Tëscht Kleeserchersdag an Helleger Owend geet et an de Gemengen wéi beim Staat ëm de Frickesak, also ëm de Budget. Et ass déi Geleeënheet fir d’Oppositioun, de Majoritéitsparteien op d’Fanger ze klappen an eege Propositiounen anzereechen. Esou och e leschte Méindeg an der Gemeng Lëtzebuerg.
Déi luusseg Genossen hu sech mat de Gréngen a mat deene vun déi Lénk zesummegedoen fir eng Motioun a Punkto Logement an d’Diskussioun ze bréngen. Déi dräi politesch Filièren gehéieren zu deene Progressiven, déi fest an hirer ADN verankert hunn, datt Problemer ze léise sinn duerch nei Steieren: si këmmeren sech also haaptsächlech ëm d’Recetten, net ëm d’Ausgaben.
Déi Kéier goung et alt mol nees ëm déi sougenannte Leerstandstaxe. Haiser déi eidel stinn, solle besteiert ginn. Jee nodeem wéi grouss d’Wunnfläch ass, kann déi Steier duerchaus e puer dausend Euro d’Joer ausmaachen. Déi Allianz vun deenen Dräi war wuel e bësselchen denkfaul an huet sech fir hir Motioun op d’Beispill vun der Stad Esch beruff. Copy-Paste op der ganzer Ligne, ausser op engem Punkt, dee fir si fatal gouf.
Zu Esch ass nämlech virgesinn, datt eeler Leit déi am Altersheim wunnen an hiert eegent Doheem (nach) net verkaf oder

verlount hunn, net vun där Steier betraff sinn. Effektiv kënnt et reegelméisseg vir, dat déi eeler Persounen fir e puer Stonnen an hiert Haus, an hiren Appartement zeréckginn, fir al Erënnerungen opzefrëschen, fir mat fréiere Bekannten eng Taass Kaffi ze schluppen, fir mat der Familljen eng kuerz Zäit zesummenzekommen, grad ewéi fréier. Dacks sinn dës Senioren därmoosse mam Haus verwuerzelt, datt et hinne géing d’Häerz zerbriechen wann d’Haus zu Liefzäiten déit ofgerappt ginn.
Op deem Punkt allerdéngs hunn déi Fortschrëttlech keen Erbaarme gewisen: steet d’Haus méi ewéi 2 Joer eidel, misst eng Taxe, also eng Strof bedaalt ginn. Eng politesch Ongeschécktheet déi deenen Dräi weider net opgefall war. An esou goufen si vun der blo-schwaarzer Majoritéit um Knuedler beléiert. Wéi si bis gemierkt hunn, datt si e Bock geschoss haten, wollte si huerteg dee Punkt aus der Motioun eraushuelen, ma d’Blamage war perfekt. Neie Rendez-Vous an engem Joer!
E bësselche Matleed wär duerchaus ubruecht. Ech wëll si net an d’Messer lafe loossen a ginn den Tuyau: liest d’Verfassung! Kuckt Iech gutt un, wat do iwwer d’Proprietéit steet. Ech soe just ee Wuert: helleg!