Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Innepolitik

Blo Zukunft fir d’DP, schwaarz fir d’CSV! 

Blo Zukunft fir d’DP, schwaarz fir d’CSV!
Image par Arek Socha de Pixabay

an där neier TNS-ILRES-Ëmfro fir Wort an RTL stécht vill Musek fir d’Zukunft. Datt d’demokratesch Partei an der Wielergonscht klëmmt, ass keng wierklech Iwwerraschung. Wann et ëm Krisemanagement geet, kann virun allem déi gréisste Regierungspartei stëmmeméisseg profitéieren. D’Vollek stellt sech hannert dës Partei, an der Hoffnung, datt et gutt ausgeet. Klappt de Krisemanagement eenegermoossen, ass d’Land zefridden. The winner takes it all! Iwwerraschend ass allerdéngs, datt d’DP gläich ëm 3 Mandater géif klammen. An déi Situatioun hänkt zesummen mat der CSV, déi – an dat ass déi richteg Iwwerraschung- an dësem Sondage zimmlech däitlech zeréckgeet.

ma och an der Koalitioun selwer suergt d’Ëmfro fir Opreegung, fir Onzefriddenheet. Ass et net ongerecht, datt d’Belounung vum Vollek aleng iwwer de Liberalen wéi aus engem Füllhorn ausgeschott gëtt?! Waren d’Leit net – besonnesch am Ufank vun der Pandemie- begeeschtert vum sachlechen Toun vun der Gesondheetsministesch Paulette Lenert? Huet net och den Aarbechts- a Beschäftegungsminister Dan Kersch gutt Aarbecht geleescht, wann ee mol vu sengem verbalen Ausrutscher ofgesäit wat d’indépendants betrëfft?

Datt déi Gréng e Sëtz géife verléieren, soll een net iwwerbewäerten. An Zäiten vu Corona kann eng Tram- a Vëlopartei net besonnesch punkten. Ma grad esou wéi dës Partei hir Géigner huet, behält si dach eng trei Wielerschaft. Déi Gréng mussen allerdéngs hir Strategie fir d’Zukunft iwwerdenken. Mir sinn déi besser Blo geet net méi duer, well ëmmerhinn verléieren si e Mandat zugonschten vun deene wierklech Bloen. Am Resumé: Gréng a Rout kucken jalous op d’DP an iwwerleeën sech, wat si kënnen, mussen aneschters maachen, fir an 3 Joer net (zousätzlech) geschwächt aus de Walen ervirzegoen.

“…den eigentleche Probleem huet awer d’CSV…”

kloer! Eng Oppositioun huet et a Krisenzäiten schwéier, sech bei de Wieler de léiwe Männchen ze maachen: si sëtzt net un den Hiewelen vun der Muecht a kann keng Milliounen a Milliarden un Euro verspriechen, ënnert dem Vollek verdeelen; derbäi kënnt, datt d’Oppositioun sech aus Staatsräsong hannert d’Regierung gestallt huet, also de facto Gambia 2 politesch de Réck gestäipt huet. Aus där Situatioun ka kee Kapital geschloe ginn. Ma gläich e Verloscht vun zwee Mandater…!

Och op deem Punkt soll een d’Ëmfro net iwwerbewäerten, schliisslech si mer wäit eweg vun Nationalwalen, an d’Partei verléiert a Prozenter just ee Punkt. Trotzdeem seet d’Ëmfro vill aus iwwer den Zoustand vun der Partei. Grad an de leschte Méint a Wochen hat d’CSV hire Rhythmus an der Oppositioun (endlech) fonnt a géif elo fir hiren Asaz bestrooft ginn?! Do stécht méi derhannert.

Et héiert een et ëmmer nees- an zwar vun ‘normale’ Wieler ewéi vu Parteimemberen, datt déi eigentlech Leader-Perséinlechkeet feelt. D’Martine Hansen mécht zwar als Fraktiounscheffin kee schlechte Match, net schlecht, ma net gutt genuch, fir enges Daags d’Erausfuerderin vum Xavier Bettel ze ginn. Do ass nach Loft no uewen. De Frank Engel fir säin Deel ass en héich intelligente Mënsch, deen awer et net fäerdeg bréngt, d’Wielervollek matzerappen, ze iwwerzeegen vun der Iddi, datt seng Partei nees an Regierungsverantwortung gehéiert. An et héiert een och, datt d’Zesummenaarbecht tëscht der Fraktiounscheffin an dem Parteiboss net optimal leeft.

Dat féiert dann zu där cocasser Situatioun, datt verschiddentlech an de Kommentaren de Retour vun engem Claude Wiseler als Spëtzekandidat erop beschwuer gëtt. Déi Feststellung ass als Verdikt vun der CSV e Fiasko: zwee Neier bréngen et net, dann ersetze mir si géint deen Alen! Ma och Kommentateuren kënnen sech ieren. Do wou si sech awer eens sinn, ass, datt et der Partei un engem Hoffnungsträger feelt. E Juncker ass net einfach duerch e Schnipp/Schnapp z’ersetzen.

Eng Situatioun, un där d’Fraktioun riskéiert zu Gronn ze goen. Well, et geet un d’Substanz wann vereenzelt Volleksvertrieder sech intensiv asetzen an dofir net vum Wieler belount ginn. Dat schaaft Frust, kann zu engem Zerfleeschungsprozess féieren! Der CSV bleiwt den Ament näischt aneschters iwwereg ewéi ze hoffen, datt deen nämmlechte Prozess an der Regierung ufänkt. Sollt d’Ekipp ronderëm de Xavier Bettel et fäerdeg bréngen, d’Wirtschaftskris ouni gréisser Feeler ze meeschteren, ass d’CSV sech gewëss, weider 5 Joer op d’mannst op der Oppositiounsbänk mussen sëtzen ze bleiwen!

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *