Zu de Fakten: e leschte Samsdech war Halli-Galli op der stater Theaterplaz, do wou fréier an der

Festungsstad d’Bréidercher gebak goufen. Eng 30 Strummerten haten sech am Laf vum Moien do breet gemaach., mat vill Kaméidi, mat vill Knascht, mat Onrou och ënner de Visiteuren vum Parking. Den CSV-Schäffen Laurent Mosar deen zoufälleg zu deem Ablack an deem Eck vun der Haaptstad ënnerwee war, huet Neel mat Käpp gemaach; den Hygienendéngscht gouf geruff an den Inneminister Leon Gloden an d’Bild gesat. 8 Polizisten ware kuerz drop am Asaz.
Zu der Explikatioun: op der Theaterplaz war ëmmer vill lass, grad déi lescht Méint awer war et bedeitend méi friddlech ginn, bedéngt duerch verschidde Moossnamen vum Gemengerot. Wat also war d’Ursaach fir déi iwwerdimensionéiert Präsenz vu Strummerten? Nun, am Schäfferot waren se op d’Iddi komm, de “Sozial Bistro” op den Eecherbierch ze plënneren. Dat ass zwar kee richtege Bistro, ma et kritt een do eng Taass Kaffi ze drénken, och e Maufel z’iessen a virun.allem, et kann ee sech do ënnert sengesgläichen austauschen.

Dat schéngt ze gefalen an esou kommen ëmmer méi Strummerten op déi Plaz, grad esou aus dem Rescht vum Land an aus dem franséische Grenzgebitt. Et sollt sech als déi falsch Decisioun erweisen, de bistrot social esou no un déi souwisou problematesch Theaterplaz erunzebréngen Eng Schnapsiddi eigentlech, och wann d’Sozialschäffen Corinne Cahen sech net ze schued war, eng Stënnchen do zerwéieren ze goen a cool Photoen dovunner an d’sozial Netzwierker ze pechen. D’Bud also ëmmer voll, och op deem Samsde wou sech allerdéngs eng Partie Visiteuren belästegt gefillt hunn.
Neierdéngs sollen d’Polizisten zweemol am Do den Eecherbierg eropstiermen an dem Theater een Enn maachen. Och den Hygienendéngscht soll méi dacks do passéieren. Et wëll een eben den Theaterparking als Visittekäertchen oppoléieren, respektiv seng eege Feeler ënner den Teppech kieren.