Gebongt! Nach ni waren d’Haiser esou deier. Nach ni d’Loyeren esou héich. An nach ni waren d’Banken esou exigent fir mat de Suen erauszeréckelen! Et ass also schonn eng enorm Erausfuerderung un déi jonk Leit déi sech wëllen een Doheem schafen. Ass et awer tatsächlech eng Kris? D’Fro ass provokativ. Ass si och pertinent?
Um Dënschdeg war Grouss-Manifestatioun virum Parlament. D’Politik war hellwakereg ginn: d’Angscht war grouss, et kéinte franséisch Zoustänn op eise Stroossen entstoen; dowéinst war d’Police zimmlech staark vertrueden. Gefeelt awer hunn d’Manifestanten. D’Initiateuren – 13 un der Zuel- schwätzen vun iwwer 200 Demonstranten, RTL vun 150 an d’Wouerecht wäert wuel bei gutt 100 leien. Also net esou déck!
Dobäi hat RTL fatzeg Reklamm fir de Sujet gemaach, ënnert anerem mat engem Invité vun der Redaktioun. An trotzdeem

blouf de Lëtzebuerger sech trei: et geet ee just op d’Strooss fir den Index, fir de Rescht bleift een hanner dem Kolonnenuewen. RTL schéngt och enttäuscht ze sinn an huet -souzesoen als fond de teint- 166 Fotoen publizéiert, knapp 2 Fotoen pro Demonstrant.
D’Politiker konnte berouegt zeréck an hier waarm Stiffche goen, mat der Feststellung: et gëtt e grousse Problem, ma d’Kris ass net kräfteg genuch, fir Panik ze maachen. Knapp 62 Prozent vun de Residenten si Proprietaire vun hirem Haaptwunnsëtz zu Lëtzebuerg, beim Noper Däitschland ass dat nueren fir 43 Prozent de Fall. An dach, d’Situatioun gëtt ze denken.
An der Belsch läit dee Prozentsaz ëmmerhin bei 72 Prozent! Bei eis loung hien virun 8 Joer nach bei 69 %, also eng Baisse vu 7 Prozent bannent relativ kuerzer Zäit. Et kann een duerchaus behaapten, datt an där Zäit de Räichtum ofgeholl huet. Déi aner Behaaptung stëmmt allerdéngs grad esou, datt d’Generatioun Z net onbedéngt esou drop erpicht ass, eng eege Wunneng ze hunn. Si huet dacks aner Prioritéiten.
Dat géing och erklären firwat gëschter sech esou wéineg Demonstranten virun der Chamber gewisen hunn. A fir do als Protest wëll ze campéieren, kënnt souwisou net a Fro: ze kal! Wann et sech hei ëm eng one-shot-Aktioun gehandelt huet, goung de Schoss no hanne lass.
Mä elo sti mer jo gläich op de Griewer an dann ass Chrëschtdaag! D’Honn billen an d’Caravane zitt weider!