De lëtzebuerger Staat lieft finanziell vun Zigaretten déi déidlech sinn, vun Diesel a Bensinn déi ufänken, ausser Moud ze geroden a vu Steieren déi jiddereen fir sech- an der Pësperkëschtchen- probéiert, ze ëmgoen. Déi Professionell nennen dat Steieroptimiséierung. Esou wéineg ewéi méiglech der Allgemengheet iwwerloossen, wann néideg als Betrib ee Land géint een anert als Haaptsëtz austauschen, fir Milliounen- an op Joer Milliarden – u Steiersuen anzespueren! De Grand-Duché huet op deem Plang ëmmer gutt de Kyrie eleison matgesongen , gouf dowéinst zu engem Steierparadäis a wäert elo bossegerweis eng zweete Kéier dorobber verdéngen, an zwar ganz legal!
Et geet ëm Multi-Konzerner, also ëm där déi gläich an enger Partie Länner aktiv sinn an déi hire Firmesëtz normalerweis an engem Land hunn, aus deem einfache Grond, well si do ze soe keng Steiere musse bezuelen; an et betrëfft just déi Gruppen, déi e Joresëmsaz maache vun op d’mannst 750 Milliounen Euro. Esou Wirtschaftskolossen kréien elo d’Liewe sauer gemaach.
Am Joer 2021 hu sech nämlech 130 Länner op eng Mindeststeier fir dës Betriber gëeenegt. Eng Steier nëmmen fir si eleng, an der Héicht vu 15 Prozent.An anere Wieder: D’Schreckgespenst fir jidder CEO vu Multinational Konzerner! Déi nei Steiererfindung lauschtert op den onschëllegen Dafnumm :BEPS Pillar 2., ma gëtt fir dës Betriber zu enger Zort Halloween am Dauerzoustand, mat als Kiischt um Kuch vill administratiivt Gedeessems; si mussen hier Steiererklärung weider an all Land maachen wou si eng wirtschaftlech Aktivitéit hunn, an déi Deklaratiounen ginn da weltwäit regruppéiert a verrechent. Déi Mindeststeier ass dëst Joer a Kraaft getrueden, ma well d’Prozedur – op d’mannst déi éischte Kéier- därmoosse komplex ass, kruten d’Betriber eng Gaalgefrist vun 18 Méint. Et dierft also nach ronn 2 Joer daueren, ier déi éischt Euro an d’Keess vun den eenzele Finanzministeren gebonzelt kommen!
Zu Lëtzebuerg kéinten esou Multi-Kulti-Gesellschaften drënner falen ewéi d’SES, RTL, Amazon Europe
oder och d’Fusioun vu Chanel mat 47 11 (ArcelorMittal), virausgesat, si bezuelen zu dësem Ablack manner ewéi 15%. Vill där Gesellschaften leien nämlech ënner deem Taux. De Grand-Duché huet scho viru Joerzéngten exklusiv op d’Quantitéit gesat vun esou spezial Besteierungsofkommessen- wéineg Steier awer vill concernéiert Konzerner- nom Motto: klengen Dreck gëtt och Mëscht.
Just fir ze soen: ArcelorMittal mécht e Joresëmsaz vun 68 Milliarden; de Streamingservice Spotify kënnt op 13,3 Milliarden Euro, RTL Group op 6,2 Mia. De Glasfabrikant Ardagh kënnt op houfereg 9,4 Mia, Samsonite mat senge Valissen op 2,7 Mia, de Kosmetikhirsteller L’Occitane op 2,1 Mia asw.
Lëtzebuerg kéint also duerchaus ongewollt eng zweete Kéier mat all dëse Konzerner Suen verdéngen. Eng éischte Kéier mat engem Extra-Accord, wëll heeschen mat extra wéineg Steieren an elo eng zweete Kéier duerch dës nei Mindeststeier. Den Ament ass et onméiglech, konkret ze soen, wat do alles u Suen op d’Steierverwaltung duerkënnt. An dach! En Aarbechtsgrupp hat schonn am Joer 2017 Viraarbecht geleescht, souzesoen als Leckerli fir de Politiker de Mond wässereg ze maachen fir déi nei erfonnte Mindeststeier. Viru 7 Joer war ausgerechent ginn, datt de Planéit géif ëm ronn 155 Milliarden Euro méi räich ginn. E groussen Deel wier fir de klengen Duché!
Déi international Steierexperten koume viru 7 Joer nämlech zu der Konklusioun, datt fir de Grand-Duché tëscht 5 a 15 Milliarden d’Joer déiten eraussprangen! Méi präzis Berechnungen sinn net dran, well ze Villes eng mathematesch “inconnue” ass. Ma esou guer wann een an dëse Previsiounen de Minimum hallwéiert, wier et ëmmer nach e Geldseegen fir d’Land. 2,5 Milliarden zousätzlech Einnamen ass enorm vill fir e butzegt Land, wou d’Recetten am Staatsbudget zejoert 22,3 Milliarden ausgemaach hunn. D’Hallschecht vum Minimum wier also gläichzestellen mat enger Hausse vun den Einnamen vun 10 Prozent.
Aneschters gerechent: d’Hallschecht vum Maximum, also 7,5 Milliarden méi fir de Staatsbeidel. Déi Hausse wier gläichbedeitend mat enger Hausse fir d’Einnamen vun 33 Prozent! De Portemonni vum Finanzministère géing zu engem Schwellkierper ginn, d’Gestioun vun de Staatsfinanzen géif zum einfachste Beruff vun der Welt. An aus där Ursaach geschwënn eng politesch Diskussioun ufänken iwwer wouhinner mat dem ganze Geld?!
De Paul Zimmer plädéiert a sengem Artikel am Blietchen vun der CGFP dofir, datt en Deel vun deene Suen an de fonds de compensation, also an eist nationaalt Pensiounsdëppen getässelt sollt ginn. Firwat net? Do kéinten déi Schäiner a Sécherheet Klenger kréien, sech vermeeren. De Paul Zimmer – bei deem ech mech zerwéiert hunn, wat eng Partie Statistiken betrëfft an dofir Merci soen- geet allerdéngs e geféierleche Schrack méi wäit.
De Mann ass nämlech der Meenung, datt mat zousätzleche Milliounen a Milliarden de Renteproblem geléist wier. Dat ass wuel net ganz falsch, ma zugläich d’Kapitulatioun vun der Politik! Nach éier de Rentendësch esou richteg a Schwonk kënnt, kann ee sech mat enger gëllener Zerwéit de Mond ofwëschen, opstoen an zefridden heem goen. Dat kann, dat däerf et net sinn!
Grad an esou extreme Situatiounen, wou et dem Land grujeleg schlecht oder herrlech gutt geet, ass d’Politik gefuerdert, mat Courage a Phantasie nei Weeër ze molen. Dofir wär et méi ewéi ubruecht, wann d’Regierung géif an den nächste Méint eng Diskussioun ufänken, eng Diskussioun an aller Rou iwwer d’Zukunft vum Land.
En Deel vun de Sue ka roueg an de Pensiounsfong getässelt ginn. Do si se sécher plasséiert. Idem fir den nationale Souveränitéitsfong, wou engem déi bis ewell 50 Milliounen Euro Nei-Investissement pro Joer dach éischter kleesper virkommen.A wéi wär et mat enger neier Politik a Saachen Ëmwelt? A Punkto Landwirtschaft? Oder an der Industrie?
D’Sue si bekanntlech net alles, ma et schued näischt, wann een der huet. Si halen engem de Réck fräi, setzen den Drock erof. Dat ass am Privaten esou an an der Politik net aneschters! Glécklecht Lëtzebuerg.