Recent Posts

Post Categories

Spillt déi jonk Generatioun an der politescher Sandkaul grad mam Feier? 
An enger ganzer Partie Länner gëtt an den nächste Méint gewielt: Frankräich, Spuenien, Däitschland, Italien, Polen, Schweden. D’Prognosen sinn iwwerall...
De Selfist Xavier Bettel 
De Xavier Bettel ass e Phenomeen fir sech. Hie schwätzt mat de Leit wéi wann hien mat hinnen alleguer an...
TNS-ILRES: Wiedergespills mat den Zuelen? 
D’TNS-Ilres entléisst d’CSV mat e puer Datzen an d’Vakanz. Déi konservativ Ministeren kommen am leschte POLITMONITOR gréisstendeels net gutt ewech,...
D’Elektrescht steet ënner Stroum 
Jidderee mécht esou seng Rechnung. Ech zum Beispill hunn an der Kichen 8 Halogene-Luuchten géint 8 LED ersat. Déi nei...

Blog Post

Gesellschaft

Spillt déi jonk Generatioun an der politescher Sandkaul grad mam Feier? 

Spillt déi jonk Generatioun an der politescher Sandkaul grad mam Feier?
Image by Gerald Friedrich from Pixabay

An enger ganzer Partie Länner gëtt an den nächste Méint gewielt: Frankräich, Spuenien, Däitschland, Italien, Polen, Schweden. D’Prognosen sinn iwwerall identesch; déi Radikal vu Rieds sinn d’Fiffien bei de Jonken tëscht 18 a 24 Joer a bei deenen tëscht 25 a 34 Joer. Déi nei Generatioun rëtscht domadder an e geféierlechen Eck! Jonk Leit ginn dacks aus Protest (géint wat iwwerhaapt?) guer net wielen oder si wielen extreem lénks. Neierdéngs schléit bei hinnen d’Häerz op der rietser Säit.

Dat war de Fall bei de leschte Legislativwahlen a Frankräich; den Nouveau Front Populaire koum an der Alterskategorie 18 bis 24 Joer op e Score vun 48 Prozent vun de Stëmmen. Bei de Bundestagswahlen an Däitschland louchen déi Lénk

Image by Benjamin Balazs from Pixabay

zwar bei de Jonken mat 25 Prozent vir, ma direkt hannendrun d’AfD mat 21 Prozent. Kuckt een eleng d’Resultat vun de jonke Männer, dann hätt d’AfD d’Wahlen mat 27 Prozent vun de Stëmme gewonnen! Sinn déi sech bewosst, datt si grad mam Feier spillen?

A Spuenien kënnt VOX och gutt unn bei de Jonken, a virun allem nees bei de jonke Männer; laut Sondagen géinge 40 Prozent vun hinnen deene Rietsradikalen eng Stëmm ginn. A Schweden goufe viru 4 Joer d’Sweden Democrats vun engem Véierel vm männleche Geschlecht gewielt, bei de Fraen waren et ‘nëmme’ 16 Prozent. Eng Revolte also vun den neie Männer? Ma géint wien?

Wuel kaum géint d’Fraen! Ëmmerhin loossen sech eng Partie Männer vu Frae an der Politik féieren, vun enger Marine Le Pen, vun enger Alice Weidel, vun enger Giorgia Meloni. Villäicht fillt de jonke Mann sech iwwergaangen? Villäicht fillt hie sech an enger Zort gesellschaftlecher Isolatioun? Vill vun hinne sinn net motivéiert, sech fest ze bannen an eng Familljen ze grënnen; a quasi der ganzer europäescher Unioun geet d’Demographie d’Baach an. Wat mat sech bréngt, datt méi Auslänner mussen an d’Land opgeholl ginn, fir d’Gesellschaft um Dréien ze halen. E Schoss an den eegene Knéi?

Fakt ass: déi nei Generatioun verléisst ëmmer méi déi politesch Mëtt, also déi Politik, mat där d’Generatioun vu virdrun gutt gefuer ass. Nom Krich huet Europa mussen nei opgebaut ginn, den Haass op Nazi-Däitschland huet mussen iwwerwonne ginn, d’Europäesch Unioun gouf aus der Daf geholl, national Universitéiten goufen ëmmer méi an een europäescht Konzept agebonnen, déi zwee Deeler vun Däitschland hu friddlech fusionéiert, an, an, an. Och wann et vill Enttäuschungen aus der Politik goufen, waren dat dach staark Momenter!

Wéi gesinn déi Momenter an 20 Joer aus? Wuelverstanen: ech schwätzen hei zum engen Deel vun deene Kanner, déi vun de Baby-Boomers an d’Welt gesat goufen an zum aneren Deel vun der Generatioun ‘Z”. Hunn d’Helikopterelteren eppes falsch gemaach? Hir Kanner verzillt, well si et einfach wollte ze gutt maachen?

Mä d’Haaptfro un eis all bleift: Huet déi politesch Mëtt et einfach verléiert oder vergiess, mat dëser Generatioun ze schwätzen – oder verstinn déi Jonk d’Konsequenze vun hirem Votum net méi? Ech schléissen et net aus!

 

 

Previous

Spillt déi jonk Generatioun an der politescher Sandkaul grad mam Feier?

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *