Bei der Police ramouert et zanter Méint gewalteg! Et geet ëm d’Méiglechkeet,respektiv d’Onméiglechkeet d’Carrière kënnen ze wiesselen. Op dëser Websäit fënnt een genuch Artikelen dozou. Politesch ass d’Police am Fokus wéinst der Sécherheet vum Bierger; grad dee leschten Politmonitor – vun deem een hält wat ee wëll- huet jo gewisen, datt op deem Punkt de Bierger, also och de Wieler alles aneschters ewéi zefridden ass. D’CSV hat dozou eng parlamentaresch Fro gestallt an déi Gréng bretzen sech, wéi dichteg si dach sinn.
Hunn si dobäi de Mond ze vill voll geholl? Hunn si déi falsch Chifferen genannt? Ieren gelunn? Eng Policegewerkschaft, d’ADESP reagéiert dorobber: korrekt am Toun mä haart an der Saach! Déi Gréng stinn zimmlech plakeg do. Et ass fir mech onméiglech ze urteelen, wien Recht huet, ma et schéngt sech dach ëm eng Manipulatioun vun den Zuelen ze handelen, woubäi de Minister Äppel mat Biren vergläicht: eng Kéier mat Zivil-Polizisten, eng Kéer ouni si. Maquillage!
D’CSV huet allemol de Minister an déi zoustänneg Chamberkommissioun zitéiert, m dat ka laang, ganz lang daueren! Maacht Iech selwer Äer Meenung. Hei ënnendrënner d’Richtegstellung vun der ADESP a ganz hannen um Wupp d’Reaktioun vum Minister no der Publikatioun vun dësem Text: eng Richtegstellung vun der Richtegstellung…
Text ADESP
Mir sinn schockéiert iwwer déi falsch Informatiounen, déi rezent vun der grénger Partei, respektiv dem Policeminister, verbreet goufen.
- An der Chamberssëtzung vum 27.06.2023 hunn souwuel den Här Minister Kox, wéi och d’Madame Empain, am Kontext vun der Motioun vun der CSV iwwer den Reclassement vun den Polizisten mat Schoulofschloss, Folgendes ausgesot:
Empain: “Et ass schonn méi laang hier och an der Commissioun thematiséiert ginn, mee et war och dës Regierung déi sech dovir agesat huet, dass vun den uersprénglech ugepeilten 413 Polizisten haut effektiv schonn iwwer 1.400 Polizisten konnten an den B1 wiesselen.”
Kox: “Dëser Regierung war et geleeën, dès le départ wou dat Gesetz ëmgesat gouf virun 5 Joer, villen Polizisten d’Méiglegkeet ze ginn fir deen Wiessel kënnen ze maachen. Well deemools war festgehalen ginn, dass just maximal 413 Polizisten nëmmen dierften an den B1 kommen. Wat hunn mir gemaach, ma all kéiers wann mir eng Well rëm opgeholl hunn, hunn mir deen Critère vun deenen 20%, nodeem mir dann déi Carrière inférieure op den C gekuckt hunn, hunn mir dann den Zougang ginn fir déi Berechnung ze maachen, deen Examen, déi Aarbecht ze maachen, an domat de Wee opzemaachen, dass déi Polizistinnen an Polizisten an déi Carrière kommen. Wéi gesot, haut sinn et der schonn 1.400.”
Et sinn keng 1.400 Leit, mee 884 déi vum C1 an den B1 gewiesselt sinn! Heivun hunn 634 Leit d’ “Voie expresse” gemeet (vun där den Här Minister Kox an senger Ried schwëtzt) an 250 Leit den “Out-In”.
Déi 1. Well vun der “Voie expresse” am Joer 2020 waren 354 Leit, vun deenen an Tëschenzäit de Gros an der Pensioun ass. Et hunn der duerno nach 20 dierfen noschreiwen. Déi 2. Well waren 260 Leit. Domat kommen mir op 634 Polizisten, déi bis dato d’ “Voie expresse” gemeet hunn.
All déi Aussoen, déi den Här Minister Kox an d’Madame Empain gemeet hunn, sinn u sech “off Topic”, well d’Motioun vun der CSV de Reclassement betraff huet (also d’Unerkennung vum Schoulofschloss vun den Polizisten, déi virun 2018 bei der Police waren an een Schoulofschloss haten). Den Här Minister Kox an d’Madame Empain schwëtzen awer vun der “Voie expresse”, also engem ganz aneren Mechanismus wéi deen vum Reclassement.
D’ “Voie expresse” ass een Mechanismus, deen 2015 beim Staat agefouert ginn ass, fir Beamten déi NET iwwer déi noutwenneg Diplomer verfügen fir an déi Carrière driwwer ze wiesselen. Bei der Police gëtt den Art. 94 (Voie expresse) awer och fir déi diploméiert Beamten mëssbraucht, also fir déijéineg Beamten, déi eigentlech all d’Conditiounen erfëllen fir “de plano” (Zitat aus dem Uerteel n° 174 vun der Cour constitutionnelle) an d’B1-Carrière ze kommen.
Mir weisen och drop hin, dass mat deem rezenten Accord duerch d’Hannerdier d’Voie expresse vum B1 an den A2 fir Police soll ofgeschaaft ginn. Hei sollen also der Police hir Carrièresperspektiven op een Neits vis-à-vis vun der Administration générale beschnidden ginn. D’Schaaffen vun dëser Inégalitéit kënnen mir absolut net guttheeschen.
Dësweideren sinn nach ronn 250 Polizisten iwwer den “Out-In” gewiesselt: 105 (2019) + ca. 100 (2021). Vun 2022 leien eis keng Zuelen vir, mee et waren wesentlech manner Leit.
Mir sinn also och mat den Polizisten, déi den “Out-In” gemeet hunn (634+250=884), nach ëmmer wäit ewech vun der Zuel 1.400!
Mir weisen hei nach eng Kéier drop hin, dass den “Out-In” een groussen finanziellen Schued bedeiten kann an domat fir een Beamten mat enger gewësser Anciennetéit, deen een Schoulofschloss huet (also fir all déi Beamten, déi mam Uerteel vun der Cour constitutionnelle viséiert sinn), absolut keng Optioun duerstellt.
Den “Out-In” ass och keen “Changement de Carrière” (et ass also keen “Changement” an och keen “Wiessel”) : Deen betraffenen Beamten fänkt nees bei Null un, dat heescht an deem Grade wou och en Fonctionnaire stagiaire, deen frësch an d’Police-Schoul kennt, ufänkt. Dat ass also wéi wann deen betraffenen Beamten NIE an der Police geweecht wier…
- D’Äntwert vum Här Minister Kox vum 30.06.2023 op d’Question parlementaire vun der CSV : “Den 1. Januar 2020 hat d’Police een Effektiv vun 1.728 Polizisten. Op den 1.01.2023 waren et 3.029 Polizisten insgesamt, mat 396 Stagiairen (cadre civil et policier).”
Ënnert dem Stréch hat d’Police den 01.01.2020 ongeféier 1.977 Polizisten(toutes carrières confondues).
Laut “Liste d’ancienneté” waren den 02.01.2020 an der Police: 78 Commissaires divisionnaires (Cadre sup.), 1.241 Commissaires, 587 Inspecteurs. Also insgesamt 1.828 Polizisten (resp. 1.906 mat den CSen). Dozou kommen 18 (20e Vol. Pol.) + 41 (1e prom. fonct. stag. C1) + 12 (1e prom. fonct. stag. C2), also insgesamt 71 Police-Stagiairen resp. Volontairen.
Ënnert dem Stréch huet d’Police haut ongeféier 2.470 Polizisten (toutes carrières confondues).
Laut “Liste d’ancienneté” sinn haut den 03.07.2023 an der Police: 84 Commissaires divisionnaires (Cadre sup.), 1.336 Commissaires, 680 Inspecteurs. Also insgesamt 2.016 Polizisten (resp. 2.100 mat den CSen). Dozou kommen 166 Polizisten déi elo assermentéiert goufen + 190 Stagiairen an der Policeschoul + e puer Leit déi een Noexamen hunn (14 Leit, vun deenen der awer och schonn e puer wechgefall sinn), also insgesamt maximal 370 Police-Stagiairen.
Unhand vun deenen Chifferen kann een also kloer erkennen, dass den Här Minister Kox mat deenen kommunizéierten Zuelen wäit vun der Realitéit ewech ass.
Zousätzlech wëllen mir och nach op eng aner Saach hiweisen:
- An der ëffentlecher Chamberssëtzung vum 27.06.2023 huet d’Stéphanie Empain, am Kontext vun der Motioun iwwer den Reklassement vun den Polizisten mat Schoulofschloss, Folgendes iwwer d’ “Voie Expresse” ausgesot :
Empain: “Dësen Accord ass och op enger AGE vum SNPGL mat enger ganz ganz grousser Majoritéit ugeholl ginn”.
An den Verhandlungen mam SNPGL hunn d’Ministeren Henri Kox (MSI) an Marc Hansen (FP) gesot: “Entweder dat oder näischt. Entweder dir ënnerschreift deen Accord, oder d’Voie expresse bei der Police gëtt ofgeschaaft.”
Den SNPGL huet also sengem Memberen bei der Ofstëmmung deen Message weiderginn. Wann een d’Ofstëmmung aus deem Bléckwénkel kuckt an wann een nach berücksichtegt, dass vill Beamten mat 1e den SNPGL no 2018 verlooss hunn, weess een firwat eng ganz grouss Majoritéit dat do ugeholl huet!
Informatioun am Rande: Den Pascal Ricquier huet no den Verhandlungen mat den Ministeren Kox an Hansen als Konsequenz seng Démissioun am Comité exécutif vun der CGFP ginn.
Zu gudder Lescht betounen mir nach eng Kéier, dass d’Uerteel n° 174 vun der Cour constitutionnelle am Kader vun der Voie expresse (Art. 94 vum Policegesetz) just respektéiert gëtt, wann déi folgend 2 elementar Punkten (déi mam aktuellen Projet bewosst negligéiert ginn) an den Projet integréiert ginn fir déi Leit, déi een Schoulofschloss hunn (Stéchwuert “de plano”) :
– Dispense vum Travail de réflexion
– Retroaktivitéit op den Datum vum der 1. Ramm (01.01.2020) vum Triichter vun 12 Joer
Dës 2 elementar Punkten ginn an deem rezenten Accord, deen den Här Minister KOX mat den Gewerkschaften SNPGL/CGFP fond huet (wann een et sou nennen kann) an wou d’ADESP, als Représentant vun deenen 600 léseierten Beamten, bewosst à l’écart gehalen gouf andeems mer guer net consultéiert goufen, zu kengem Moment respektéiert.
Mat enger Integratioun vun dësen 2 Punkten kéinten weider Inégalitéiten an domat och weider Recoursen am Kontext vun dësem Projet de Loi verhënnert ginn.
Umierkung: D’Zuelen, déi mir iech hei matdeelen, stamen ënner anerem aus den Listes d’Ancienneté an den Dislocatiounslëschten. Op eng Ufro, déi mir den 29.06.2023 via Mail un eis DRH geriicht hunn, kruten mir bis dato keng Äntwert.
Mich MANGEN
Président ADESP
- Hei ënnendrënner déi parlamentaresch Fro vun der CSV zu deem Sujet
- 20230630 QP CSV effectif cadre policier
Dräi Stonnen no der Publikatioun vun dësem Rectificatif vu Säiten vun der Policegewerkschaft koum de Rectificatif vum Minister. E bësselche lächerlech ass et schonn.Hei ënnendrënner also déi nei Versioun vum Minister sengen Zuelen.