gëtt ëmmer méi elektronesche Schnick-Schnack un den Autoen: Parkassistent, lateral Assistenz, frontal Assistenz, wann

een eraklëmmt freet eng frëndlech Fra “où allons-nous?, de SIRI schwätzt mat engem wéi mat engem Schoulkolleeg an d’Luuchte bannenan erënnere un en Eros-Center. Alles schéin a gutt, virausgesat, et fonctionéiert. Wann net, kann et liewensgeféierlech ausgoen.
Duerch pueren Zoufall hunn ech an der Lescht vu Geschichten héieren an och dovunner gelies, wou engem d’Kappfliichten zu Bierg stinn. Do wollt zum Beispill eng Fra mam Won aus der Garagenentrée erausfueren; d’Haus läit op enger Kräizung, sou datt d’Madamm nëmme liicht Gas, respektiv nëmme wéineg Stroum gouf.. Den Auto allerdéngs schéngt schlecht Loun gehat ze hunn a war lassgerannt wéi sengerzäit de Jochen Rindt um Formel 1-Circuit.
Wéi den Auto an der Strooss ukomm war, huet hien eng 90 Grad-Kéier gemaach an d’Rees goung hannerzeg weider, iwwer d’Kräizung. D’Fra huet vun Angscht Kreesch gedoen; si huet zwar fest op d’Brems gedréckt, ma d’Maschinn wor schëtzeg weidergerannt, frontal an e stationéierte Won a blouf eréischt am Gestrëpp vun engem Bësch halen. Kengem Mënsch ee Leed geschitt, ma de materielle Schued war héich a virun allem war d’Fra total traumatiséiert!

D’KI huet zu esou Onglécker eng Wäschmaandel voll Informatiounen. SUA heescht déi Autokrankheet, Sudden Unintended Acceleration. Et ass d’Informatik déi komplett deconéiert Verschidde Marken hu grad di lescht Joren massiv Ween mussen zeréckpäifen fir eng Kontroll oder eng Reparatur. Eng aner Kränkt besteet doranner, datt d’Steierrad sech verselbststännegt, also ganz iwwerraschend no lénks oder no riets ausschléit. Och nees liewensgeféierlech!
Eleng de Fait, datt Autoen fir Inspektioun a Garagen geruff ginn, ass jo eng Zort Aveu, datt et e Problem. gëtt. Wat awer net wëll bedeiten, datt d’Autokonzerner sech spontan bereet erklären, am Fall vun engem Ongléck dat op esou een Defekt zeréckzeféieren ass, rechtlech a finanziell opzekommen. An Amerika sin se op deem Punkt e Schrack viraus: grouss Affekotenetuden sin am gaangen, eng Sammelklo ze organiséieren.
Interessant wier et gewuer ze ginn, ob am klenge Lëtzebuerg – oder besser: am Auto-besiessene Lëtzebuerg- nach méi Leit esou Erfarungen mat engem KI-ënnerstëtzte Won gemaach hunn. An deene méi deiere Kutschen ass eng Zort black box agebaut, an där déi lescht Minutten virun engem Tëschefall oder Accident enregistréiert bleiwen. Et muss een dann -niewt der üblecher Expertise vun der Assurance- op eng informatesch Expertise bestoen, fir déi d’Versécherung kann opkommen, awer net muss; dacks ginn esou Ënnersichungen am Ausland gemaach, an de Geschiedegten muss fir de Remorquage selwer opkommen. D’Garagisten hunn net onbedéngt en Interessi dorunner a vertrieden éischter de Standpunkt, datt de Chauffeur(euse) d’Pedalle verwiesselt huet an och sos d’Gedanken net beieneen hat.
Et geet mir net drëm, eng Mark géint déi aner auszespillen. Et geet mir drëm, erauszefannen, ob et sech heibäi tatsächlech ëm zwar e geféierleche, ma rarissimme Phänomen handelt oder ob et dach méi heefeg ass, ma de Wee fir an d’Aktualitéit nach net fonnt huet. Am Fall wou, mellt Iech bei mir ënner Kontakt@guykaiser.lu. Confidentialitéit ass garantéiert!
Bis dohinner: passt op, wann Dir an den Auto klammt an eng onbekannte Stëmm freet Iech: où allons-nus?…am Beschten guer net äntwerten…