Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Innepolitik

Genossen an déi Gréng schneiden sech an d’eegent Fleesch 

Genossen an déi Gréng schneiden sech an d’eegent Fleesch
Image par Werner B. de Pixabay

an der Gemeng Lëtzebuerg wollt déi politesch Oppositioun – LSAP, Gréng a Lénk- vu sech schwätzen doen a koum mat der Propositioun, d’Grondsteier eropzesetzen. Wuelverstanen, just fir d’Kategorie B6, déi d’Terrainen betrëfft, ob deene ka gebaut ginn. Déi geplangten Hausse sollt eigentlech gepeffert ausfalen, vun ablacklechen 500 Euro am Schnëtt op 15.000! Also gläich e Multiplikatiounsfacteur vun 30! Recht hu se. Géif et sech just ëm eng zëmperlech Erhéijung handelen, géingen verschidde Proprietären sech eng Boss voll laachen. Dobäi späizen sech allerdéngs besonnesch déi Gréng op de Kënn!

et handelt sech ëmmerhinn ëm 117 Hektar Land, dat kéint bebaut ginn. Also duerchaus vill Terrain, deen allerdéngs ënner iwwer 420 Proprietairen opgedeelt ass. Si géifen all bestrooft ginn fir hiert Stéck Land broochleien ze loossen, dorënner natiirlech eng Rei Promoteuren; gutt zwee Drëttel awer sinn a privatem Besëtz. An dat ass d’Topwielerschaft vun der grénger Partei. Am Kontext vun der Sonndesfro hat d’Lëtzebuerger Wort e leschten Donneschdeg (2. Juli) geschriwwen: “ Grüne Politik kommt bei den hohen Einkommensschichten gut an (06), in den unteren Einkommensschichten ist man anderer Meinung (-0,3). Keine andere Partei hat derart auseinanderdriftende Werte.

image credits: Wikipedia.org

Deene Gréngen goung ze spéit d’Späicherliicht un; fir d’Motioun zeréckzezéien wor et ze spéit. Dobäi sëtzt hir Clientèle nawell gären um Cents oder um Lamperbierg, vu Méindes bis Freides mam Elektroauto ënnerwee, de Weekend den décke SUV aus der Garage geholl, mat hannendrop zwee e-Biken – vum Staat gesponsert. Gréng sinn nun emol déi besser Blo, op d’mannst déi méi modern Blo. Eriwwer sinn d’Zäiten wou an enger grénger Koppel Haschich-Kuch gebak a Strëmp gestréckt ginn. Grad ewéi d’Genossen, déi sech zanter 20 Joer och an der politescher Mëtt beweegen. D’Handwierk zum Beispill interesséiert d’LSAP séier wéineg, aus der einfacher Ursaach, well net vill Lëtzebuerger, also Wieler esou ee Beruff ergräifen.

déi blo-schwaarz Koalitioun um Knuedler huet déi Motioun natierlech net matgedroen. Si kënnt mam Verspriechen, bis d’Enn vum Joer eng Spekulatiounssteier ze proposéieren. Quetschen och! äntwerten do déi Gréng. Ëmmerhin hat Helmingesch Paul et schonn mat esou enger Steier probéiert….und versagte kläglich! Dobäi wier esou eng Steier awer méi gerecht.

Do ginn et Familljen – Schmit, Weber, Müller etc- déi sech ës gutt stinn an en Terrain kaf hunn fir deen an 2-3 Joer hirem Nowuess ze iwwerloossen. Ass et gerecht, déi Leit mat enger fatzeger Grondsteier ze bestrofen? Aus wat fir engem Grond, ofgesinn vun eiser Jalousie, déi mir hunn vis-à-vis vun esou gutt gestallte Familljen? Et sollen och Leit ginn, deenen hiren Terrain eréischt kierzlech an de Bauperimeter opgeholl ginn ass; et misst een deene Persounen op d’mannst eng Schounfrist vun e per Joer loossen!

Doniewt géif d’Ongerechtegkeet tëscht der aler valeur unitaire vun der Steier an där neier valeur nach méi grouss ginn. Deen ee Proprietär, deen den Ament 300 Euro fir säin Terrain muss bezuelen, géif op 9000 klammen; dee méi ‘jonke’ Besëtzer, deen haut 1000 Euro berappt, kéim op 30.000! Hat sech net do schonn Gambia 1 selwer verpflicht, endlech mat enger allgemenger Reform vun der Grondsteier ze kommen, eng Reform déi schonn viru Joerzéngten hätt solle kommen? Ma de Leit Suen aus der Täsch zéien kënnt net gutt un!

Waarde mir et of. Gréng a Rout hu sech mat hirer Motioun an d’eegent Fleesch geschnidden; Blo a Schwaarz sinn allerdéngs zanter dësem Méindeg gefuerdert: well d’Wunnengsnout ass grouss, e Sujet, mat deem duerchaus Wahlen kënne gewonnen oder verluer ginn! An eng Spekulatiounssteier trëfft virun allem déi eigentlech Blo, souzesoen d’Original, an där déi richteg Déck sëtzen…

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *