Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Innepolitik

Klimapak: tëscht Quantesprong an Hopsert! 

Klimapak: tëscht Quantesprong an Hopsert!
Image par Pixource de Pixabay

vill gouf och gëschter net vun deene Gréngen Carole Dieschbourg a Claude Turmes bekannt! Bannent zwou Wochen zweemol an der Aktualitéit, ouni pikant Detailer iwwer dee geplangte Klimapak mattzedeelen. Do ass System derhannert. Et gehäit ee mol e Steen an d’Waasser an da waard een of, wéi grouss d’Wellen doropper ausfalen, d’Wellen an de soziale Medien, d’Wellen vun der Wielerschaft; well déi Gréng – déi vu sech selver behapten, déi besser DP ze sinn- wësse genee, datt hir Gewënner bei de leschte Wahlen zu engem gudden Deel op CSV-Wielerschaft zeréckzeféieren sinn, Leit, déi normalerweis schwaarz wielen an déi an der leschter ligne droite op gréng eriwwergelaaf woren. Esou eng Wielerschaft ass besonnesch volatile a muss bei der Staang gehale ginn, wëll heeschen, si däerf net virun de Kapp gestouss ginn mat Moosnahmen, déi entweder däischter gréng sinn oder déi schlecht ze vermëttele sinn. Dovir pobéieren et Turmes an Dieschbourg mam Drëppercheszieler: fir d’éischt, eppes Klengs bekannt ginn, an da mol ofwaarden.

 

esou soll d’CO2-Steier kommen, an 2 Joer mat 20 Euro pro Tonn, 2 Joer drop mat 30 Euro. Domatter fänkt een net esou vill unn! Wat bedeit dat fir den Auto, op deen déi meescht berufflech ugewise sinn? Wat bedeit et fir d’Aviatioun? Fir d’Heizungsinstallatioun, besonnesch fir déi mat Mazout? Den Turmes huet just gemengt, datt de Woon natiirlech wäert dovunner betraff sinn, wëll heeschen, datt een Auto manner Energieefficace ass, datt säi Chauffeur méi dovir bestrooft gëtt. Prinzip: pollueur/payeur! Dorobber ware mir agestallt. Ma et feelt e Chiffer, e Prozentsaz! Dat gouf mat Absiicht gemaach, fir mol d’Echoen aus dem (Wieler)Vollek ofzewaarden. An do gouf scho mol direkt gutt opgedëscht an de Kommentären op rtl.lu. Vill, wann net déi meescht, hu sech fatzeg Loft gemaach, wat sech ze erwaarde war, mä et gëtt ofgewaard, ob d’Zuel vun den negative Kommentären a Grenze bleiwt oder op d’Vollek zum allgemengen Hallali géint déi Gréng bléist.

Datt déi nei Haiser sollen Passiv-Haiser sinn, war grad esou en non event, ëmmerhinn sinn esou Constructiounen schonn zanter 2 Joer obligatoresch, ma iwwer déi gëtt sech souwisou genuch opgereegt: extreem Brandgefor, Schimmelpilz, waat un Heizung gespuert gëtt, geet an elektresch Apparater etc. Wat virun allem awer gëschter gefeelt huet, ass, de Leit matzedeelen, wat mat de Suen geschitt, déi de Staat zousätzlech erakritt. Do hätt een der Ëffentlechkeet wéinstens ee Projet musse presentéieren, e Projet, dee Sënn mécht, deen d’Leit iwwerzeegt, datt hiert Geld net à fonds perdus ass. Zum Beispill, wéi verschidde Kommentateuren proposéieren, 650.000 Beem ze planzen, also ee pro Awunner. Oder eng grouss Photovoltaik-Anlag…

de Claude Turmes huet op en Neits vun engem Quantesprong geschwat. Et bleiwt eis näischt aneschters iwwereg, ewéi d’Detailer an den nächste Méint ofzewarden. Dat, wat gëschter der Ëffentlechkeet bekannt gouf, war héchstens en Hopsert! Déi Gréng mengen, de Klimapak wär de wichtegste Projet an dëser Legislaturperiod. A wéi ass et mam Wunnengsbau? Ëmmerhinn ass op deem Ponkt d’Gegrommels aus dem Vollek am Laf vun de leschte Joer net méi ze iwwerhéieren. Et stëmmt par contre datt de Klimapak de wichtegste Projet ass fir déi gréng Partei: entweder si huet um Enn tatsächlech eppes opweises, wat Sënn mécht, wat vum Vollek matgedroe gëtt a si ka sech feiere loossen, oder awer si gëtt a 4 Joer ofgestrooft a fält zeréck an déi politesch Bedeitungslosegkeet!

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *