Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Divers

Onkathoulesch Engelcher – gëschter an haut 

Onkathoulesch Engelcher – gëschter an haut
Marc Thoma

 

Déi läscht Woch haten mer de Film „1000 Joer“ gewisen an deem 10 Joerhonnerten  lëtzebuerger Geschicht  opgeschafft an filmesch ëmgesat gi sinn.  Den privaten Produzent Erny Koener, wier hien dann an der Gnod vum Film Fund Direkter Daleiden gewiescht, hätt op mannst 3 Milliounen Euro Finanzhëllef krut. Wat net de Fall war. Déi eenzeg direkt staatlech Ënnerstëtzung war déi vum Kulturministère mat ….500 Euro. Am Verglach mat de Film Fund Milliounen fir aner Filmer, eng reegelrecht Frechheet! 

Trotzdeem ass de Film „1000Joer“ mat engem low budged vun knapp 300 000 € gedréint ginn. An nawell ass et dem Här Koener  mat dëser minimmer  Zomm – mat där Anerer knapp e Kuerzfilm gedréit hätten – en historescht, faarwegt, pedagogescht  Billerbuch gelongen.  „1000 Joer” war en groussen Erfolleg an den Kinoen, Kulturzentren an als DVD.

Nach mat engem vill méi kléngen Budget vun genee  56.500 €, ass 2011/12 de Film „Engelcher vu Schëndels“ – deen vum Film Fund  verworf gi war an Null Euro staatlech Ënnerstëtzung  krut –  realiséiert ginn. An och dëse Film war en Succès souwuel an de Kinoen, an de Kulturzentren wéi och als DVD . 

An dat obschonns  2 sougenannten Kultur-Kritiker, déi an enker Relatioun mam Film Fund stoungen, probéiert haten „d’Engelcher“ carrement ze zerstéieren. 

Esou hat een(éng) vun dëse Scriben anonym am Jeudi vum 24. Januar 2013 dëse  Boykottopruff géint „d’Engelcher“ verbrach an d‘Bedreiwer vun de Kinoen opgefuerdert, de Film net ze weisen!

No enger gepefferter Interventioun vum Me. Vogel bei där implizéierter Zeitung (Le Jeudi) fir den anonymmen „Heckenschützen“ entlarvt ze kréien, ass de Numm  schliisslech erausgeréckelt ginn. 

An zwar huet et sech beim (der) Schreiber(in) vun där Hetzschrëft ëm eng employée vum CNA gedréint déi selwer mam Film Fund verbandelt war an dovunner  profitéiert hat. 

Kuckt een sech där Madamm hire selwer publizéierten BeruffsCurriculum un, da fält op , datt si nieft hirer Fonktioun als employée vum CNA  gläichzäiteg fir  privat Produktiounsfirmaen – die Milliounen vum Film Fund kruten – als Zenaristin geschafft huet. 

De Combel awer: déi CNA-Employée war, wéi si selwer schreift  member vum comité de lecture fum Film Fund !! 

Donieft war si als „critique de films“  fir Propaganda an Hofberichterstattung  fir de  Film Fund, dorënner d‘Serie  „routwäissgro“ an d‘Filmland Kielen aktiv. Dann war die Madamm och nach Member vum LARS ( association des réalisateurs et scénaristes luxb. ) an och Member vun verschiddenen  Juryen . Conflit d’intérêt léisst gréissen!

Änlech opgetrueden mat enger Handvoll Kapen um Kapp ass en Här, dee sech  journaliste professionnel, critique  et chroniqueur audiovisuel“ genannt huet . 

Zugläich huet desen Här eng lukrativ  Firma gefouert déi „traductions multilingues“  ugebueden huet. Mat der Iwwersetzung vun Film Szenarien  an doublage an d‘lëtzebuerger Sprooch huet hien fir de Film Fund an gewëssenen Produzenten  geschafft. 

Queesch duerch d’Presseorganer huet hien dann déi vun him iwwersate Filmer an den  Himmel gelueft an anerer, wéi „d’Engelcher“ versicht ze zerstéieren. Conflit d’intérêt wéi aus dem Billerbuch.

Op där anerer Säit gouf et natirlech och seriö, net ferngesteiert Filmkritiker, die  objektiv an fair un d‘Saach erungangen sinn . 

Esou zum Beispill de Filmtipp   aus der Zeitung Woxx  vun der Filmkritikerin Léa Graf

Oder den Wort Artikel vum  Kulturkritiker Laurent Moyse

Komme mir dann zu der eigentlecher  Geschicht vun den  “Engelcher vu Schëndels” déi sech tëscht 1932 an 1934  ofgespillt huet.

Europa ass voll an der Wirtschaftskris. Onstabil Wärungen a Massenaarbechtslosegkeet dreiwen dausenden an dausenden Leit an den Aarmut. Och zu Lëtzebuerg wiisst de Chômage an et geet ville Leit schlecht.

An deem verschlofenen Dierfchen Schëndels, nët wäit ewech vu Koplescht an Miersch  , kënnt an dëse Krisenzäiten en Trio vun onéierlechen Noperen op d‘Iddi  sech um Bockel vun enger 80 Joëe aler, frommer Wittfra duerch kromm Tricken ze beräicheren. 

Déi guttgleeweg Wittfra Katharina Kerzmann  kritt Bréiwer vun den Engelen, der Muttergottes Maria an esouguer dem Herrgott perséinlech geschéckt. 

Wat vläicht als kleng Gaunerei ugaangen ass, gouf séier e skrupellose Bedruch um Bockel vun där frommer Fra. 

Déi Geschicht spëtzt sech ëmmer méi zou an et kënnt zum Drama well den onéierlechen Trio keng Grenzen méi kennt a versicht, der Witfra Hab a Gudd ze ergauneren. 

Am Duerf selwer, zu Schëndels, ass Gras iwwert di tragesch Affär vun den „Engelcher  gewuess a bis haut läit esou eppes wéi eng “chape de plomb” iwwer deem Ganzen.

De Film huet probéiert sech strikt un d’Archivmaterial an Zäitzeien ze halen. 

Un Hand vun de kompletten Akten aus zwee Prozesser war et méiglech, déi Geschicht esou getrei a realistesch wéi méiglech erëm ze ginn . 

Wann verschidden Zenen am Film dramaturgesch iwwerdriwwen schéngen, sou sinn se an Wierklechkeet – no den Dokumenter an Prozessakten ze urteelen ,-éischter nach ënnerdriwwen. 

Jiddefalls Fakt ass; d‘Wierklechkeet ass an dëser Geschicht méi staark wéi d’Fiktioun.    

Hei fir d’éischt eng kleng Fotogalerie, an dann ënnendrënner de link zum ganze Film, deen iwwregens och op apart tv ze gesinn ass.

 

Engelcher asbl
Engelcher asbl
Engelcher asbl
Engelcher asbl
Engelcher asbl
Steve Braun
Steve Braun
Steve Braun
Steve Braun

 

An hei de link zum Film. Vill Spaass a Prost Neit Joer! A passt mir op d’Engelcher op!

Related posts

2 Comments

  1. Frank Bertemes

    Fir elo mol am Film ze bleiwen, wou déi naiv a gutt Fra am Geriichtssall ausgelaacht gëtt: Wat liest een am Neien Testament – wou iwwregens just véier Evangelien “offiziell” vun der Una Sancta Catholica unerkannt sinn, awer vill anerer net (zitéiere mir just d’Thomas Evagelium) : Mt 1,19, texto: Josef aber, ihr Mann (vum Maria natierlech), der fromm und gerecht war und sie nicht in Schande bringen wollte, gedachte, sie heimlich zu verlassen.” Dunn awer koum, nom Matthäus-Evangelium, een ENGEL an d’Spill, deen dem Josef (deen an der Bibel eng reng marginal Roll spillt – hie gëtt nëmme 15 Mol am Neien Testament ernimmt) am Draam erschéngt an him matdeelt: “Fürchte Dich nicht, Maria, Deine Frau, zu Dir zu nehmen; denn was sie empfangen hat, das ist vom Heiligen Geist.”
    Do laacht a kenger Kierch keen ….a voru Geriicht géif och kee laachen!
    Dat just als ironësch Bemierkung zu deem exzellente Film, deen ech mir elo scho fir d’zweet ugekuckt hunn. Meng Félicitatiounen zu deem gelongene Wierk mat ganz wéineg finanzieller Ënnerstëtzung vum Filmfong – une fois de plus een Aarmut au cube!

    1. Guy Kaiser

      Merci Här Bertemes fir dëse Commentaire. “Ganz wéineg finanziell Ënnerstëtzung vum Filmfong”, dat ass méi ewéi diplomatesch ausgedréckt. Et waren ganz genee nul (0) Euro!

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *