D’Parallellen tëscht deenen zwee Politiker sinn erstaunlech: deen een war 7 Joer laang President vun der BIL, deen aneren Chef vum grousse Verméigensverwalter BlackRock; allebéid haten eng politesch Vergaangenheet, allebéid goungen vun der Privatwirtschaft zeréck an d’politesch Arena. De lëtzebuerger Premier gouf zejoert um Knuedler vun de Syndikater ausgepaff an ass zanterhier politesch ugeschloen. Den däitsche Kanzler war déi lescht Woch un der Rei beim däitsche Gewerkschaftsbond. Hie war invitéiert ginn fir eng Ried ze schmäissen a gouf ausgebuud; net grad déi fein Manéier, ma et huet geklappt fir de Mann wéi en

Eefalt do stoen ze loossen. An den däitsche Medien gëtt sech d’Fro gestalt, ob de Merz et nach bis de September als Regierungschef packt. Dat fannen ech iwwerdriwwen a geféierlech; sollt déisäits der Musel d’Koalitioun an d’Bréch goen, gewënnt d’AfD bäi an d’Genossen gi fir Joerzéngten an d’Wüst geschéckt.
Déi zwee Politiker sinn an enger extreem sensibeler Zäit un d’Muecht komm. Krich an der Ukrain, Krich am Iran, Israel a
Palästina, Energiekris, komesche Kauz am Wäissen Haus asw; net ze vergiessen déi elektronesch Welt, déi de Bierger manipuléiert – gewollt oder ongewollt- an deementspriechend opwullt. Dat bréngt mat sech, datt de Bierger seng Decisiounen vill méi séier hëlt, an och méi radikal. D’Politik kënnt dobäi dacks schlecht ewech.

Schonn elo gëtt de Merz als politesch Päif betruecht, deen déi Superräich a Schutz hëlt an déi finanziell Léisung an der Mëttelschicht sicht – den DGB mécht näischt aneschters ewéi d’Gesellschaftsschichten géintenaner auszespillen. Bei eis muss de Frieden x-mol widderhuelen, datt den Index a Steen gemeesselt ass, fir datt de Bierger him et och wierklech gleeft; bei eis muss de Frieden eng Tripartite féieren, fir d’Patronat, géint d’Gewerkschaften. Et zeechent sech ëmmer méi of, datt d’Syndikater net op en Accord erpicht sinn. Zitat Nora Back aus dem lëtzebuerger Wort: Mir ënnerschreiwen keen Accord ouni Hausse vum soziale Mindestloun! Messer op d’Broscht gesat; beim onofhängege Gewerkschaftsbond spillen eben och politesch Motiver mat: dës Regierung soll zu Fall bruecht ginn.
De Luc Frieden tabléiert op faktuell Argumenter, datt zum Beispill bis zu 3 Indextranchen bannent 15 Méint plus eng Hausse vum Mindestloun vu bis ewell 120 Euro ville Betriber wäerten d’Genéck briechen, datt d’Aarbechtslosegkeet dowéinst weider klëmmt an datt d’Steierrecetten zeréckginn. D’Genossen versprieche léiwer Manna vum Himmel erof: manner an der

Woch schaffen bei vollem Lounausgläich, eng sechst Woch Congé. Wien seet do schonn Nee, Merci?! D’Rechnung soll op de Béierdeckel goen vun de Superräichen; dat sinn laut internationaler Definitioun Milliardären. Där huet Lëtzebuerg keen eenzegen!
Et zeechent sech gesellschaftspolitesch en Debakel of, deen hoffentlech net antrëtt. Sollt keen Accord zustane kommen, bedeit dat, datt de Grand-Duché net méi ze regéieren ass, et sief et léisst een eng Dräierkoalitioun sech installéieren déi alles duerchwénkt fir Rou am Land ze behalen. Et kascht, wat et kascht!
E Politiker keeft een sech net ewéi e Braderie’s-Kostüm vun der Staang fir hie séier ewechzegeheien! Jo! De Mënsch ännert seng Meenungen ëmmer méi séier, mä muss de Politiker him dat onbedéngt nomaachen? Dat liest sech elo wéi en décke Plaidoyer fir den “nei-ale Luc”, ma dat ass et net. De Frieden huet ganz einfach net déi nämmlecht Sozialantennen zum Vollek ewéi de Jean-Claude Juncker an deementspriechend och net déi nämmlecht Autoritéit .Nieft dëser Feststellung

muss et awer méiglech sinn, zäitgläich op engem aneren Niveau ze analyséieren an ze kommentéieren.. An ech stinn net eleng do mat där Meenung. An dat nämmlecht Holz huet gëschter d’Michèle Gantenbein geschloen mat hirem Editorial am Lëtzebuerger Wort: Es braucht Sozialdialog statt Eskalationsrhetorik.
Als bis ewell eenzeg aktiv Journalistin wot si et, d’Gewerkschaften kritesch ze beliichten: OGBL und LCGB sprechen längst nicht mehr nur wie klassische Sozialpartner, sondern zunehmend wie eine politische Oppositionsbewegung. Oder och nach: Natürlich sind Gewerkschaften da, Druck aufzubauen. Problematisch wird es, wenn der Eindruck entsteht, das Ergebnis der Verhandlungen müsse bereits feststehen, bevor überhaupt verhandelt wurde- Stichwort Mindestlohnerhöhung…..Et ass och an dësem Kontext wou een dem Frieden seng Ried iwwer d’Lag vun der Natioun soll gesinn. Léiwer eppes ze mann soen ewéi ze vill! Dat ass zwar bedauerlech, ma duerchaus ubruecht
Eng Partie europäesch Länner stiechen den Ament am politesche Schlamassel: Frankräich kënnt zanter Joren net aus de rouden Zuelen eraus a wäert wuel vun den europäeschen Institutioune déi néideg Decisiounen musse virdiktéiert kréien; an der Belsch leeft eng hefteg, ma néideg Diskussioun ronderëm den Index, deen nach just bis e Plaffong vu 4000 Euro soll gëllen; a Groussbritannien friessen sech d’Labour an d’Tories selwer op; an Däitschland gëtt eng Politik ouni Orientatioun an ouni Disziplin gefouert…a Lëtzebuerg ass och net méi esou wäit ewech vum Chaos.
Muss dat sinn?