Recent Posts

Post Categories

Europa: Fit fir zesummen an de Krich? 
All Dag steet e Mëllen aus dem Bett op a wëll d’Welt nerven! An der Aviatioun gëllt reegelméisseg Bommenalarm, aus...
The Bering Strait Tunnel: From Intercontinental Link to a Governance Ecosystem 
Dëse Blog gëtt zanter sengem Ufank op Lëtzebuergesch gehalen an zugläich an däitscher an a franséischer Sprooch. Déi lescht zwee...
Cash fir Bores an der Politik 
Déi klassesch Parteien sollen sech. bei der eegener Nues huelen. Reegelméisseg behuelen si sech méi domm wéi et den demokratesche...
Frank Bertemes: Demokratische Nachhaltigkeit 
Tanz den Tanz auf dünnem Eis. So eine Aufforderung, der man tunlichst niemals folgen sollte… Zurecht gilt nämlich diese metaphorische...

Blog Post

Aussepolitik

Europa: Fit fir zesummen an de Krich? 

Europa: Fit fir zesummen an de Krich?
Photo de Aliaksei Lepik: https://www.pexels.com/fr-fr/photo/voyager-decouverte-carte-boussole-17955385/

All Dag steet e Mëllen aus dem Bett op a wëll d’Welt nerven! An der Aviatioun gëllt reegelméisseg Bommenalarm, aus dem Ausland ginn Dronen op strategesch wichteg Flughäfe lassgelooss, onbekannten Informatik-Cracken stiermen d’Brandmaueren am Sécherheetssystem vu grousse staatleche Verwaltungen, vu Klinicken, vu Banken asw. Wéi gesot, et

Photo de Gheorghe Lupan: https://www.pexels.com/fr-fr/photo/silhouette-d-un-avion-atterrissant-au-coucher-du-soleil-32272750/

kann e Mëlle dofir verantwortlech sinn, ma grad esou gutt Spionagedéngschter aus Russland,  dem Iran, jo esou guer aus der Ukrain. Et weess een et net, ma et wëll een sech elo op den Eeschtfall virbereeden; et soll alles klappen wann et beim Stroumausfall zum Domino-Effekt kënnt, an d’Stroosseluuchten verréckt spillen, an de Klinicken och den Noutagregator de Geescht opgëtt, d’Bancomate keng Schäiner erausspäizen, de Ravitaillement an de Supermarché zesummebrécht asw.

Esou Klengegkeeten ginn duerchaus duer, eng national Hysterie auszeléisen! Erënnert Iech un d’Covid-Zäiten. D’Police hat deemools mussen an de Supermarché agräifen, well sech gestridde gouf wéinst….Toilettëpabeier.

Mir wëssen näischt, ma et besteet keng Gefor, sot de lëtzebuerger Premier Luc Frieden e bësselche verdaddert. Ze vergläichen mam Dokter deen zum Patient seet: ech weess net, wat Dir hutt, awer Dir sidd kärgesond. Ma wat soll de Luc och erzielen? Sollt hien eppes méi wëssen, ass dat warscheinlech streng vertraulech an hie muss de Bak halen.

Photo de Bruce Taylor: https://www.pexels.com/fr-fr/photo/noir-et-blanc-signe-enseigne-avertissement-16161088/

Prophylaktesch kritt mol jiddereen e Bichelchen a seng Bréifkëscht gejummt, mat gudde Rotschléi fir 72 Stonnen autonom ze bleiwen. An der Haaptsaach soll fir Iessen a Gedrénks am Katastrophefall gesuergt sinn. An d’Regierung? A Grand-Duc’s? Déi eng op Vichy, déi aner op Cabasson? Wéi reagéiert d’Vollek an esou engem Eeschtfall?. Frankräich ass eis do e Schrack viraus: d’Politik ass sech bewosst, datt den Ament net un e globalen an obligatoresche Militärdéngscht ze denken ass; d’Jugend ass därmoosse géint de Staat opbruecht, datt d’Arméi selwer géing riskéieren, d’Autoritéit ze verléieren. De jonke Fransous ass allemol schwéier z’iwwerzeegen, säi Liewen op d’Spill ze setzen! An de Rescht vum Vollek?

Nieft de wéinege Stacklëtzebuerger ginn et nach iwwer 100 aner Nationalitéiten am Land. Denken déi all d’nämmlecht?

Photo de GMB VISUALS: https://www.pexels.com/fr-fr/photo/homme-visage-portrait-militaire-17028793/

Zéien déi all um nämmlechte Strang? D’Viraussetzung wär jo, datt sech op en Haaptfeind gëeenegt gëtt. Russland? Net onbedéngt sécher, well et ginn och Deeler an der europäescher Populatioun déi éischter pro-russesch agestallt ass. Zugläich ginn et vill Inegalitéiten an der Gesellschaft. D’Elitten denken aneschters ewéi Handwierker. Dat féiert zu Frustratiounen op deenen zwee Borden. D’Confirmatioun gesi mir a Frankräich duerch d’Extreem-Riets an d’Extreem-Lénks, an Däitschland mat der AfD, an den USA koumen d’Kontra-Elitten ëmmerhin duerch den Donald Trump schonn zweemol un d’Muecht.

Zu Lëtzebuerg bleift et roueg. Ma mir sinn net den Nuebel vun der Welt. Et bleift éischter d’Entwécklung ofzewaarden bannent der Europäescher Unioun. De Premier Frieden titelt houfereg op linkedin no engem europäesche Rendez-vous: Europe is strongest when it stands united in defending the values and principle that define us. Kloer huet hie Recht, ma et liest sech esou wéi wann dat nach laang net ëmmer de Fall wier, wéi wann et verschidden Interpretatioune géife ginn vun Demokratie a Solidaritéit. D’Unioun huet sech mat hire verschiddene Charakteren eben ze séier vergréissert an de Risk besteet, datt si sech mëttelfristeg desintegréiert. Wat Sënn mécht: an Zäiten vun Ëmbroch muss fir d’éischt ofgerappt ginn, éier nei opgebaut ka ginn. D’EU als Wirtschaftszon, Top! D’EU als politescht Konstrukt, Flopp! De Compteur nees op null setzen, mat als eenzeg Memberen d’Grënnungsstaaten vun der ablacklecher Unioun.

 

Previous

Europa: Fit fir zesummen an de Krich?

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *