Recent Posts

Post Categories

TNS-ILRES: Wiedergespills mat den Zuelen? 
D’TNS-Ilres entléisst d’CSV mat e puer Datzen an d’Vakanz. Déi konservativ Ministeren kommen am leschte POLITMONITOR gréisstendeels net gutt ewech,...
D’Elektrescht steet ënner Stroum 
Jidderee mécht esou seng Rechnung. Ech zum Beispill hunn an der Kichen 8 Halogene-Luuchten géint 8 LED ersat. Déi nei...
Dem Premier seng Ried war ok, deem aneren seng Ried war besser 
De Luc Frieden huet a senger Ried iwwer d’Lag vun der Natioun bäigeléiert. Hien huet net aus der Schoul geplappert...
Friedrich Merz a Luc Frieden, même combat? 
D’Parallellen tëscht deenen zwee Politiker sinn erstaunlech: deen een war 7 Joer laang President vun der BIL, deen aneren Chef...

Blog Post

Top Thema

Tischlein-deck-dich! 

Tischlein-deck-dich!
Image by Gerd Altmann from Pixabay

Ouni wollen de leschten Tripartite-Accord a Fro ze stellen, koum den CSV-Deputéierte Laurent Mosar mat enger aler Schank, déi et sech awer lount, auszebuddelen: den Index deckelen, plafonéieren. D’Iddi ass net nei a war schonn ënner dem Premier Jean-Claude Juncker thematiséiert ginn, allerdéngs just kuerz an zimmlech hallefhäerzeg. Elo allerdéngs huet d’Belsch et eis virgemaach, dat Land dat en änlechen Indexsystem huet wéi de Grand-Duché.

Déi automatesch Indexéierung gëtt net ofgeschaafen, ma de vollen Index gëllt just fir en Akommes vu bis zu 4000 Euro brutto; läit d’Akommes driwwer, ka just mat engem Forfait vun 80 Euro gerechent ginn. E Beispill vun enger Persoun déi 6000 € verdéngt: nom ale System krut déi Persoun 120 Euro brutto bäi; nom neie System – Centenindex genannt- sprangen fir déi Persoun nach just 80 Euro eraus (4000 x 2%) + (2000 x 0%) = 80€ brutto.

Photo de www.kaboompics.com: https://www.pexels.com/fr-fr/photo/argent-calculatrice-finance-compter-5900226/

Et ginn also 40 Euro gespuert oder aneschters ausgedréckt: dëse Bierger verléiert 40 Euro u Kafkraaft. Vun deem

erspuerte Geld si 50% fir de Patron deen domadder seng Gehaltsonkäschten kann erofsetzen an déi aner 50 Prozent ginn un de Staat. Esou ass et mol gesetzlech geplangt fir déi nächst zwou Indextranchen.

De Mëttelstandsbockel muss also nees duerhalen, ass d’Kritik vun de Gewerkschaften; si leien domadder zum Deel richteg, benotzen awer de falsche Vokabular. Beispill Frankräich, wou de smic zanter dem 1. Juni ëm 2,41 Prozent gehéicht gouf. Domadder goufen déi Aarm wuel kaum räich, ma de Mëttelstand huet Plomme gelooss: bannent nämlech 10 Joer goung de smic ëm 26,35% an d’Luucht, dat mediaant Akommes awer just ëm 22,83 % .

Da misst et dach theoretesch méiglech sinn, datt eng Persoun mat niddregem Akommes iergendwann an d’Mëttelschicht glëtscht!? Neen, ass et net! D’Reegele vun der Ekonomie si streng. Kee Patron bezilt fir säin Ugestellten méi u Gehalt ewéi deejéinegen wirtschaftlech fir de Betrib erabréngt! Dat wär sos ekonomesch a gesellschaftlech d’Welt op d’Kopp gestallt.

Also och bei eis den Index deckelen? Ekonomesch wär et déi richteg Äntwert. Politesch awer wär et Selbstmord! De Premier selwer huet Steemetzer gespillt an den Index quasi an der Constitutioun fest verankert. Den Index bleift eng Narkose fir Gesellschaft a Politik, well hien ass Garant fir soziale Fridden an ass zugläich Euthanasie fir d’Ekonomie!

Previous

Tischlein-deck-dich!

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *