Recent Posts

Post Categories

Frank Bertemes: Problem Rotationsprinzip 
Nach der Lektüre des rezenten Interviews mit den beiden emsigen, doch nun (leider) rotierenden Abgeordneten der Partei „déi Lénk“ im...
Spillt déi jonk Generatioun an der politescher Sandkaul grad mam Feier? 
An enger ganzer Partie Länner gëtt an den nächste Méint gewielt: Frankräich, Spuenien, Däitschland, Italien, Polen, Schweden. D’Prognosen sinn iwwerall...
De Selfist Xavier Bettel 
De Xavier Bettel ass e Phenomeen fir sech. Hie schwätzt mat de Leit wéi wann hien mat hinnen alleguer an...
TNS-ILRES: Wiedergespills mat den Zuelen? 
D’TNS-Ilres entléisst d’CSV mat e puer Datzen an d’Vakanz. Déi konservativ Ministeren kommen am leschte POLITMONITOR gréisstendeels net gutt ewech,...

Blog Post

Gesondheet

Jugenddreem vun enger CSV-Deputéierten 

Jugenddreem vun enger CSV-Deputéierten
Françise Kemp csv.lu

D’CSV-Deputéiert Françoise Kemp ass nach jonk an deementspriechend onbefaangen. Dat halen ech hir zegutt a soe Merci fir hire Video op facebook. Ech hat scho laang net méi sou gutt gelaacht, D’Madamm trotert nämlech lëschteg an d’Kamera, datt fir hier Partei alles kloer ass an der Gesondheetspolitik: de Patient steet weiderhin am Mëttelpunkt an d’Waardezäiten  an den Urgencen missten erofgesat ginn (Hilarité générale) Dat ass Wonschdenken, wäit ewech vu Realpolitik!

https://bit.ly/478suPY
Ech hu scho viru Joren drop higewisen, datt et an den Noutdéngschter munchmol zougeet wéi an enger réimescher Arena. Wann et ganz schlëmm kënnt, gëtt eng Triad organiséiert:
déi meescht Patienten ginn heemgeschéckt, nëmmen déi ganz uerg Fäll kommen un d’Rei, respektiv, et ginn déi versuergt, wou iwwerhaapt ee spezialiséierten Dokter sur place ass.
An do passt dem Marc Klees seng  trauereg Erfarung mat eise Spideeler wéi d’Fauscht op d’A. Hien huet dozou e längere Post  op FB gemaach, deen ech hei mat sengem Accord publizéieren
Eng ganz seriö Fro un eis Gesondheetsministesch – wat ass hei nach normal?
Den Mëtten vum 17. September 2026 ass mengem Meedchen eppes an d’A geflunn. Am Laf vum Owend huet sech säin Zoustand verschlechtert: Kappwéi, staarkt Brennen am A an d’A huet ugefaangen, rout ze ginn.Well een zu Lëtzebuerg bis zu 6 Méint op e Rendez-vous beim Aendokter waarde muss, hu mir decidéiert, keng Risiken anzegoen an direkt an d’Urgence vum CHL ze fueren.Meng Fra ass mat eisem Meedchen géint 20:00 Auer an der Urgence ukomm.D’Urgence war zu deem Zäitpunkt extrem voll. Et gouf en Triage gemaach an, wéi meng Fra et erlieft huet, goufen och ganz vill Patienten nees heemgeschéckt.Bei eisem Meedche gouf awer gesot, datt et onbedéngt en Aendokter misst gesinn.
An elo kënnt dat, wat fir mech einfach net verständlech ass:
👉 Et war keen Aendokter op der Plaz.
👉 Et gouf gesot, et misst een een uruffen.
👉 Mäi Meedche krut e Medikament géint d’Péng.
👉 Si hu weider gewaart.
👉 An eréischt géint 02:00 Auer, also no ronn 6 Stonnen, krut meng Fra gesot, datt mäi Meedchen nees heemgoe soll, well keen Aendokter do wier.
D’Léisung?
Den 18. September tëscht 09:00 an 17:00 Auer op de Kierchbierg an d’Spidol fueren, well do en Aendokter am Déngscht wier.
Wéi lang warden mer dann do an der Urgence 1 Stonn oder 2,3,4,5,6, oder 8 Stonnen?
Ech froen mech ganz éierlech:
Wéi kann et sinn, datt eng Urgence feststellt, datt e Mënsch onbedéngt en Aendokter muss gesinn, awer gläichzäiteg kee Aendokter disponibel ass – an dat eréischt no sechs Stonnen definitiv gekläert gëtt?
Wat wier geschitt, wann et sech ëm eng méi schwéier Aeverletzung gehandelt hätt?
Wéi vill ähnlech Fäll ginn et?
Wéi vill Patienten mussen an esou Situatiounen nees heemgoen, well déi néideg Spezialversuergung net zur Verfügung steet?
A wéi gëtt kontrolléiert, ob esou Situatiounen an de Spideeler korrekt gehandhabt ginn?
Ech wëll hei net behaapten, datt duerch esou Fäll Leit gestuerwe sinn, well dofir misst et offiziell Beweiser an Zuele ginn. Mä genee dat ass meng Fro:
Ginn et offiziell Donnéeën iwwer esou Fäll? Goufen dës Situatiounen ënnersicht? A wa jo, wat gouf dorunner geännert?
Et kann net sinn, datt ëmmer eréischt reagéiert gëtt, wann eppes ganz schlëmm ausgeet.
An ech wëll och kloer soen: Dëst ass keng Attack op een eenzelen Dokter oder een eenzegt Personal. D’Personal an den Urgencen schafft ënner enormem Drock a kann net fir eng schlecht organiséiert Struktur verantwortlech gemaach ginn.
Mä d’Fro geet un déi Verantwortlech fir de System.
Mir schwätzen hei vun engem Gesondheetssystem, deen am Noutfall funktionéiere muss.
Wann e Mënsch akut e Problem mam A huet an d’Urgence seet, datt et onbedéngt en Aendokter muss gesinn, da muss et och eng funktionéierend Léisung ginn, fir datt dëst geschitt.
A genee do erwaarden ech Äntwerten an net Ausrieden.
An nach eppes:
Fir normale Bierger schéngt et heiansdo, wéi wann een an enger Noutsituatioun Stonnen waarde muss, iergendwéi duerch de System ze kommen an um Enn nach selwer no enger Léisung ze sichen.
Dofir meng Fro un déi Responsabel:
Wäert dëse Gesondheetssystem endlech eescht geholl an op esou Problemer reagéiert ginn? Oder musse mir als Bierger waarden, bis eppes geschitt, wat net méi réckgängeg ze maachen ass?
Ech fuerderen Transparenz, Verantwortung an eng konkret Verbesserung vun der Noutversuergung.
Et geet hei net nëmmen ëm mäi Meedchen.
Et kéint muer Äert Kand sinn oder Äer Eltern.
(deelen erwënscht)
Eng Partie pertinent Froen also vum Marc Klees. Ech ginn dovunner aus, datt d’Madamm Françoise Kemp se weiderreecht un d’Ministesch. Fir eis richteg ze verstoen: deen allgemenge Chaos am Gesondheetswiesen koum net vun haut op muer, ma ass lues a lues entstanen am Laf vu 40 Joer LASEP-Herrschaft. D’Martine Deprez ass zanter zwee Joer nei Cheftaine a si konnt onméiglech déi ganz Wull an där Zäit opraumen; allerdéngs hunn ech och net grad d’Impressioun, wéi wann si déit richteg Gas ginn. Huet d’Françoise Kemp genuch Courage, hir dat ënner d’Nues ze reiwen,, e bësselche Feier ënner den A….h ze maachen? Ech géing hir et wënschen….
 ,
Previous

Jugenddreem vun enger CSV-Deputéierten

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *