Virage ambulatoire ass dat neit magescht Wuert am Gesondheetssecteur.. Tatsächlech versprécht et eng kleng Revolutioun: ëmmer méi Patiente solle kënnen ambulant behandelt ginn, kéimen also laanscht en Openthalt an enger Klinik. Dat féiert zu enger Dezentralisatioun; déi verschidden Agrëffer kënnen op verschiddene Plaze gemaach ginn, soudatt d’Klinicken entlaascht ginn. De Patient fir säin Deel brauch net laang ze waarden, ka sech Plaz an Datum vun der Interventioun eraussichen.
Eng Etude vun der AOK an Däitschland koum kierzlech zur Konklusioun, datt tëscht 54 a 60 Prozent vun de Patienten kéinten ambulant behandelt ginn. Also net näischt! Just, datt Lëtzebuerg e bësselche spéit un ass. D’Sozialisten -ëmmerhin 40 Joer laang an der Santé un der politescher Muecht- stoungen op deem Punkt ëmmer mat béide Féiss op der Brems. De Begrëff liberal Medezin sicht een ëmsoss an hirem Vokabular. D’Onzefriddenheet ënner den Dokter wor ëmmer méi grouss ginn https://bit.ly/4xKEzHv Déi schwaarz-blo- Regierung wëll et besser maache, ma d”Ministesch Martine Deprez huet sech och schwéier gedoen mat engem Gesetz-Projet, deen awer elo zanter 3 Wochen deposéiert ass.
Wéi fält d’Reaktioun aus bei den Dokter selwer? Doriwwer hunn ech mech mam Chris Roller ënnerhalen, dem President vun der AMMD ( Associatioun vun den Dokter an Zänndokter)
De Gesetzprojet iwwer méi ambulant Behandlungen ass um Instanzewee, ma ech perséinlech ginn d’Gefill net lass, wéi wann et der Regierung net eescht gemengt wier. De ganz grousse Worf ass et net an d’Santé bleift wäit vun enger liberaler Medezin ewech, oder Här Roller?
Et ass elo esou geduecht, dass déi ambulant Medezin an de Cabineten vun den Dokteren soll iwwert d’Loi
hospitalière ofgedeckt ginn. Mir hätten eigentlech eng Loi ambulatoire favoriséiert fir net déi zwee mateneen ze vermëschen.
All ambulant Struktur muss en Agrement kréien — an d’Spideeler hunn do eng entscheedend Stëmm. Dat heescht, e Spidol kéint eng ambulant Struktur refuséieren, well et se als Konkurrenz gesäit. Dat ass e fundamentale conflit d’intérêts, deen esou net akzeptabel ass.
Mir als AMMD wëllen eng wierklech onofhängeg ambulant Medezin — a keng, déi vum gudde Wëlle vun de Spideeler ofhänkt. Et soll nom besoin vun der carte sanitaire geplangt ginn. Mir sinn also nees an enger Planwirschaft-Logik ënnerwee. Et wier eigentlech méi sënnvoll, dass de « Marché » sech reguléiert. Schliisslech hunn d’Dokteren laut dem Gesetz d’liberté d’installation, déi allerdéngs fir villes staark ageschränkt ass. Dann soll och nach eng CPH (Commission permante hospitalière wou d’AMMD minoritär ass) matdiskutéieren, ob eng ambulant Struktur däerf opgemaach ginn oder net. Liberal ass dat alles net esou ganz.
E Spidol huet sech scho gemellt, fir eng Zort Spezialklinik ze bauen an där d’Patienten just ambulant behandelt ginn. Eng sougenannten Dagesklinik also. Parallel sinn eng Partie Amendementer ënnerwee mat deenen zousätzlech Antennen kënnen opgoen fir ambulant Interventiounen. Klassescht Beispill: de groe Star. Also iergendwéi ass d’Medezin jo awer dach am Ëmbroch, oder?

Jo, d’Medezin ass am Ëmbroch, zumindest um Pabeier. Mir hunn als AMMD déi läscht 18 Méint extrem vill drop higewisen, dass vun de Wahlverspriechen a vum Koalitiounsaccord bis dohinner näischt ëmgesat gouf.
Et feelt u politeschem Wëllen
Als klenge Rappel: mir schwätzen vu Saachen, déi an der Wahlkampagne vun de Regierungsparteien versprach goufen an

déi am Koalitiounsaccord stinn.

De Grond firwat an noer Zukunft net all Spezialiséierungen ausserhalb vun de Spideeler kenne schaffen huet verschidde Grënn. Natierlech hutt Dir op där enger Säit d’Spezialiséierungen, déi weiderhin an de Spideeler mussen duerchgefouert ginn. Stellt Iech vir, wann Dir eng schwéier Chirurgie maacht wéi Neurochirurgie, Traumatologie oder gréisser Kriibsoperatiounen – dat muss ëmmer am Spidol ausgeüübt ginn, et gëtt keng Méiglechkeet, dëst ambulant an enger klengen Infrastruktur ze maachen.