Summergedanken 2: d’Welt op d’Kopp gestallt

2
801
Photo de Nitin Dhumal: https://www.pexels.com/fr-fr/photo/lunettes-de-soleil-lentille-rouge-sur-le-sable-pres-de-la-mer-au-coucher-du-soleil-photographie-mise-au-point-selective-46710/

ePatron op der Plëss d’Arem huet mir säi Leed geklot, wéi schwiereg et dach haut ass, e Serveur ze fannen. Et haten sech der wuel vill bei him gemellt, ma et waren elauter Spezieller. Een hat sech direkt nom éischte Schaffdag duerch d’Bascht gemaach, an zwar mat der Keess; een aneren hat no 24 Stonnen e Krankeschäin gefaxt: schwéier Depressioun fir op d’mannst zwee Méint! A schliisslech nach de Kandidat, deen onbedéngt beim Patron wollt schaffen….awer just am Rhythmus vun 10 Moies bis 4 Mëttes. Ausgerechent am HORESCA-Secteur!

Wikipedia

Där Deeg krut de Patron eng Livraisoun bruecht. De jonke Borscht huet d’Këschten virun d’Dir gestallt, refuséiert, si an d’chambre froide ze droen, well an den Trapen kéint ee falen a sech Bobo doen. De Patron huet seng Roserei ënnerdréckt, blouf manéierlech, ma huet dach de Spunnes gedriwwen. Méi spéit huet hien der Gesellschaft vun der Liwwerung ugeruff fir sech ze beschwéieren. Et gouf vu Patron zu Patron geschwat, mam Resultat datt de Restaurateur sech misst beim jonke Kärel entschëllegen, am anere Fall géing deen déi nächste Kéier d’Tournée op d’Plëss d’Arem refuséieren! D’Welt op d’Kopp gestallt! U sech kee Wonner, bei enger Aarbechtslosegkeet vun nëmmen 4,7 Prozent.

Krich an der Ukrain. Wat si mir frou, datt et Waffe gëtt, well ouni Waffen kéinte mir deem Land net a senger mäerderescher Ausernanersetzung hëllefen, net dem Putin de Bass halen. Eng Waff ass zwar näischt Guddes, an nawell muss een der hunn fir de Fall wou. Gréng Pazifisten-Ideologie gouf vun der Realpolitik nees eng Kéier lénks a rieds iwwerholl. Iwwerspëtzt formuléiert: glécklecherweis huet d’Militärindustrie sech déi lescht Joerzéngten weider entwéckelt, nach méi satanescht Geschier op de marché bruecht, well nëmmen esou kann de Russ an der Gitt gehale ginn!

A wat war dat déi lescht 20 Joer e Spektakel all Kéiers wann festgestallt gouf, datt eist nationaalt Pensiounsdëppen e puer Milliounen Euro an e Finanzinstrument investéiert hat, dat de loin ou de près an d’Militärindustrie involvéiert war. Kënnt elo de Paradigmewiessel an dee fonds de compensation gëtt obligéiert, a militärescht Geméchels ze investéieren? Schliisslech sinn d’Waffen eis Rettung virum béise Russ! A Waffen investéieren ass responsabel, nohalteg? D’Welt op d’Kopp gestallt!

Parlamentaresch Froen sinn ë.a. dofir do, e Minister oder d’Regierung ze hannerfroen. Bei der QP vum ADR-Deputéierten Jeff Engelen goung de Schoss allerdéngs no hanne lass. De Mann wollt vum Transportminister François Bausch d’Statistiken hunn vun de Stroossenaccidenter am Joer 2020. Dee Minister war mobill enuch fir d’Zuelen zu senge Gonschten auszeleeën.

Car accident on italian highway. gettyimages

An RTL.LU huet monter matgemaach. 2020 goufen et 26 Doudeger an 217 schwéier Blesséierter, an dat bei engem Fuerpark deen elo op 510.000 Verkéiersmaschinnen ukomm ass! Da gëtt de Verglach gemaach mam Joer 2000 an RTL.LU mécht weider mat ouni Froen ze stellen. 20 Joer virdrun haten et 76 Doudesaffer ginn, bei just 318.000 registréierte Gefierer!

Nach Froen, Kienzle? Jo! Wisou hat de Minister net den Anstand drop hinzeweisen, datt am Joer 2020 de Grand-Duché vum 16. Mäerz un fir zwee Méint am Confinement war? Et duerft een sech net op der Strooss weisen ausser et war liewensnoutwenneg. Als Erënnerung den 1. Artikel vun deem arrêté:

Art. 1er.

La circulation sur la voie publique de toute personne physique est limitée aux seules activités suivantes :

acquisition de denrées alimentaires, de produits pharmaceutiques et de produits de première nécessité,
déplacement vers les structures de santé,
déplacement vers le lieu de travail pour l’exercice de l’activité professionnelle ou commerciale,
assistance et soins aux personnes âgées, aux mineurs d’âge, aux personnes dépendantes, aux personnes handicapées et aux personnes particulièrement vulnérables,
déplacement vers les institutions financières et d’assurance en cas d’urgence,
en raison d’un cas de force majeure ou d’une situation de nécessité,
les activités de loisirs (promenade, jogging, aires de jeux,…), sous condition de respecter une distance interpersonnelle de 2 mètres.

Keng Zeil dovunner! Och net, datt d’Bistro an deem Joer gréisstendeels zou haten oder just bis an de fréien Owend eran duerften zervéieren. D’Nuecht war eleng fir d’Police, fir de Mound a fir d’Kazen, net fir den Töff oder de Brummi. Kee Piipcheswuert vun all deem. Och net vun der Press. D’Welt op d’Kopp gestallt? Nö! Business as usual!

An d’Djuna Bernard an de Meris Sehovic – déi zwee Co-Presidenten vun der grénger Partei- hu gëschter Moien mat der Fauscht op den Dësch geschloen: d’Regierung misst onbedéngt eppes maachen fir de Leit wéinst den héijen Energiepräisser finanziell ënnert d’Äerm ze gräifen. Soten si an hate vergiess, datt si en Deel vun der Regierung sinn.

2 COMMENTS

  1. Bravo Herr Kaiser fir äeren Artikel
    Wie ech dat vun den Accidenter bei RTL geliess hun konnt ech nemmen meng Klatz resselen.
    Et konnt een esouguer sein Pefferkär beileen an den Komentaren,wie ech se dun drop hingewiessen hun dass dat am Lockdown war ass den mol net freigeschallt gin.
    Do kann een jo dann schon mol vun eiser Freier Press denken wat een well ,oder ass se net esou FREI wie emmer gesot get an dat duergetsallt get ?

    M.B.G. Schien ierch erem ze liesen.

LEAVE A REPLY

Please enter your comment!
Please enter your name here