De Professer Dokter Romain Seil verléisst Lëtzebuerg, Bis dato ass hien orthopedesche Chirurg am Centre hospitalier, an 3 Méint fänkt hien en neit Beruffsliewen un am Qatar. An dat gëtt zanter Wochen op der Place publique, mä an der Haaptsaach an den Dokteschkreesser kommentéiert. Ënner dem Stréch ass eng Majoritéit -och vu senge Beruffskolleegen- dovunner iwwerzeegt, datt d’Affär Wilmes mat eng Roll spillt. Si géif dem Här Seil sauer eropstoussen, hie wéilt seng Rou hunn asw.
Dat héiert sech och alles ganz plausibel un, mä ass dat wierklech esou’? Do freet een am Beschten bei der betraffener Persoun no. An enger Mail dementéiert hien kategoresch, datt do iergendee Lien besteet zu der Geschicht Wilmes; hie wier schonn zanter e puer Joer e sougenannten “visiting. surgeon” an där weltbekannter sportsmedezinescher Klinik Aspetar zu Doha, an anere Wieder,:hie war déi lescht Joer vun Zäit zu Zäit “Invité” an där Klinik an duerft och do operéieren.

Scho viru 5 Joer wollten si hien ganz dohannen hunn, ma dat soll aus verschiddene Grënn.net geklappt hunn. Elo hätten si zu Doha en neien Ulaf geholl an de Lëtzebueger hätt acceptéiert; ëmmerhin géing hien d’Leit an d’Strukturen dohanne kennen. Bleift nach d’Fro: wisou grad elo an engem geopoliteschen Ëmfeld, dat alles aneschters ewéi sécher, éischter beonrouegend ass? Do äntwert de Romain Seil: ech kennen (…) och dat geopolitescht Ëmfeld ganz gutt, dofir si meng Familljen an ech net wierklech beonrouegt
Dat gleeft een oder och net, ma d’Explikatiounen sinn wéinstens zm Deel iwwerzeegend. Esou eng Offer fir medezineschen Direkter an esou enger renomméierter Klinik ze ginn, kritt ee schliisslech net all Dag op den Dësch geluecht. Fir en orthopedesche Chirurg ass dat d’Kroun opgesat! Hien ass allemol formell a schreift: mat der Affär Wilmes huet dat deemno definitiv näischt ze dinn.
Hei de Communiqué vu senger Klinik zu Lëtzebuerg, dem centre hospitalier: CHL-Communique-23.09-Dr-Seil-Aspetar
De Mann huet sech mir vis-à-vis explizéiert, ech huelen seng Aussoen zur Kenntnis Éischter ongeleeën goung ausgerechent haut e Courrier fort un d’Gesondheetsministesch, mat Kopie ënner anerem un déi 60 Deputéierten. Den Auteur vun deem Bréif ass eng Sportlerin, eng Judoka, déi méi wéi eng Kéier op internationalem Plang aktiv war.. Déi Fra war mam Knéi geplot a si hat sech vum Dokter Seil operéiere gelooss.

18 Méint drop an no weideren chirurgeschen Agrëffer goung et hir net esou richteg besser a si hat sech bei zwee aneren Dokter een zweeten Avis gefrot; operéiert gouf si schliisslech vum Dokter Wilmes an d’Operatioun war en Erfolleg. D’Judoka betount dat a mécht sech zugläich zousätzlech Gedanken. Zum Beispill wat d’Chronologie vun hirem Dossier betrëfft.
Den 9. Dezember zejoert wosst den Dokter Seil, datt si 10 Deeg drop géing vum Dokter Wilmes operéiert ginn. De 15. Dezember hätt den Dokter Seil den Dokter Wilmes eim Collège médical signaléiert, mam Virworf, Interventiounen ze maachen déi net misste sinn. Den 18. Dezember, also den Dag virun der OP gouf si aus dem LIHPS ausgeschloss, ouni Explikatioun oder Motivatioun.bei dësem LIHPS handelt et sech ëm en Institut, dat den Héichleeschtungssportler zur Säit steethttps://lihps.lu/ Eng professionell Ré-éducatioun war also net méi méiglech.
Derbei kënnt, datt et dem Dokter Seil seng Note iwwer dës Patientin an zwou Versioune gëtt. Allenzwou sinn se datéiert op den 9. Dezember, déi eng Moies 11 Auer 22 an déi aner op Mëttes 13 Auer 42, an do ass dëse Passus fale gelooss ginn: (…)j’estime qu’une relation sereine patient-médecin n’est plus possible et je ne souhaite plus revoir cette patiente. Par ailleurs, au vu du manque de compliance et une perte de confiance mutuelle, un suivi futur auprès du LIHPS me semble difficile de mettre en place.
D’Sportlerin ass entsat:je trouve grave qu’un dossier médical puisse être réécrit ainsi. C’est mon dossier. Il me concerne. Fakt ass: hei gouf eng medezinesch Note nodréiglech geännert a gouf weiderhin als Original gehandelt. Déi éischt Versioun dréit den Datum vum 9. Dezember zejoert, um 11 Auer 22; déi Zweet ass wuel nach ëmmer op den 9. Dezember datéiert, ma d’Modifikatioun gouf den 20. August 2026 um 13 Auer 42 gemaach. Déi Éischt goung un de Collège médical, déi Zweet 8 Méint méi spéit un d’Sportlerin.
War den Dokter deen Ament mat de Gedanken anzwousch aneschters? War hien sech net bewosst, datt et sech ëm Fälschung vun engem Dokument handelt? Et ass op d’mannst eng indélicatesse vis-à-vis vun der Judoka déi mat dësem Bréif en neien Ulaf geholl huet fir vun der Gesondheetsministesch endlech Äntwerten ze kréien. CSV opgepasst: de Patient steet nach ëmmer am Mëttelpunkt!! Weise gëllt.