De Pirat Marc Goergen huet där Deeg dat gesot, wat vill denken. Den Tam-Tam ëm d’Kris am Logement ass eng Inzenéierung vun Oppositiounsparteien. Een u sech seriöse Sujet gëtt parteipolitesch mëssbraucht, zu engem Spektakel héichgespillt, fir d’Regierung ënner Drock ze setzen. U sech en Trauerspill, ëmsou méi wou zwou Parteien an der Regie sëtzen, déi virdrun 10 Joer an der Regierung waren. Déi rezent Demonstratiounen virum Parlament riichten sech also an der Haaptsaach géint si, géint hir Politik vum Näischt-Maachen. Do soll een als Observateur schonn méi nuancéiert denken.
Deen éischte Protest war e Flopp mat 120 Manifestanten virum Parlament. Beim Zweete gëtt behaapt, et wieren der 500

bis 800 gewiescht, woubäi et der allerhéchstens 400 waren, dovunner d’Hallschecht Jonker. Also och net grad de Schlohummer, besonnesch wann ee bedenkt, wéi RTL schonn am Virfeld op d’Reklammentromm geschloen hat mat Invité op der Antenne, mat face-à-face asw
Besonnesch och net, wann e bedenkt, datt d’Gewerkschaften LCGB an OGBL matgewierkt an de Kollektiv Logementskris massiv ënnerstëtzt hunn. An iwwerhaapt: wat hätten si gären? Datt en Aarbechtsgrupp agesat gëtt, fir ze diskutéieren an ze decidéieren. Grad wéi wann et deen net schonn déit ginn. Donieft soll de Logement zur “Chefsache” ginn; grad wéi wann de Luc Frieden kéint de Bic géint d’Schëpp tauschen an eng Wunnecht no där anerer aus dem Steen schloen Vergiess gëtt dobäi de Privatsecteur!
Huele mir d’Beispill vun der Gemeng Lëtzebuerg. D’Haaptstad investéiert bannent 3 Joer 700 Milliounen Euro an den abordabele Wunnengsbau, woubäi en Deel vun de Suen natierlech och dropgeet mam Ausbau vun den Infrastrukturen. 700 Milliounen? Eng gewalteg Zomme bei engem Budget deen am Schnëtt bei 1,5 Milliard läit! Mat dëse Suen ginn 1000 Wunnenge gebaut zu engem abordabele Präis. Dat sinn der méi ewéi vill. Ronn 500 si schonn an der Constructioun, déi aner 500 hunn déi néideg Ënnerschrëften a kënnen dat anert Joer ugefaange ginn.

Et kéinten der awer nach méi sinn. Sou guer bis zu 3500, ma do feelt et um Courage an un de Suen vun de groussen Entrepreneuren. Do sinn dann d’Hänn gebonnen och engem Staatsminister, dee bis op Weideres d’Investisseuren net ka forcéieren. An déi si virsiichteg a maachen ënner anerem déi heiten Iwwerleeung: d’Generatioun vun de Baby Boomers (Joergäng 1950 – 1964) ass zu 80 Prozent Proprietaire vun enger Wunneng. Wat geschitt domatter?
Laut de Berechnungen a Schätzunge vum Statec hannerléisst déi Generatioun tëscht 45.000 a 55.000 Immobilien! Also net grad wéineg. Déi Leit fänken un an den Alter ze kommen. Wann si bis ewechfalen, kommen déi vill Wunnechten op de Marché mam Risk, datt d’Offer méi grouss ass ewéi d’Demande, an den Investisseur bleift op senge Schantercher sëtzen! Déi Eelst vun där Generatioun hunn ëm déi 76 Joer. All ze laang dauert et net méi, an da wäert et sech nees eng Kéier weisen, datt de Staat wuel ka Verschiddenes bewierken, ma datt um Enn de Marché sech selwer reegelt.
Also léif Jonker: kuckt déi Saach méi nuancéiert a loosst Iech net instrumentaliséiere vu Leit, déi mat hirem Engagement aner Interessi am Schna hunn!