Recent Posts

Post Categories

Frank Bertemes: Problem Rotationsprinzip 
Nach der Lektüre des rezenten Interviews mit den beiden emsigen, doch nun (leider) rotierenden Abgeordneten der Partei „déi Lénk“ im...
Spillt déi jonk Generatioun an der politescher Sandkaul grad mam Feier? 
An enger ganzer Partie Länner gëtt an den nächste Méint gewielt: Frankräich, Spuenien, Däitschland, Italien, Polen, Schweden. D’Prognosen sinn iwwerall...
De Selfist Xavier Bettel 
De Xavier Bettel ass e Phenomeen fir sech. Hie schwätzt mat de Leit wéi wann hien mat hinnen alleguer an...
TNS-ILRES: Wiedergespills mat den Zuelen? 
D’TNS-Ilres entléisst d’CSV mat e puer Datzen an d’Vakanz. Déi konservativ Ministeren kommen am leschte POLITMONITOR gréisstendeels net gutt ewech,...

Blog Post

Gesondheet

Wéi den Dokter Monster eng Familljeséil a Stécker zerleet 

Wéi den Dokter Monster eng Familljeséil a Stécker zerleet
Dark fantasy landscape with ghost and swamp

Déi onglécklech Geschicht ronderëm den Dokter Wilmes huet Dier a Paarten grouss opgemaach, fir an der Ëffentlechkeet kënnen iwwer Medezinner hierzefalen. Ech bedaueren dat zudéifst a wëll och net an dat nämmlecht Holz schloen. Et ginn allerdéngs Dokteren, déi bréngen et fäerdeg bei de Leit net een eenzegt Organ ze verschampeléieren, dofir hinnen awer d’Séil eidel ze suckelen, en Deel vum Liewen ze zerstéieren. Dat wäisst Schiertech als Verkleedung fir Ammitt an Dementor. Ouni Rücksicht op Verloschter abuséieren munchmol den Här an d’Madamm Dokter vun hirer Muecht an der Gesellschaft.

Déi heite Geschicht ass Joerzéngten al, ma vun de Betraffenen nach ëmmer net iwwerstanen. Ganz am Contraire! Eng Familljen leit nach no 40 Joer dorënner. Si war a si ass d’Affer vun enger falscher medezinescher Decisioun.

Deen Dokter hat et sech nämlech quasi zu der Haaptmissioun gemaach, geschloe Kanner ze detektéieren an déi Schëlleg

Photo de Tima Miroshnichenko: https://www.pexels.com/fr-fr/photo/mains-porter-medecin-docteur-8376229/

vrun hire Riichter ze bréngen. Eng nobel Astellung, ma warscheinlech war de Mann emotional komplett iwwerfuerdert. An esou huet den Dokter net nëmmen iwwerall blo Flecke gesinn, ma virun allem hannert all Fleck oder Roff eng dramatesch Geschicht. D’Familljen -loosse mir se Müller nennen- huet do an de Krom gepasst.

Hire Puppelchen vun 3 Méint hat nämlech mussen mat der Ambulanz an d’Klinik ageliwwert ginn. Firwat?  Dat ass bis haut net zu honnert Prozent gekläert, ma am Volleksmond nennt een dat: dee Klengen huet sech ewechgekrasch.  De Papp, deen deen Dag am Stress keng Zäit hat, sech aneschters unzedinn an am Murks-Tricot aus dem Auto geklomme war, gouf direkt verbal an den Eck gedréckt, mat der Fro déi zugläich ewéi e Verdikt war: Firwat hutt Dir de Puppelche geschloen? De Bëbee hat nämlech e bloe Fleck um Bak! Déi nach jonk Familljen wor bei deem Empfank aus alle Wolleke gefall!

Eng gehéiereg Portioun Sadismus vum Dokter

Wat war lass mam klenge Butz? Eng Pickür gouf gesat fir ë berouegt ze kréien. Et war zwar e Rideau zougezu ginn, ma de Papp krut mat, wéi schwéier sech d’Equipe gedoen huet, fir dem Bëbee déi Sprëtz ze maachen. Dat koum him wéi eng gefillten Éiwegkeet vir, hien huet d’Nerve verluer a Personal an Dokteren Nullekackerten vernannt. Majestéitsbeleidegung! Schliisslech war et awer dunn dach gedoen an d’Koppel duerft no enger Zäitchen bei hiert Kand, dat do friddlech loung ze schlofen wéi wann näischt geschitt wier. Ma et war just d’Rou virum Stuerm!

Den Dag drop hat sech de Puppelchen weider erholl, d’Elteren waren iwwerglécklech fir him de Biberon ze ginn. Ma den Dokter war ewéi versiess vu sengem Verdacht a koum mat där nächster Beschëllegung: Papp a Mamm kéimen an d’Klinik, fir hire Puppelchen weider ze kujenéieren an an d’Gesiicht ze pëtzen! Et war nämlech eng weider rout-blo Plaz bäikomm, just nieft dem Guckelchen. Et war mol kee Fleck, éischter e Fleckchen, mini-mini. Dem Här Müller ass d’Sécherungskëscht auserneegefuer.

Image par Julio César Velásquez Mejía de Pixabay

Ob hien esou domm déit ausgesinn, frot hien den Dokter, fir an esou enger quokeleger Situatioun d’Frechheet ze hunn, nawell seng Duechter sadistesch ze mësshandelen? Dat klengt Kand hat déi domm Gewunnecht, mam Fanger am baussenzegen Aewénkel (Canthus) ze wullen, wourobber d’Haut natierlech reagéiert huet. De Papp war drop an drun, komplett auszeflippen. Hien huet senger Fra gefollegt a goung an d’frësch Loft eng fëmmen.

 

Op sengem kuerze Wee fir eraus krut hien vun engem fatzege Sträit mat tëscht engem Mann an dem Personal. De Mann- nawell kräfteg gebaut- war mof am Gesiicht an huet mat der flaacher Hand op eng gliesen Dir gefacht an dobäi Kreesch gedoen: ech hu mäi Kand net geschloen. Ech hu mäi Kand net geschloen. Den Här Müller koum sech vir wéi am Geckenhaus. De Rescht vum Dag blouf roueg, ma den Dag drop hat et a sech!

Er koum en ageschriwwene Bréif vun der Justiz an d’Haus geflattert. D’Familljen krut d’Garde fir hiert Kand provisoresch ofgeholl! Eng Krichserklärung vum Dokter un d’Adress vu Müllesch, déi sech mat Hänn a mat Féiss géint d’Uschëllegunge gewiert hunn. Papp a Mamm goufe vun der Direktioun vum Spidol kontaktéiert, déi selwer vun enger “weiderer indélicatesse vum Dokter” geschwat huet.

Gëeenegt gouf sech schliisslech op eng neutral Expertise aus dem Spidol Saint-Luc zu Louvain. an der Belsch. Dem Medezinner goung de Wapp. D’Madamm Müller krut nämlech en Telefonsgespréich mat, wéi hie bei den Dokteren zu Bréissel gebiedelt huet, wannechgelift zu der nämmlechter Konklusioun ze kommen, datt nämlech de Bëbee gebeetscht gi wier. Müllesch hunn op een Neits de Bureau vun der Klinik’s-Direktioun gestiermt. Sollte beim Medezinner Zweiwel opkomm sinn? Dann hätt hien direkt mussen an d’Beicht bei seng Hierarchie.

Schwiereg Rees, glécklecht Enn

De Puppelchen gouf mat der Ambulanz op Louvain gefouert, d’Elteren hannendrun am Privatwon. Och an der Belsch goufen nees Scanner a Photoen gemaach a schonn den Dag drop sollt de Verdikt falen. Den designéierten Expert war e bekannten Dokter-Professer vu Paräis, dee fir eng limitéiert Zäit mat senger Ekipp am Saint-Luc geschafft huet. Wéi hien an de Sëtzungssall erakoum, hat hien op d’mannst eng 10 aner Medezinner hannert sech. Ganz roueg war et am Sall, et hätt een en Tausendfüüssler kënnen héieren trëppelen. De Mann koum direkt zur Saach.

Une chose est sûre! L’enfant n’a pas été frappé!  All déi aner Dokteren hu mam Kapp gewénkt. Unanimitéit! Groussen Uff bei den Elteren, déi allerdéngs weider net sollten aus dem Staunen erauskommen. Zu Lëtzebuerg huet sech de verantwortlechen Dokter nämlech déi nächst ausgeduecht. Hien huet sech mat hinnen zesummegesat fir mirnäischt/dirnäischt matzedeelen, datt d’Këndchen géif e Waasserkapp kréien. Hien hätt déi ganz Nuecht doriwwer gebruckt a wär sech sécher; esou sécher, datt hien den Elteren schonn wollt bäibréngen, wéi een esou ee Waasserkapp ka vun Zäit zu Zäit entlaaschten.

Et huet sech dobäi just ëm theoretescht Gebraddels gehandelt. Wat erwise war – allerdéngs zu Louvain an net zu Lëtzebuerg detektéiert-, datt de Puppelchen eng kleng Narb an engem A behalen hat an datt et dowéinst net esou gutt géif gesinn. Kee Wuert vun enger Entschëllegung, weder vum Dokter nach vun der Klinik. De Clou bei der Saach ass, datt et fir d’Famillje Müller deen Dokter eigentlech iwwerhaapt net gëtt! Ni gouf! Ni wäert ginn!

D’Klinik huet nämlech der Familljen eng Rechnung hannerlooss vun 9000 Frang. D’Madamm Müller huet d’Verwaltung iwwer Telefon an d’Bild gesat, datt den Haaptprotagonist géif op der Rechnung feelen, nämlech nieft dem Puppelchen  de Monni Dokter. Kuerz drop huet d’Direktioun hier zeréck ugeruff: et wär an der Rei. Si bräicht kee Waark ze berappen! Eng detailléiert Rechnung géif et net ginn. Kanner staunen am Kasperl-Theater, gell?

Photo de Jonathan Borba: https://www.pexels.com/fr-fr/photo/femme-debout-porter-bebe-19773993/

Esou blouf et bei enger Klinik’s-Ofrechnung, ouni den Numm vum médecin-traitant. Du jamais vu! Warscheinlech eng prophylaktesch Moossnam, fir den Dokter am Fall vun engem Prozess aus der Schosslinn ze huelen. Well beim Papp hat sech de Bluttdrock alles aneschters ewéi berouegt. Hien hat all méiglech Instanzen kontaktéiert, hat och dem deemolegen Staatsminister Jacques Santer geschriwwen, fir déi mënschlech an deontologesch Sauerei breet ze trëppelen. Ma de Klengstaat Lëtzebuerg huet seng Grenzen déi et gëllt, anzehalen.

Müllesch kruten däitlech Signaler – och vun Dokteren-, déi a Richtung goungen: Haalt op! Et geet duer! Also Kloertext: de betraffene Medezinner krut jo seng Strof, hie soll elo awer net weider duerch den Dreck gezu ginn, am anere Fall kéint et emol ëmschloen. Müllesch hu verstanen, den Dossier zougeklappt a sech op hier Duechter konzentréiert, déi eng schéi Kandheet sollt kréien.

mat 18 fänkt den Eescht vum Liewen un

Op hirem 18. Gebuertsdag hunn d’Elteren der Duechter d’Geschicht erzielt. Si sollt wëssen, datt et viru laang-laanger Zäit e medezinesche Problem ginn hat, ëmmerhin eng Bluddung am Gehier, datt  si sech sollt dorunner erënneren, besonnesch fir de Fall, wou si, d’Elteren, net méi do wieren. E Waasserkapp hat et iwwregens ni ginn! D’Duechter huet et mat Erstaunen zur Kenntnis geholl, ouni et allerdéngs mat engem zolitte Jugendoptimismus dramatesch opzehuelen. Firwat och? Si war kärgesond! Grad dat sollt sech Jore méi spéit brutal änneren.

Photo de Pavel Danilyuk: https://www.pexels.com/fr-fr/photo/texte-lettres-mot-conceptuel-8205387/

D’Liewen huet mat aller Häert zougeschloen. Duerch eng Partie Enttäuschunge gouf déi nach jonk Fra komplett destabiliséiert. Si huet sech a Fro gestallt an och hier Relatiounen zu den Elteren. A si huet sech tatsächlech un deen Tëschefall virun iwwer 30 Joer erënnert, huet nogefrot an nogebuert, goung ëmmer méi op Distanz, bis datt si enges Daags sech vun der Familljen getrennt huet.

Hat si Kontakt opgeholl mat deem Dokter? Papp a Mamm wëssen et net, si kréie jo net méi mat hir ze schwätzen. Och ech wëll hei keng Ënnerstellunge maachen. Ma déi Decisioun vum Dokter huet vill Leed no sech gezunn…an dat iwwer quasi 40 Joer. Keen Organ gouf futti gemaach, ma dofir awer d’Séil vun enger Famill opgefriess.

PS: Ech hunn déi heite Geschicht erausgewielt, well si schankenhaart ass, ma och al; eng Partie Acteuren sinn an der Tëschenzäit gestuerwen, Eleng aus mengem Familljen-, mengem Frëndes- a Bekanntekrees kéint ech der allerdéngs nach vill dohinnerplättelen:

  • eng bekannte Chirurgin déi mat de Päerd huet mussen an den OP geschleeft ginn, well si net wollt vun engem Iessen opstoen; fir de Patient war et 5 bis 12.
  • eng Bandscheiwenoperatioun, déi alles aneschters ewéi en Erfollech war.
  • eeler Leit déi mat Sedativen zougedröönt ginn géint de Wëllen vun der Familljen
  • een Dokter, deen engem Familljemember an der Stierfphase staark Medikamenter géint d’Péng verbitt.

All déi Fäll sollen elo wierklech an de Medien duerchdiskutéiert ginn? Vum Vollek aviséiert a sanktionéiert? Éischter net! D’Affär Wilmes huet elo scho vill Schued ugeriicht a mir wäerten an den. nächste Wochen nach vill bäiléieren.

 

 

 

Previous

Wéi den Dokter Monster eng Familljeséil a Stécker zerleet

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *