D’Genossenschaft LASEP huet dëser Deeg mat engem Flyer all Bréifkëscht verstoppt. 12 Säiten déck, um Cover eng Hand déi d’Fanger zu enger Fauscht zesummendrätscht, fir eng Rous ze halen. Dat muss bei esou engem pickege Geméis déck wéi doen a fierchterlech bludden. De Flyer ass dann och integral am Roude gehalen an déi geballte Fauscht ass als Wénk ze verstoen, datt déi gréissten, schéinsten an onofhängechste Gewerkschaft hannert der tzozialistescher Cooperative steet. D’Iwwerschrëft: zesummen. De Flyer bréngt mech tatsächlech un d’Nodenken.
Wou sinn se dann zesummen? Wat hu si an de leschten 3 Joer an der Oppositioun zesumme verbrach? De Bilan gesäit éischter moer aus! An och fir d’Zukunft gesäit et net zum Allerbeschten aus, fir déi kleng Trupp op en dénominateur commun zesummenzeschären. Beispill: d’Steierreform. Soll een an den nächste Méint kategoresch dogéint sinn? Wa jo, wou sinn eis Alternativen,Verbesserungsvirschléi? Do ginn et den Ablack op d’mannst zwou Stréimungen an der Partei. .D’Eenheetssteierklass huet allemol viru Joerzéngten am sozialistesche Gaart gekéngt, an déi geplangten Diskussioun am Parlament misst déi rout Kumpanei an de Ring ruffen wéi sengerzäit de Thrilla zu Manila.
Ass de Franz Fayot wierklech de Wirtschaftsspriécher fir d’Genossen all zesummen? Am Flyer verkeeft hien allemol Donut. Dat ass e wirtschaftlecht Konzept, fir sozial Besoine vun all Mënsch ze erfëllen, ouni nei Ressourcen ze verbrauchen, wéi der do sinn. Also Manna vum Himmel? Bis dato huet dat just ee fäerdeg bruecht! En attendant krut de Franz Konkurrenz am Bezierk Zentrum, mat der Plënneraktioun vun der Liz Braz vun Esch an d’Stad.
Mir offréieren Alternativen, léisst d’Fraktiounspresidentin Taina Bofferding an deem Flyer schreiwen, a si behält déi fir sech. Alternativen am Logement? Si kënnt mat deem alen Hutt, méi Bauterrainen ze mobiliséieren. Déi Geleeënheet hätten d’Sozi awer bestëmmt déi lescht 25 Joer gehat, oder? Do ass wuel d’Wonschdenken méi grouss ewéi den eegene politesche Courage.
Allgemeng huet d’LASEP-Fraktioun bis ewell keng grouss Schluechten um Krautmaart gefouert. Wou bleift ee Georges Engel an der Aarbechtspolitik? E Francine Closener an der Schoulpolitik? E Caude Hagen an der Sozialpolitik? Een Dan Biancalana a Punkto Sécherheet? Ëmmerhin ass dee Mann Buergermeeschter vun der Stad Diddeleng! Et kënnt ee bal an d’Versuchung ze behaapten, datt de Mars di Bartolomeo deen eenzegen Oppositiounspolitiker aus hire Reien ass.
Dat mat deem “zesummen” an den eegene Reien fonctionéiert net esou richteg bei der LSAP. Do feelt et un engem Capitan an un engem Spëtzekandidat