
Zwee Joer sinn et hier, datt dem Gast säi Kierper deciéiert huet, dës Welt ze verloossen. Sollt ech him- par l’impossible- nach eemol begéinen, géing ech him d’Remark maachen, datt hien express op engem 2. November vun eis gaangen ass; ze grouss war seng Roserei op d’kathoulesch Kierch wéi allgemeng op d’Reliounen, deenen hire fonds de commerce sech op d’Geschäft mat Liewen an Doud konzentréiert. Live and let die!
De Vullegast bleift dem Vollek an Erënnerung mat esou deftegen Aussoen ewéi: et ass fir ze katzen; an der Magistratur ginn et ze vill Vaginen asw, haut feelt hien an eiser Gesellschaft mat sengen Iwwerleeungen. Wat hätt hien zum Beispill ze soe gehat, fir d’Ofdreiwung an d’Verfassung aschreiwen ze loossen?
Dem Gast seng léifste Schrëftsteller waren Dostojevski an Nietzsche an elo, op sengem zweeten Doudesdag kënnt e Buch eraus iwwer hien, an zwar ëmmer am Kontext, aus der Siicht vun deenen zwee Auteuren. L’homme sans

essence: penser avec Gaston Vogel. De Christian Junck huet et geschriwwen, selwer Jurist a mat himm hunn ech dësen Interview gefouert.
GK: Ären Essay iwwer de Me Vogel an iwwer seng Persoun ass schonn aussergewéinlech. Dir probéiert dem Lieser den net oncontestéierte Personnage Vogel via zwee Schrëftsteller méi no ze bréngen, fir säin Denken, seng Launen, seng ètats d’âme besser ze verstoen. Wéi ass et zu där Iddi komm?

Wéi dee philosophesche Kär bis stoung, hu vill vu senge Remarken an Aussoen, déi mir virdrun heiansdo isoléiert oder aus dem Kontext erausgerappt virkomm sinn, op eemol e vill méi kohärent Ganzt erginn.

De Mënsch déen dier Bös-Mensch nennt, dee permanent tëscht Widderspréch hin- an hiergerappt gëtt, ass genee dat, wat ech aus dem Gaston Vogel sengen Texter a Bréiwer erausgelies hunn. An domat si mer natierlech matzen am Dostojewski sengem Liewenswierk. An engem vu senge leschten Interviewen huet de Vogel jo nach gesot, datt Bratja Karamasowy, wéi hien d’Buch mam russeschen Titel genannt huet, säin absolutt Liiblingsbuch wier. Déi dräi Bridder sinn am Fong d’Paradebeispill vun där mënschlecher Zerrassenheet, vun de Widderspréch, déi an eis alleguer stiechen.
Wärend an der westlecher Philosophie oft no enger leschter Substanz, engem onverännerleche Wiesen hannert de Saache gesicht gëtt, steet an der chineesescher, besonnesch der daoistescher Traditioun de permanente Wandel am Mëttelpunkt. Näischt ass definitiv festgeluecht, alles ass a Beweegung. Dat weist sech och am Prinzip vu Yin a Yang, wou Géigesätz sech net einfach ausschléissen, mee sech géigesäiteg bedéngen an anenee verwandelen.

