Recent Posts

Post Categories

Europäesch reality show 
Hutt Dir et och schonn héieren? Am Juni sinn Europawahlen, déi awer keen ze interesséiere schéngen. Grouss thematiséiert goufen se...
Ieselsdrot fir den Drotiesel 
Wat si mir e verwinntent Vollek. Den ëffentlechen Transport ass bei eis gratis. E schéine Subsid vun der ëffentlecher Hand,...
Invasioun vu Busser zu Weiler-um-Tiermchen 
Schonn 2013 -2015 hat et an där schmocker Gemeng Weiler-zum-Tiermchen Remmidemmi ginn wéinst Kaméidi. An der rue des Forges konnten...
Mario Dichter: nie wieder? 
50 Milliarden €, vornehmlich erwirtschaftet aus unser aller Arbeit und damit Lebenszeit, macht die „Europäische Union“ in den nächsten Jahren...

Impressum

IMPRESSUM

Wëllkomm bei GKOnline

Et freet mech, Ierch däerfen op menger Internetsäit ze begréissen. No bal 40 Joer aktive Journalismus kann ech meng Pensioun net einfach op Grompereschielen limitéieren a bleiwen mengem Hobby trei : d’Aktualitéit suivéieren a kommentéieren, virun allem d’Politik, ma och eis Gesellschaft ganz allgemeng. Villes ass geduecht, fir driwwer nozedenken, muenches awer och, fir ze schmunzelen. An et géing mech freeën, wann Dir och alt mol géingt matt diskutéieren. Vill Spaass !

 

Firwat steet GKOnline ?

GKOnline dat ass Aktualitéit an Commentairen matt engem Fokus op Lëtzebuerg. Informatioun, Analysen an Hannergrond Informatiounen déi der soss wäit siche gitt.

GKOnline ass geduecht als Netzwierk, op deem déi verschiddents Meenungen an Iwwerzeegungen kënnen ausgetosch ginn. Et ass en Diskussiounsforum, op deem sech kann kontradiktoresch auserneegesat ginn. Informatiounen an Reaktiounen vun de Benotzer gi wuel a regelméissegen Ofstänn iwwerpréift an och aktualiséiert. Sollten sech trotzdeem Informatiounen oder Reaktiounen aschläichen, déi net de Fakten entspriechen oder déi géint Diskriminatioun, Opruff zum Haass, Antisemitismus verstoussen, gëtt op déi respektiv Gesetzer higewisen. Et kann keng Garantie iwwerholl gin fir all aner Websäiten, op déi via Hyperlink oder aner Manéier verwise gëtt. GKOnline ass net responsabel fir de Contenu vun dëse frieme Websäiten a grade sou wéineg, wann dës aner Websäiten sech net un d’Dateschutzbestëmmungen halen. Et kann net garantéiert ginn, datt Informatiounen oder perséinlech Daten, déi ons vermëttelt ginn, vun engem Drëtten “ofgelauschtert” ginn.

professional

Professionell

Trotz Pensioun bleiwen ech a regelméissege Kontakter matt politesche, gewerkschaftleche a patronale Kreeser an hunn esou genuch Informatiounen, fir en connaissances de cause ze schreiwen an ze kommentéieren. Ganz wichteg ass mir, datt ech elo besser Zäit hunn ewéi virdrun am aktive Liewen, matt de Leit kënnen ze schwätzen, deenen ech op der Strooss begéinen.

aktuell

Aktuell

Ech probéieren, esou aktuell wéi méiglech ze bleiwen, ouni allerdéngs Dag fir Dag d’Aktualitéit ze kommentéieren. Ech genéissen et duerchaus, dat mat engem gewëssene Recul ze maachen ; op Distanz léisst sech dacks méi propper schaffen, a virun allem, méi gewëssenhaft.

transparent

Transparent

Ech schreiwen all meng Texter an der « Ich »-Form. Et soll allkéiers eppes méi Perséinleches sinn ; do besteet natiirlech d’Gefohr, datt sech Objektivitéit matt Subjektivitéit mattenaaner vermëschen. Meng Lieser wäerte mech duerch hier eege Commentären doropper opmierksam maachen.

1978 huet d’Aventure bei Radio Lëtzebuerg ugefaangen. Aus engem Vakanzenjob vun dräi Wochen – dee Woch fir Woch an d’Verlängerung goung- gouf e feste Kontrakt, dee mech 38 Joer sollt un d’Haus mam roude Mikro bannen. Just an de Joer 2004 an 2005 war ech fir 20 Méint an d’Associatioun vun de Banken a Bankier gewiesselt, wou ech mattgehollef hunn, Luxembourg for Finance opzebauen.

Während deene Joer bei RTL si vill Invité bei mir am Studio passéiert, an der Haaptsaach an der Emissioun « Background am Gespréich », mä och an Emissiounen wéi « en neie Forum fir Meenungen an Iwwerzeegungen » oder a kulturellen Emissiounen wéi « Gedankestréch ». Méi wéi engkéier war et de Jean-Claude Juncker : als Aarbechtsminister, als Premier, als Kommissiounspräsident.

Vun deene 36 Joer bei RTL war ech déi lescht 7 Joer Chefredakter. Eng vu mengen Haaptaufgaben war et, fir dat politescht Gläichgewiicht op der Antenne ze suergen a fir eng breedméiglechst Neutralitéit. 2005 zum Beispill huet Radio Lëtzebuerg an der Campagne fir de Referendum dem Drock net noginn an huet sech net festgeluecht, weder op e « jo », nach op en « neen ». Ech sinn doropper e bësselchen houfereg !

DATENSCHUTZ

Aer perséinlech Donnéeën

Aer privat Sphär ass eis wichteg !

Wann Dir mat eis a Kontakt kommt, dann hannerloosst Dir elektronesch Fangerofdréck, wéi zum Beispill Aer mailadress. Mir garantéieren, datt Aer privat Donnéën just fir Zwecker op deser Internetsäit benotzt ginn an datt se op kee Fall un eng drëtt Persoun weidergereecht ginn.

Mir maachen drop opmierksam, datt mir fir dës Säit Coockie benotzen, awer just fir intern Analysen ze maachen iwwer den Traffic vun eise Lieser.

Sollt Dir domatter net averstaane sinn, biede mir Ierch, dëse Site nees ze verloossen. Mei Informatiounen wei der Cookies deaktivéieren kënnt gët et hei : https://goo.gl/W7NoSx

Wann Dir sos nach Froen hutt, kënnt Dir se gären via eis mailadresse stellen : kontakt@guykaiser.lu