Recent Posts

Post Categories

FRANK BERTEMES: Des Friedens Kern 
Am 28. Juni strömten sie – ob vierzehn- oder fünfundzwanzigtausend, wer zählt das schon bei Volksbewegungen? – Richtung Knuedler. Und...
Von Cannes bis zum Gerichtssaal: die Wahrheit hinter Luxemburgs Filmglamour  
Während Millionen Steuergelder via Filmfund in die Taschen einer kleinen Zahl von sogenannten Filmproduzenten fließen und das Parlament jetzt  vor...
Frank Bertemes: Unterwerfung? 
Trumps Wille geschehe    – das beim NATO-Gipfel. Man kommt allerdings nicht umhin, sich ob der klaren Vorgaben dieses Machtmenschen,...
Manif um Knuedler: Fencheltéi a Spackelter 
Et huet sech erëmgeschwat: de Lëtzebuerger geet net gären op d’Strooss fir ze demonstréieren. Hie weess: wann a sengem Land...

Blog Post

Innepolitik

Sonndesfro: eigentlech Quatsch! 

Sonndesfro: eigentlech Quatsch!
Image par 5598375 de Pixabay

Déi lescht Meenungsëmfro vun TNS-ILRES ass jo op eng Manéier ganz däitlech: fir de gudde Krisemanagement gëtt an der Haaptsaach d’demokratesch Partei vum Wieler belount. D’Oppositioun geet dobäi wéi erwaart eidel aus. Fir awer aus Prozenter eng nei Sëtzverdeelung um Krautmaart ze maachen, ass net nëmme gewot, ma och nach falsch! Dofir ass eise Wahlsystem ze komplizéiert, besonnesch bedéngt wéinst dem Panachéieren a wéinst dem Berechnen an de Bezierker!

ech zweiwelen net un, datt d’Vollek sech duerch de Confinement gréisstendeels a Sécherheet gefillt huet an dat der Partei vum Staatsminister honoréiert: d’DP gëtt am Sondage vun 20,6 Prozent vun de Wieler ënnerstëtzt, wat eng Hausse ass par rapport zu de leschte Parlamentswahlen vun 3,1 Prozent. Dorausser eng Sëtzverdeelung maachen, ass grotesk!

Wéi all Meenungsëmfro ass och dës just eng Momentopnam. An déi huet et déi Kéier a sech! Et ass d’Photo vun enger Regierung, déi d’Land grad aus enger fatzeger Kris eraus manövréiert huet. D’Land ass wäit ewech vu Wahlen. Virun allem awer ass d’Verdeelen vun de Mandater extreem delikat! Do misst ee schonn den Detail hunn, mat de Resultater vum Sondage pro Bezierk. An dann nach!

“…TNS-ILRES disqualifizéiert sech selwer…”

D’CSV verléiert an der Ëmfro 1,4 Prozent. Och dat zweiwelen ech net unn. Mä dorausser e Verloscht ze maachen vun 2 Mandater ass Poker-Spill, Loterie, méi net! TNS-ILRES schreiwt jo selwer: Die Fehlermarge liegt zwischen +/- 1 und +/- 2,3 Prozent! De Sondage seet also bäi wäitem net dat aus, wat hien versprécht. Hie gëtt eng Tendenz un, méi net. Wann ech déi héchste Feelermarge huelen vun 2,3 Prozent minus, bleiwen déi Liberal ëmmer nach mat 0,8% an der Hausse. Ëmgedréit géing d’CSV ( plus 2,3%) ëm 0,9% klammen. Jo, wat dann elo?! Esouguer déi Gréng géingen näischt méi verléieren an d’Sozialisten géingen sech dichteg erhuelen!

Fazit: de Sondage ass interessant, besonnesch fir d’Politiker selwer. Dorausser eng Héichrechnung ze maachen fir eng nei Sëtzverdeelung am Parlament, ass d’Vollek op d’A gedréckt, Vorgaukeln falscher Tatsachen! Et ass wéi wann een mat engem Kaartespill probéiert, en Haus opzeriichten: wann d’Basis wakeleg ass, fält alles séier an e Koup.

Interessant dierft déi nächst Woch nach den zweete Volet vum Sondage ginn, mat de sougenannte “Käpp”. Déi berüchtegt Skala vu Kompetenz a Sympatie vun den eenzelen Politiker. Do ginn ech dervunner aus, datt eng Paulette Lenert en zolitte Sprong no uewe mécht; idem fir de Staatsminister. Ma och dat ass just eng Momentopnam, an nach ëmmer wäit ewech vu Wahlen..!

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *