Recent Posts

Post Categories

D’Elektrescht steet ënner Stroum 
Jidderee mécht esou seng Rechnung. Ech zum Beispill hunn an der Kichen 8 Halogene-Luuchten géint 8 LED ersat. Déi nei...
Dem Premier seng Ried war ok, deem aneren seng Ried war besser 
De Luc Frieden huet a senger Ried iwwer d’Lag vun der Natioun bäigeléiert. Hien huet net aus der Schoul geplappert...
Friedrich Merz a Luc Frieden, même combat? 
D’Parallellen tëscht deenen zwee Politiker sinn erstaunlech: deen een war 7 Joer laang President vun der BIL, deen aneren Chef...
Frank Bertemes: Der Schmetterlingseffekt 
Im übertragenen Sinn bedeutet der Begriff, dass scheinbar unbedeutende Handlungen, kleine Zufälle oder Entscheidungen in der Vergangenheit enorme und weitreichende...

Blog Post

Ëmwelt

D’Elektrescht steet ënner Stroum 

D’Elektrescht steet ënner Stroum
Photo de Muharrem Alper: https://www.pexels.com/fr-fr/photo/35411461/

Jidderee mécht esou seng Rechnung. Ech zum Beispill hunn an der Kichen 8 Halogene-Luuchten géint 8 LED ersat. Déi nei Bieren brauchen zesummen esou vill Stroum wéi eng eenzeg Halogene. Dat nennen ech Fortschrëtt. Ech ginn zwar net räich dovunner, ma wa jiddereen et esou (änlech) géing maachen, misst de Konsum un Elektreschem op nationale Plang drastesch zeréckgoen. Dreem weider! Ech gouf beléiert, datt de Fortschrëtt an déi aner Richtung ausschléit, an datt Europa (nees eng Kéier) absolutt net op d’Zukunft preparéiert ass.

Fortschrëtt, dat ass den elektreschen Auto an dee wäert an den nächste 4 Joer zousätzlech 50 bis 70 Terawattstonnen pro Joer friessen. Fortschrëtt, dat ass d’Wäermepompel an och déi schléit mat engem Supplement vu 40 bis 60 TWh pro Joer zu Buch. An net ze vergiessen, d’KI. Google ass do näischt dogéint.! Eng eenzeg Sich-Aktioun op KI brauch 10 mol méi Energie ewéi déi nämmlecht Aktioun op Google. An esou gëtt mat engem Zousaz vun 45 bis 145 TWh pro Joer gerechent.

Am Total géing also bannent 4 Joer de Stroum-Konsum ëm 135 bis 275 TWh pro 12 Méint eropgoen! Eleng op den Atom

Photo de Tuan Vy: https://www.pexels.com/fr-fr/photo/ville-rue-puissance-urbain-20604375/

als Energie berechent, géif dat bedeiten, datt  22 nei Reaktere misste gebaut ginn. Wéinst der Volatilitéit um Stroumreseau missten et der esouguer 30 bis 50 sinn.  An een Atomreakter ass e Schantjen vun 10 bis 15 Joer! Ah! Dir hätt gäre Wandrieder? Do schwätze mir vun 250.000 bis 340.000 Stéck! Eng Bagatelle!

Sécher. Et wäert op e Mix erauslafen: vill Atom, e bësselche Sonn, e bësselche Waasser a Loft, an nawell wäert et net duergoen. Privatbetriber hu schonn ugefaangen, Exklusivitéitsrechter bei Stroumliwweranten auszehandelen: KI, Google, Amazon an all déi aner kréien dann de Stroum prioritär, kann also net méi fir d’Ëffentlechkeet benotzt ginn. Länner wéi d’USA, China, Indien sin am gaangen, Stroumkonzerner an der EU opzekafen, et dauert guer net méi laang an Europa sëtzt mam Stroum um Dréchenen ; esou wéi déi lescht 2 Joerhonnerten mam Pëtrol!

Sinn sech d’Politiker zu Lëtzebuerg dees bewosst? A wat seet de Bierger? Normalerweis gëtt d’Nues eropgezunn: Mir wëlle keen esou een Dreck ewéi griichesche Jugurt, Sechskantschlëssel vun Ikea, digitaalt Geméchels vu Google. Mir kafen näischt. Mir wëlle bleiwen wat mir sinn! mir sinn. Dobäi geet et ëm eis national Zukunft!

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *