Recent Posts

Post Categories

Spillt déi jonk Generatioun an der politescher Sandkaul grad mam Feier? 
An enger ganzer Partie Länner gëtt an den nächste Méint gewielt: Frankräich, Spuenien, Däitschland, Italien, Polen, Schweden. D’Prognosen sinn iwwerall...
De Selfist Xavier Bettel 
De Xavier Bettel ass e Phenomeen fir sech. Hie schwätzt mat de Leit wéi wann hien mat hinnen alleguer an...
TNS-ILRES: Wiedergespills mat den Zuelen? 
D’TNS-Ilres entléisst d’CSV mat e puer Datzen an d’Vakanz. Déi konservativ Ministeren kommen am leschte POLITMONITOR gréisstendeels net gutt ewech,...
D’Elektrescht steet ënner Stroum 
Jidderee mécht esou seng Rechnung. Ech zum Beispill hunn an der Kichen 8 Halogene-Luuchten géint 8 LED ersat. Déi nei...

Blog Post

Gesondheet

De Gesondheetssecteur: eng politesch Narkose? 

De Gesondheetssecteur: eng politesch Narkose?
Image par Alexa de Pixabay

Wann ech Iech erzielen, datt ech mäin Assurance-Kontrakt gekënnegt hu fir direkt drop e fuschneien z’ënnerschreiwen, mat hoergenee deenen nämmlechten Dispositiounen a Conditiounen, da géingt Dir héiflech ufänken, u mengen intellektuelle Capacitéiten ze zweiwelen. Dobäi probéieren ech just de Verglach ze maachen mat der Situatioun tëscht der Gesondheetskeess an der AMMD. D’Associatioun vun den Dokter an Zänndokter huet d’Konventioun. mat der CNS opgeléist an ass net bereet, een neien Text mat z’ënnerschreiwen.

D’Gebai vun der AMMD

Et pour cause! Am neien Text stinn exakt déi nämmlecht Saachen ewéi an der aler Konventioun. Dat ass den Dokter zum Dëlpes gemaach: hie kënnegt en Text a soll zugläich deen nämmlechten Text fir gutt heeschen. Nei ass des Astellung vun der CNS nun net wierklech; 40 Joer LSAP-Despotismus hunn hier Spueren am Secteur hannerlooss. An d’Gewerkschafte paddele mat a verdeedegen e System, deen hinnen iwwerproportionéiert Autoritéit gëtt.

D’Reformen am Gesondheetssecteur loossen op sech waarden, si komme méiglecherweis ni un. Grad eng CSV hat an Zäiten vun der Oppositioun grouss Téin gespaut a war sech mat der DP eens, datt een neie Wand misst opkommen. Quasi an der Hallschecht vun der Legislaturperiod kënnt een allerdéngs zur Conclusioun: a Punkto Reformen behält een den Duerchbléck! Bei de Konservativen geet keng Ried méi vun Noutoperatioun fir de System, ma éischter vu Kinesitherapie

D’Demokraten si frustréiert, och a villäicht an der Haaptsaach well eent vun hiren Zuchpäerd zeréck an de Stall gefouert gouf: den Dokter Wilmes ass wéinstens einstweilen politesch kal gestallt. An de Staatsminister räisst sech och net grad drëm, de Gesondheetssecteur zur Chefsaach ze maachen. Ass politesch méi ze verléieren ewéi ze gewannen? D’AMMD frot de 5. Januar bei him eng Entrevue; déi koum och zustanen, allerdéngs réischt den 22. Juni, Stonne vrum National-Tàterätätä. Dat seet jo genuch aus.

D’Mediatioun tëscht de Fronten ass gelaf, Messere gi geschlaff fir direkt no der Rentrée. Eng total nei Situatioun fir de lëtzebuerger Konsensualismus, déi de Virdeel fir d’Dokteren hätt, datt si aus allem eraus sinn. D’Responsabilitéit léich eleng bei der CNS. D’Ministesch Deprez huet zwar Reformen op den Instanzewee geschéckt, ma der AMMD no geet dat ze lues an net wäit genuch. Zu allem Iwwerdross hunn dës Woch d’Analyse-Laboratoiren och hirersäits d’Konventioun op Äis geluecht.

An esou dréit sech alles am Kreess ouni och nëmmen e Millimeter weider ze kommen. D’Dokteren soen, de System wier krank; d’CNS behaapt, d’Dokteren géingen mat hire Fuerderunge iwwer d’Streng schloen an de Patient freet sech, ob Bürokratie ustiechend ass. D’CSV muss Faarf bekennen: zu 100 Prozent um Konventionnement festhalen oder de Monopol vun de Spideeler opbriechen….

 

 

Previous

De Gesondheetssecteur: eng politesch Narkose?

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *