Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Gesellschaft

Nach eng opbruechte Mamm a Léierin schreift dem Minister Meisch 

Nach eng opbruechte Mamm a Léierin schreift dem Minister Meisch
Image par Михаил Мингазов de Pixabay

 

Luxembourg, de 19. Februar 2021

 

Gudde Moien Här MEISCH,

Ech sinn eng elengerzéiend Mamm vun 2 Kanner an och Léierin, an ech woar no Ärer Noriicht op der spontaner Pressekonferenz, rosen, op déi Non-Kommunikatioun vun Iech mat ALL de Leit déi um Terrain schaffen. Rosen dorop’s, datt Dir net no de Konsequenze vun den Elteren, Léierpersonal (déi och ënnert anere selwer Eltere sinn) a VIRUN ALLEM déi vun de KANNER!

Ech hu mer och d’Fro gestallt; wéi et konnt sinn datt mir ALLEGUERTEN, also ganz Mënschheet op der Welt et bis Mäerz iwwerlieft hunn; an dat ouni MASKEN, ouni QUARANTÄN, ouni TESTER, ouni LOCKDOWN, ouni RESTRIKTIOUNE vun de RESTAURATIOUN, HOBBYEN, REESEN, SPORTSAKTIVITÉITEN a virun ALLEM ouni Restriktioune vun eise Soziale Kontakter?

Wëll sou wéi ech, wësst DIR och datt et „VIREN“ scho säit der Mënschheet ginn an och esou wéi ech, wësst DIR datt eis HYGIÈNE a SANITÄR Infrastrukturen net mat deenen ze vergläichen ass, wéi viru gutt 70 JOER. An awer hu mer et iwwerlieft.

Ech verstinn och net datt am Oktober-November Schoulen op bliwwe sinn, wou bei ëm déi 10.000 Getesteter eng 700-800 Leit positiv woaren. Ech wëll och elo net domat an den Detail goen, wëll dëse Bréif haaptsächlech op de Beruff an op Wuelbefanne vun de KANNER soll goen. Mä just fir ze weise mir woaren de Freide 5.2. bei 10.000 Getester just +/- 180 Positiver an da maacht DIR t’Schoulen zou!

Elo wou, mat ALL deenen Ännerungen fir Mesuren ëm ze sëtzen an eise SCHOULEN an och an eise MAISON RELAIS’en, deen Alldag gutt funktionéiert huet. D’Elteren, d’Léierpersonal/d’Erzéier, a virun allem och d’KANNER hunn e gudde Rhythmus, an eng gewëssen NORMALITEIT, ënnert Restriktioune gewonnen. Mir hate KEE Fall ze mëllen, kee Kand huet missen a Quarantän. An awer ginn och déi Schoulen zou gemaach. D’Resultat vun eisem gudde Fonctionnement ass, wëll mer alles gutt ëmgesat hunn, a mir ALL un ALLEM eis halen, sou wuel an der Schoul wéi och am Private Beräich. Wee sinn Är Experten, wou der ëmmer em Rot frot? Gi DIR an ALL Schoulen emol kucken, oder frot DIR ALL Direktioune fir ze wësse wéi et an den Eenzele Schoulen ausgesäit, datt DIR dann esou eng Entscheedung trefft!

Esou gesäit et net fir mech aus.

Vill Elteren, Léierpersonal/Erzéier, a VIRUN allem KANNER verstinn dat ganzt NET an hunn es genuch! Mengt DIR wierklech et wier einfach Schoul vun Doheem ze halen? Et leeft bei verschidde Famille villäicht gutt, mä et ginn awer och ganz vill Famille bei deenen et net OUNI STRESS an OUNI STRÄIT deen HOME SCHOOLING leeft! Virun allem do wou Elteren elengerzéiend sinn, oder wou méi wéi ee Kand do ass; oder wou Eltere selwer HOMEOFFICE mussen halen! Wéi ass et mat deenen déi just 1 Computer hunn oder just 1 Tablett? Wéi vill vun Ärem Personal woare frou erëm konnten op den Terrain ze schaffen? GANZ vill.

Wësst DIR wéi et ass mat deene Kanner; déi en anere sproochlechen Hannergrond hunn, oder Immigranten, Asylante sinn; oder déi wou Elteren et net esou einfach hunn, déi Fächer mat de Kanner zesummen ze halen, well si se net verstinn, well de System wou déi Eltere matgemaach hunn, total geännert huet esou datt een aus Léierpersoun heiansdo un t’zweiwele kënnt, wann een net all Dag domat ze dinn huet?

Ech denken net, a wann, dann ass et Iech warscheinlech egal. Ech schaffen um Terrain a gesinn, datt all déi Kanner déi Problemer hunn, no deem Lockdown deen un d’Chrëschtvakanz drugehaange gouf, erëm Réckschrëtter gemaach hunn. D’Sprooch ass schonn net duerch déi 3 Méint vum Fréijoer, net befestegt a Sozialkontakter och net, an all kéiers wann déi Kanner emol Fortschrëtter gemaach hunn, komme si no de Lockdowns zréck, a vill vun deem wou se geléiert haten, ass verluer gaangen! Well deen Alldeegleche „Bain de Langage“ hinnen doduerch verluer geet!

Woar et net vun IECH komm, datt MIR esou fréi wéi méiglech mat de Sprooche sollen ufänken, hu mir net an eisem Studium geléiert wéi wichteg Sozial-Kompetenze sinn, fir datt ALL déi aner KOMPETENZEN kënnen erreech ginn?

Seid deem Wansinn mat deem „VIRUS“ gesinn ech net méi datt mir nach wierklech Pedagogik bei de Kanner uwende kënnen, mä et geet haaptsächlech nëmmen nach dorëms fir sech op Mesuren ze fokusséieren. A wa mer denken; „sou lo hu mer e gudde Wee fonnt fir nieft der Hygiène, eis och erëm op eis Praxis ze fokusséieren, an d’Kanner an hirem léieren z’ënnerstëtzen, da geheit DIR erëm alles op Kopp. Och bei de Gewerkschafte gesinn ech ëmmer méi datt et just nach em „VIRE“ ginn a net méi em dat fundamentaalt => Schoulhalen. Ausser ech iere mech, mä esou hunn ech a Moment dat Gefill.

Ech weess och datt fréier, wa Leit krank woaren, déi a Quarantän gesat goufen, awer JUST déi! Wisou da net einfach déi Schoulen déi betraff sinn a Quarantän setzen an déi aner wou säit Wochen net 1 Fall ass ,einfach weider lafe loossen!

Viru puer Woche woar och am Radio riets wéi vill psychologesch Problemer eis Kanner/Jugend, ënnert anerem duerch de Corona hunn, muss dat dann elo nach wierklech weider an t’Luucht goen? Muss Dir deenen aner Länner no maachen, obwuel mer wäit ënnert deem erwënschtem Wäert sinn? Mussen EIS KANNER weiderhin ënner Drock gesat ginn, sou datt se sech fir näischt méi trauen, a souguer ANGSCHT hunn hier Léifsten ze verléieren, duerch VILLÄICHT e falschen Akt vun hinnen, (deen u sech keen ass, deen u sech just vun de Politiker gesat gëtt)?

Dann hunn ech nach en Uleies, am Mee sot DIR selwer an enger Pressekonferenz wéi wichteg et ass datt KANNER de Mond vum Léierpersonal/Educateure GESINN, fir d’Sprooch ze héieren an ze gesinn an dorops hin och ze léieren! A lo maach der et ganz einfach a sot: „Maskeflicht fir déi ganzen Zäit!“ Ech woar der Meenung, datt Dir e Wëssen hutt wat Schoulhalen ugeet, wat Pedagogik ugeet an ech hu gemengt DIR hätt och e Gewëssen. Domat huelt der net nëmmen hier FREED un an t’Schoul goen, mä och hier FREED um LIEWEN, SPILLEN, LEIEREN a ganz Wichteg hier FRËSCH LOFT! Vill Kanner hu schonn esou un KAPPWÉI SCHWINDEL, IWWELZEGKEET, SCHWÄCHTEN asw.. geklot.

Ditt Dir och esou laang Är Mask un, an dat ouni Paus? Wann e Kand Moies de Bus hëlt am schlëmmste Fall 7h, da muss d’Kand Mask scho fir eraus ze goen, d’Mask opsetzen, laut Äre Mesuren déi Dir am September schonn ausgeschwat hutt. Dann Busfaart ka fir verschidde Kanner bis zu enger Stonn sinn, dono direkt an t’Schoul an dann an de Sall, wou si dann tëscht 4 Stonnen a 6 Stonne sinn, hänkt vun de Wochendeeg of natierlech. Da kënnt nach dobäi datt si, wëll d’Eltere jo och schaffe mussen an d’Maison Relais ginn (tëscht 2 Stonnen a 7 Stonnen, deemno wéi de Wochendag ass a wéi d’Institutioun op ass). Fir aner Kanner gëllt et dann erëm am Bus mat der Mask ze sëtzen. Sou wann ech mech elo net verrechent hunn, mëscht dat en Total vun 12Stonne mat der Mask. Wou d’Kand da säin eegenen CO2 anotemt. Dat sinn der zum Deel souguer méi wéi ee wou schaffe geet, deen dann d’Chance huet mam Auto den Trajet ze maachen. Da muss ee jo nach soen, datt de Longevolume vun de Kanner net ausgeräift ass, an dat huet een och an der Biologie geléiert.

Ech kennen och elo keen Erwuessenen dee mat der Mask schafft, dee keng Symptomer huet déi ech uewe schonn ernimmt hunn. A dat sinn elo Symptomer déi ee matkritt, wat ass mat deenen déi een net gesäit? Wéi z.B. Pilzinfektiounen asw?

Vu menger Praxis kann ech Iech soen, datt Kanner een net akustesch héiere wéi se sollen, si léiere NET richteg ze artikuléieren, well se eis Mondbeweegungen NET gesinn. A wat ass mam EMOTIONALEN/NON-VERBALEN Beräich deen Iech am Mee nach esou wichteg woar, déi Mimik ze gesinn, a lo ass et Iech total egal?

Ech hat gehofft, datt no der Vakanz Schoulen erëm op ginn esou wéi se zou gaange sinn an datt Elteren, Léierpersonal/Educateuren a virun allem EIS ZUKUNFT, EIS KANNER manner DROCK gemaach kréien, wat déi sanitär Mesuren ugeet!

Mä de Géigendeel ass de Fall, mir kréie lo nach Schnelltester fir Kanner! Datt se elo nach méi ënner DROCK gesat ginn, datt se elo nach méi AUSGEGRENZT ginn, an dat se lo nach manner Frënn behalen! Dozou hänken ech Iech nach eng Ureegung dobäi.

Mat beschte Gréiss

Eng besuergte Mamm a Léierin (déi hier Aarbecht mat Läif a Séil mëscht)

Den Numm vum Ofsender ass gkonline bekannt. An nach dësen Text ugespéngelt…>

Schnelltest in der Schule.

Stellen Sie sich vor, Sie sind ein Kind. Sitzen in der Klasse, Ihre ganzen Mitschüler sind da. Sie machen alle gemeinsam den Test. Das Testpaket liegt vor ihnen. Die Anspannung ist groß, Sie könnten ja positiv sein…. Nach ein paar Minuten zeigt der Test ein positives Ergebnis anSie sind positivIhre Mitschüler bekommen es mit!Nicht vergessen, Sie sind ein KIND Jetzt geht die Prozedur los! Sie müssen ABGESONDERT werden, die Hotline wird angerufenJetzt heißt es warten bis Sie abgeholt werdenDie Zeit, bis Ihre Eltern oder das MOBILE COVID Team kommt, kommt Ihnen vor, wie eine Ewigkeit!Nicht vergessen, Sie sind ein KIND Tausend Fragen schwirren durch Ihren Kopf, Sie haben Angst ‘Was passiert jetzt??

Das Kind das neben Ihnen gesessen ist, bekommt es mit der Angst zu tun. Denn jetzt könnten SIE es doch infiziert haben!! Gesprächsthema Nr.1.

Was glauben Sie, macht so ein Szenario mit einem Kind??? Wie wirkt sich das auf die Psyche eines Kindes aus???

In den Teststraßen werden die Leute auch getestet und erfahren das Ergebnis später! Stellen Sie sich vor, Sie machen einen Test und dann haben Sie gleich das Ergebnis! Es wird laut durchgeschrien, dass es auch schön jeder hört!! Wo bleibt da der Datenschutz???Wie würde es Ihnen gehen????

 

Related posts

1 Comment

  1. Anne-Marie Haupt

    Merci fir Äere Bäitrag! Et as kriminell wat mat eise Kanner (an och anre Matmenschen) geschitt. Et as un der Zäit, dass jiddereen eenzelnen séng Verantwortung iwerhellt fir sech a séng Kanner an sech zu Wuert meld. An dat och aushällt. Wou bleiwt eise gesonde Menscheverstand? Ech sin net Mediziner, mee hun d’Gefill, e ganze Medizin- an Alternativmedizinstudium säit Mäerz hannert mir ze hun. Ech hu mech ganz vill a breetgefächert informéiert an zäitweis Nuechten duerch gemaach fir ze recherchéiren. Et geet net em iegendeen “Virus”, dovu sin ech mettlerweil iwerzeegt. Kuckt emol dohannert. Jiddereen dierf natiirlech séng Meenung dozou hun an et aanescht gesin. Ech respektéiren dat.
    Wann et engem Gesondheetsministère oder Schoulministère em eis Gesondheet géing goen, géifen sie de Fokus zumindest och drop leen wat mir maachen sollen, fir staark ze bleiwen oder ze gin. Vläit och emol ouni d’Pharmaindustrie. ‘Vulnérabel Leit’ schützen viirun engem ‘Virus’ deen anscheinend emol net isoléiert gouf an enger ‘Pandemie’ op Basis vun engem PCR Test deen de Virus net kann feststellen, fannen ech nemmen nach onsenneg. Mee wou bleiwt dann jidder eenzelnen séng Verantwortung. Leit gin futti gemaach, Existenzen, eis Zukunft, wat léire mir eis Kanner? Selwer denken ob alle Fall net. Et gin mettlerweil emmer méi Geriichtsprozesser am Ausland déi bestätegen, dass mir net würdeg /gesetzeskonform behandelt gin oder besser gesot, eis behandelen loossen. Well jiddereen huet eng Stemm fir auszedrécken wat en sech wenscht oder woumat en net averstan as. Mir schengen dat verléiert ze hun, eis och emol géint eppes auszeschwätzen, ouni direkt mussen ze jäizen. Wou as den neutralen Dialog???
    Informéiert Iech w.e.g. emol iwer den Tellerrand eraus, och iwer alternativ Medien, do laut nämlech eng ganz aner Klack. An vill ! unerkannten Wessenschaftler schwätzen eng aner Sprooch!
    Ech soen Iech nach eemol Merci fir Äere Bäitrag.
    Ech sin frou iwer jiddereen deen an desen Zäiten sech traut, séng Meenung ze soen, och mam Risiko diffaméiert ze gin. Well dat as leider nach emmer de Fall an eiser ‘Demokratie’. Mäi Bréif un d’Regierung gouf ignoréiert, net emol en Accusé de réception war dran.

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *