Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Innepolitik

Geheime casier: Jenni a Menni kéinten dovunner betraff sinn! 

Geheime casier: Jenni a Menni kéinten dovunner betraff sinn!
Image parPete Linforth de Pixabay

et ginn gewësse Parallelen tëscht der Casier- an der SREL-Affaire. Et ginn awer och Ënnerscheeder. De Pech fir de Minister Bausch ass, datt hien déikéier net als Kläger kann optrieden, ma an der Ëffentlechkeet als “Ugeklooten”do steet, wëll heeschen, als Minister, dee fir de Kuddelmuddel muss geruéd stoen. Grad wéi an der SREL-Affaire stellt sech eraus, datt eng Partie Gesetzer nëmmen fir eng bestëmmten Zäit inhaltlech valabel sinn a mussen vun Zäit zu Zäit adaptéiert ginn; dat schéngt besonnesch wouer ze sinn, fir den Dateschutz, deen haut an der Gesellschaft eng vill méi wichteg Roll spillt ewéi virun 30 Joer. Ech gouf dëser Zort Casier d’Attribut “geheim”, well keen bis an der Halschecht vum leschten Abrëll dovunner eppes wosst; verschiddener hate wuel déi eng oder aner Kéier dovunner héieren, ma et wosst keen, datt dësen “inoffizielle” Casier esou regelméisseg déit benotzt ginn!

 

De ganz groussen Ënnerscheed läit allerdéngs doranner, datt an der Affaire vum casier eigentlech jiddereen vun eis ka betraff sinn. Mir erënneren eis, wéi virun 7 Joer bekannt gouf, datt den nationale Geheimdéngscht och Persounen aus der Zivilgesellschaft bespëtzelt huet, besonnesch Leit aus politesch lénke Kreesser, aus Parteien, Gewerkschaften. Rieds goung deemols vun 4000 Dossier! D’Ëffentlechkeet war entsaat doriwwer, ma déi 4000 Dosier woren u sech peanuts am Verglach zu deem, wat eis elo virläit. Do héiert een vu Virstellungsgespréicher,

Image parJonny Lindner de Pixabay

wou um Enn dem(r) Kandidat(in) d’avertissements taxés virgeluecht ginn, déi di betraffe Persoun am Laaf vun hierem Liewen “gesammelt” huet. Iergendswéi schockant! Vill vun eis wäerten sech soen: ” ech sinn e rouege Bierger, hu mir näischt zu Schold komme gelooss, ma, en AT hunn ech och fäerdeg bruecht. So what?!” Esou Virstellungsgespréichr betreffen virun allem d’fonction publique. D’Gesetz fir d’Staatsfonctionnairen ass effektive ganz strikt: Persounen, déi fir d’fonction publique (wëlle) schaffen, mussen tatsächlech integer sinn, ma e Kandidat refuséieren wéinst engem banalen avertissement taxé ass am iwwwerdroene Sënn gläichzestellen mat der berufflecher Doudestroof. Et héiert ee weider vun anere Virstellunsggespréicher, wou der Persoun um Enn Dosende Säiten aus hierem fichier virun d’Nues gehaale goufen. Krass, oder? Wann en AT duergeet, fir an d’Archiv vum fichier ze kommen, dann ass quasi jiddereen vun eis betraff! OCH ECH!

 

Et schielt sech ëmmer méi eraus, datt dëse “geheime” Casier zanter quasi exakt engem Joer keng legal Basis méi huet. Wéisou war dat kengem opgefall? Et stellt sech doriwwer eraus d’Fro, op dat “archiv” vun deem fichier iwwerhaapt jemools eng legal Basis hat? Dovir wier et gutt, wann eng breet politesch Diskussioun kéint lancéiert ginn: wann d’Politik bis all d’Texter a Reglementer geliés a stodéiert huet, géif et duerchaus Sënn maachen, wann d’Parteien géingen an der Eestëmmegkeet fir eng parlamentaresch Enquêtekommissioun stëmmen: virwaat gëtt et dee fichier? Virwat ass e gutt? Zu wat fir engen Zwecker kann hie benotzt ginn? Wéi laang däerfen d’Daten doranner gehaale ginn? Wat soll an Zukunft domatter geschéien?

 

Avirun allem: ween hat bis dato Zougrëff op dës Daten? Wéinst engem banalen AT brauch kee sech ze schummen, ma et kënne jo duerchaus aner Situatioune ginn, wéi eist Beispill um Ufank vun der Affaire (Mëtt Abrëll) gewisen huet: Jugendsënnen, déi een als Erwuessenen net méi onbedéngt géing widderhuelen. An do wäer et ëmsou méi krass, wann bei der Police jiddereen Zougrëff zu dësen Daten sollt gehat hunn. Als eelere Mënsch gehéieren ech mat Sécherheet net zu de Muértentrëppeler, wat den Dateschutz betrëfft; ma och ech soen: et gëtt Limitten, a wann et se net gëtt, da mussen et der ginn!

Dës Iwwerleeungen ënnersträichen, datt et muss zu enger Enquëtekommissioun kommen: et huet een d’Ëffentlechkeet op déi eng oder aner Manéier “bespëtzelt”, da soll d’Ëffentlechkeet och elo doriwwer opgekläert ginn. Polltesch gëtt dat net einfach, well, et handelt sech hei net ëm eng Geschicht, ma ëm eng Affaire! Ma de Politiker, besonnesch deen aus de Reien vun der Majoritéit muss wëssen: et ass besser, esou séier wéi méiglech tabula rasa ze maachen, ewéi d’Saach an d’Längt ze zéien!

Mä, opgepasst: et mécht een Aussoen, déi fréi oder spéider kënnen zeréckschloen: an deem Kontext verweisen ech op de SREL-Prozess am November!!

 

 

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *