Recent Posts

Post Categories

De Selfist Xavier Bettel 
De Xavier Bettel ass e Phenomeen fir sech. Hie schwätzt mat de Leit wéi wann hien mat hinnen alleguer an...
TNS-ILRES: Wiedergespills mat den Zuelen? 
D’TNS-Ilres entléisst d’CSV mat e puer Datzen an d’Vakanz. Déi konservativ Ministeren kommen am leschte POLITMONITOR gréisstendeels net gutt ewech,...
D’Elektrescht steet ënner Stroum 
Jidderee mécht esou seng Rechnung. Ech zum Beispill hunn an der Kichen 8 Halogene-Luuchten géint 8 LED ersat. Déi nei...
Dem Premier seng Ried war ok, deem aneren seng Ried war besser 
De Luc Frieden huet a senger Ried iwwer d’Lag vun der Natioun bäigeléiert. Hien huet net aus der Schoul geplappert...

Blog Post

Kultur

Sproochlexikon: vun “A” ewéi andréngen bis “Z” ewéi zécken 

Sproochlexikon: vun “A” ewéi andréngen bis “Z” ewéi zécken
Photo de Abdus Samad Mahkri: https://www.pexels.com/fr-fr/photo/35088705/

Grad an der Lescht goufen et eng Rei Initiativen,- wéi zum Beispill eng Petitioun an och Artikelen op dëser Websäit – fir der lëtzebuerger Sprooch méi Gewiichtung ze ginn. E  bësselche méi Respekt wannechgelift, et ass ëmmerhin eis Mammesprooch! Dovunner hält jidderee wat hie fir richteg fënnt, ma erstaunlech ass et allemol, datt mir eng schappeg Meenung hunn vun dësem Kommunikatiounsmëttel, vun dëser Ausdrocksweis. Mir denken net driwwer no, mir fleegen et net, an esou schwätzen mir heiansdo e Brach zesummen, datt ee just kann de Kapp rëselen. Ass e bësselchen Houfert op e gefleegten oder fantasieräiche Sproochstyle ze vill verlaangt?

Et ass just en Dialekt, behaapten der net grad wéineg; si maachen op déi Manéier eis Sprooch erof. Grad bei RTL-Radio

Image by Susanne Jutzeler from Pixabay

Lëtzebuerg – eng vun de wéinegen Institutiounen wou exklusiv Lëtzebuergesch geschwat gëtt – leeft do de Kanal 18 reegelméisseg aus sengem Bett. Ouni Virwarnung kritt een dann an den Noriichte verzielt, datt et am Krich Russland géint d’Ukrain “en Andrénge vun Drone gouf”. Déi Persoun hanner dem Mikro war deen Ament wuel sexuell iwwerspaant! Aneschters ass sech dës Vergewaltegung vun der Sprooch net ze erklären! Et kann een net alles aus dem Franséischen an d’Lëtzebuergescht eent zu eent iwwerdroen!

Och net aus dem Däitschen! Do housch et elo rezent um Radio, et hätt e Mann e “Messer gezéckt”! Bass du jauf?! An dat warscheinlech och nach ouni ze zécken. Duerno wäert dee Mann wuel d’Fënster an de Wee op Alzeng ageschloen hunn. Net méi spéit ewéi de Moien si meng midd Guckelcher wéi Bläikugelen an d’Tréinesäck gerutscht, wéi si op rtl.lu ze liese kruten: “den Attentat zu Berlin war eng abscheilech Dot” Do nschuddert een sech. Dës Beispiller si Grammatik,Vokabular a Style vun enger Generatioun, déi d’Nationalsprooch an der Schoul sollt bäibruecht kréien. Dat versprécht lëschteg Zäiten!

En aneren Här op der RTL-Lokalsäit ass leider verstuerwen “no Kollisioun mat Bam”. Och dat hätt ee kënnen aneschters an den Äther schécken. An d’Kaprioule vun eiser Sprooch verlaangen, datt ee seet: de Chauffeur war an e Bam gerannt, an net widdert oder géint e Bam. RTL huet laut cahier des charges eng kulturell Verpflichtung, Gehéiert eis Sprooch net och dozou? Kultur besteet net (nëmmen) aus enger grousser Merde an engem lëftege Musée fir d’Quiquis.

Besonnesch um Radio sollen de Journalist an de Moderator hir Sprooch fleegen; si hu sos näischt aneschters als Handwierksgeschier. Sech distinguéiert ausdrécken -also geschwolle parléieren ewéi e Bretzaasch-, ass dee falsche Wee; do komme gären esou Topegkeete vir ewéi: “et goufe rassistesch Schrëftzich festgestallt”! Wat soll dee Quatsch, ausser ze beweisen, datt een seng Sprooch net gären huet?!

Am Gesondheetssecteur gëtt ëmmer méi Lëtzebuergesch geschwat…….behaapten allemol déi verschidde Ministeren. Perséinlech hunn ech éischter d’Erfarung gemaach, datt do dacks eng Sprooch geschwat gëtt déi een op Gooogle Translate muss wäit siche goen. D’Santé kritt iwwregens eng Datz. Déi Verwaltung huet op engem Flyer tatsächlech dëse Saz accouchéiert: “bevir Dir an d’Urgence gitt, denkt un d’maison médicale”. Bevir? Nach ni eppes héieren vun “ier” oder “éier”? Esou Formulatiounen sinn den Uz gemaach! Mä nohir ass ee bekanntlech ëmmer méi schlau, gelldiert.

Et ass scho Schued, datt mir eng esou schlecht Meenung hu vun eiser Sprooch; am mannsten verstinn eis doranner d’Auslänner. Ma et reecht fir haut. Genuch kregéilt! Mat Uech a Kruech wäerte mir eis scho verstoen….

Previous

Sproochlexikon: vun "A" ewéi andréngen bis "Z" ewéi zécken

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *