De Xavier Bettel ass e Phenomeen fir sech. Hie schwätzt mat de Leit wéi wann hien mat hinnen alleguer an d’Schoul gaange wier, hien hëlt se an den Aarm, dréckt se an ass ëmmer fir e Selfie ze kréien. Hien ass aktiv an de soziale Medien ewéi keen Zweeten, op Whatsapp, facebook, linkedin, Instagram, threads…kee Revéier am Telefonsbësch ass him friem. Neierdéngs ass e klenge Wau-Wau säi personal assistant: de Mupp begleet hien iwwerall mat a steet wéi selbstverständlech am Mëttelpunkt vun der Aktualitéit.
Politik ass kee Spill, sot de fréiere Staatsminister Jean-Claude Juncker, ma dat war gëschter, a gëschter ass eriwwer. Grad gëschter, wou den aktuellen Ausseminister nees eng Schëpp bäigeluecht huet. D’Lëtzebuerger Wort resuméiert et esou am Editorial: Xavier Bettel weiss genau, was ein Bild bewirken kann. Er spazierte inklusive Ehemann und Hund mit Katy Perry und Justin Trudeau, dem derzeit wohl medienwirksamsten Promi-Paar, durch die Altstadt. Ein Photo davon genügte. Am Quebec nennen se e Selfie interessanterweis égoportrait. Dobäi war de Spadséiergang gëschter am Viraus geplangt.

D’Invitatioun war Deeg virdrun un déi Super-Promien erausgaangen, gëschter gouf et als total spontan inzenéiert. Déi Allerwéinegst huelen dem Vizepremier déi Spillereien schif op, esou guer dann, wann hien emol aus der Roll fält. De Xavier , a vollem Asaz, vergësst sech munchmol selwer. Esou kierzlech um Maart vide grenier um Knuedler. Wat de fréiere Staatsminister esou alles wollt verkafen (Fix und Foxi, Mickey Maus, Asterix?) entzitt sech menger Kenntnis, an ass och net weider wichteg- ëmsou méi wou Politiker hir Läiche bekanntlech net um Späicher ma am Keller konservéieren.
Säi Stand war net schlecht besicht. Och eng eeler Damm koum laanscht. D’Anni Scheer, eng Fra vun 71 Joer déi nach gutt drop ass a sech d’Zäit verdreift mat Politik a Gesellschaft: si observéiert a kommentéiert ënner anerem op THREADS. Eng Fra aus der Mëtt vum Vollek, einfach gestréckt, mat der Zong riicht eraus, ouni Schickimicki. Mam Xavier Bettel hat si schonn déi eng oder aner Konversatioun. Also keng Onbekannten an also keng Iwwerraschung, datt ee vun de Leifwiechter vum Vizepremier der Madamm d’Hand gouf. Dat schéngt dem Xav’ net gepasst ze hunn.
Hie sot dem Bodyguard: ech hoffen, dass Du Dir herno d’Hänn wäsche gees! Staarkt Stéck! Dee Saz seet een normalerweis fir eng Persoun déi wierklech knaschteg Patten huet oder déi am iwwerdroene Sënn Knascht u sech pechen huet, fir eng Persoun déi anere Leit geschuet huet, déi d’Hand ausstreckt an an där anerer Hand den Dolch dréit. Hefteg Ënnerstellungen allemol un d’Adress vum Anni Scheer, där Mond an Aen opstoe bloufen. War si iergendwann virdrun dem Vizepremier ze no komm? War beleidegend? Hat si him Frechheete gemaach, sou datt déi Remarque als Retourkutsch ze verstoe war?
D’Madamm Scheer ass natierlech alles aneschters ewéi begeeschtert; si verzielt op Threads hir Geschicht a weist sech enttäuscht vu gewëssene Politiker…

plus deen heite Post

Den Tëschefall huet fir e bësselche Stëbs gesuergt an de soziale Medien. De Xavier Bettel schéngt net wëlles ze hunn, sech ze entschëllegen. wat säi gutt Recht ass, ma wat zugläich weist, datt et och bei de Selfie Ënnerscheeder gëtt.
Faalt nët op Mme Anni Scheer eran wegl…
Si ass nët nëmmen eng aal a léif Fraa wéi Dir méngt, nee si ass leider immens lästeg an iwwergrëffeg.
Wéi den XB 2013 Premier ginn ass huet si en XB-Fanclub gegrënnt an huet séch bei all Geléënheet un hien “erugeschmass”. Dëst weess ech well ech deemols e puer mol dobäi war an si “Live und in Farbe” erlieft hunn. Zum Fremdschämen impertinent an opdrënglech.
Den XB war gedëlleg mat hier (esou gedëlleg wier ech séch nët gewiescht) well si huet terribel vill Brach geschwat. Si haat an hierer Wunnéng esouguer eng Art Altar opgeriicht. Wéinst hierem Fanclub haat si haat och zimlech vill Follower.
No e puer Joer (ech weess de Grond awer nët) do huet si ob eemol genee de Géigendeel behapt vun deem waat si virdrun gepoust huet. Si huet kéng Geléeënheet ausgelooss den XB erof ze maachen a schlecht ze rieden.
Gemunkelt gouf, datt si e Gefale vun him wollt an hien daat refuséiert huet (oder näischt maache konnt). Dono war si di aarm Frächen, déi ongerecht behandelt gouf vum XB, obschonn si di ganz Joeren virdrun op all Dëppefest vun der DP war wou den XB och war an séch bei Fotoen ëmmer an déi éischt Rei gestallt huet.
Duerfir kann ech mir gudd virstellen, datt den XB séch geschuddert huet wéi déi Persoun elo nees opgedaucht ass. Si ass guer nët waat se schéngt…