E Kënschtler ëmbréngen ass eng Konscht fir sech

2
2369

 

ech muss gestoen méi vu Politik ze kennen ewéi vu Konscht. An ech mengen, datt déi wéinegst Journalisten zu Lëtzebuerg grouss Konschtkenner sinn. Wat d’Press net dovunner ofhält, wéi d’Hyänen iwwer e jonken Artist hierzefalen, hien un de Pranger ze stellen fir datt das lustige Volk um Internet kann mat faulem Uebst a Geméis op hie schmäissen. De Mann hätt plagiéiert. Grave Beschëllegung.

Den Artist Jeff Dieschburg kritt also – pièce à l’appui- virgehäit, souzesoen e copy/paste vun enger Photo vun enger Artistin gemaach ze hunn, déi an Amerika lieft. Wuelverstanen: hien huet aus enger Photo en Tableau aus Uelechfaarw gemaach, – deen Deel ass vun engem Diptychon (onzertrennlecht Tafelwierk aus zwee Deeler) a mam Ënnerscheed, datt am Original de Portrait vun enger Fra eis vu lénks ukuckt a bei him vu riets. D’Original ass iwwregens eng Moudefoto. Esou wichteg Detailer sinn de Kritiker wuel entwutscht!

Dobäi goufen d’Fuerwentéin liicht verännert: um Original ass d’Fra méi bleech, op der Appropriatioun – vun de Konschtbanausen Kopie genannt- dréit si zousätzlech en Ouerréng, e blot Gewand an e Schwert.

 

Plagiat? De Gedanken läit no, well déi initial Iddi vun deem Portrait gouf quasi 1 zu 1 iwwerholl. Mat allerdéngs der Feststellung, datt dem Moler d’Bild extrem gutt gelongen ass. Do soen da verschiddener vun Iech: de Mann kennt säin Handwierk, ma Konscht ass et net! Besteet also Konscht eleng aus enger bestëmmter Kreativitéit? Aus enger Iddi déi als eenzege Virdeel huet, datt nach keen virdrun dorobber koum? Ass dat mam Ënnergang vun der avant-garde haut iwwerhaapt nach méiglech?

Plagiater an der Konscht -oder méi richteg, Kopien an Appropriatiounen- sinn allemol näischt Neits. De Van Gogh huet sech an enger bestëmmter Phase vum Liewen vill, ganz vill vu japanescher Molerei inspiréiert an och nach e bësselche méi. De Picasso soll geschuppt hunn wou hien nëmme konnt. Hie soll eng Kéier gesot hunn: “Schlecht Kënschtler kopéieren, déi déi richteg gutt sinn, déi klauen…”. Plagiat heescht kopéieren, also vervillfältegen. A wéi gesäit eise Verdikt aus, wann d’Kopie vun der Kopie vun der Kopie vun der Kopie kënschtleresch dausendmol besser ass ewéi d’Original?

Wat ass Konscht? Déi éiweg Fro! Wann Konscht just aus enger Iddi besteet, dann ass et tatsächlech Konscht, wann eng Fra sech am Louvre plakeg ausdeet an hir Miissi weist. Dann ass et wuel och Konscht, wann eng Vanessa Beecroft Buschtawen aus plakege Fraekierper fir Louis Vuitton entwërft. En Urinoir, deen an engem Nei-Yorker Musee de verkéierte Wee ophänkt…

Konscht ass Inspiratioun! Déi awer léisst sech esou flexibel interpretéieren wéi dem Mënsch seng Séil. Et ass näischt fir z’iessen, ze drénken, ze fëmmen, keen ass hir jeemools op der Strooss begéint. Ech kéint nach 10.000 Zeilen hei derbäi setzen, mir géingen eis nawell net eens ginn, wat Konscht ass. An dach hätt ech mir där Iwwerleeungen gewënscht an dësem konkrete Fall Dieschburg. En Artist ass kee Politiker, mat him spréngt een journalistesch aneschters ëm. Hei awer gëtt hien vun der criticaille de Geier um Internet als Fraass um Platto servéiert. Digitalt Leichenschauhaus! A virun allem vermëssen ech déi journalistesch Éierlechkeet!

“…Ouni journalistesch Recherchen gëtt e jonke Mënsch plakeg ausgedoen…!”

An der Konscht gëtt sech reegelméisseg un enger initialer Inspiratioun inspiréiert. Op der Biennale d’art contemporain zu Stroossen huet et déi lescht Joer nëmmen esou gewimmelt vu sougenannte Plagiater! Skandal, Skandal! E Prozess! Oder besser: alleguerten direkt ophänken!

De Spezialpräis -dotéiert mat 2500 Euro- goung un eng Madamm Zuza Jakubiak. Felicitatiounen! Ma och si hätt – wa mir an der Logik vun der Criticaille bleiwen-, geknäipt. Hei ass hir Zeechnung.

 

An hei d’Photo vun engem bekannte Photograph vu Wien, curateaur vum Instagram-Profil folia-folia an Zesummenaarbecht mat der online-Galerie return on art.

 

En anert Beispill vun där nämmlechter Artistin:

Vorher

Nachher (just d’Dir steet hei op am Géigesaz zu der Photo):

Den Ament op der Biennale ass d’Wierk ze gesinn vun der Madamm Pirot. Ganz däitlech ze erkennen: d’Aline Mayrisch. Eng Photo déi am Original droits d’auteurs ënnerläit. Do sot mir d’Madam Pirot um Mëttwoch Owend, datt dat esou net stëmmt. Déi Foto wier fräi an si hätt och d’Autorisatioun dofir. Meng Entschëllegungen also!

Atelier Hützel

D’Wierk vun der Madamm Pirot

 

Den Artist ka sech och mol just vun Deeler aus engem Originalwierk inspiréieren.

Dat ass virun 3 Joer der Kënschtlerin Claudine Maillet exzellent gelongen. Si krut deemools op der 10. Biennale den éischte Präis.

 

 

De Wollef am Schofspelz, oder wat? Et kann ee senge Gedanke fräie Laf loossen. Dobäi sollt een allerdéngs wëssen, datt dat Scheefchen am Hannergrond de Shaun the sheep ass, eng Figur aus enger bekannter englescher Komedie. Eng visuel Identitéit, déi streng geschützt ass. https://bit.ly/3mh2kmJ

shaun the sheep

 

Den Artist benotzt also e ganzt Wierk oder Deeler dovunner, dat entweder national oder international bekannt ass. Hie mécht sech domadder zu engem neien Interpret vun deem Wierk, dat hien an en anere Kontext setzt. Also zum Beispill eng Kierchemolerei vu virun 1000 Joer mat Jesus a Kompanie an e kommunistesche Kontext transposéieren, esou wéi et jo och mam Goethe sengem Faust méi wéi eng Kéier geschitt ass. Intressant Lecture an deem Kontext op Wikipediahttps://bit.ly/3xambcw

Och heiriwwer kann een diskutéieren a streiden…ouni Enn. Dat ass jo grad dat Schéint un der Konscht, déi laut dem Petit Robert eng  Expression d’un idéal esthétique ass. Dat ass eng vague Definitioun, an dat ass och gutt esou.

Am Fall Dieschburg sinn ech katastrophéiert, wéi dee jonken Artist mat der Päerdskutsch bei de Gaalgen gefouert gëtt. D’Päerdskutsch ass den Internet, de Stréck si mir alleguerten als aktiven oder passiven Acteur an där digitaler Welt. Moderne Pick-Nick!. Dobausse reent et. Wéi soll ech d’Zäit erëmkréien? Kommt, mir hänken nach een op! Iergendwéi ass déi léif nei Welt an engem permanente Krichszoustand!

Ah! Wéi schéin et dach ass, an e Stéck Kéiss ze bäissen                                                    an dobäi e Kënschtler ze zerräissen!!

Haut den Owend sinn iwwregens op apart tv beim Marc Thoma an dëser traureger Geschicht den Artist Jeff Dieschburg selwer an och de Gaston Vogel am Interview. Also aschalten! A wien d’Emissioun op apart tv verpasst huet, kann den Interview duerno och op dëser Säit kucken a lauschteren.

2 COMMENTS

  1. Appropriatioun – Annahme, Inbesitznahme, Besitzergreifung oder
    Diebstahl- daat héescht ëtt gehéiert ëngem nëtt- daat huet néischt matt ‚Kulturbanausen‘ ze dinn. Kopéiren fir ze üben – Ok. Fir auszestëllen oder als éegend Wierk ze verkaafen- Néen. 🤷‍♀️

  2. Dir vergleicht hei Äppel mat Bieren. An all den genannten Verglaicher sinn emmer sust Gebaier oder aal Konschtwierker ze gesinn dei effektiv kennen esou ofgeknaipt ginn wei een halt Loscht huet.

    Bei dem Bild fumm Jingna Zhang schwätzen mir funn enger Foto funn enger Persoun, do as weder d’Model waat aktuell nach ganz lebendeg as, nach d’Jingna selwer domat anverstaanen gewierscht.

    Gouf d’Jingna gefroot? Nee?
    Dann daerf hien och keen geld domat maan. Fir ze üben an der Rei. Awer keng monetariseierung. An schon guer net behaapen hien wier et selwer gewierscht deen “sein Schaafen” faerdeg brued huet.

    Hien huet ganz gudd Technik an hien huet Talent, mais hei as den Jong an den Pëtz gefall. An daat soll hien och angestoen. Ganz ouni Affekot op senger Sait weg.

    https://chng.it/wkj2Jfxg

    Leiw Leit, ennerschreiwt dei Petitioun weg.

LEAVE A REPLY

Please enter your comment!
Please enter your name here