Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Gesellschaft

Corona-Krich: Gedanken aus dem Zaldotevollek 

Corona-Krich: Gedanken aus dem Zaldotevollek
Image par morzaszum de Pixabay

Gewier bei Fouss! Mir si schliisslech am Krich! Esou sot et mol ee vun den Urenkelen vum Louis XIV. A Krichszäiten muss zesummegehale ginn, de Kapp net hänke gelooss. Grad mir Lëtzebuerger  sinn dat geléiert ginn: wann et bis eescht gëtt, sinn all Meenungsdivergenze vergiess a mir schwätzen wéi aus engem Mond. Do si mir dann wéi d’Musketären. Een fir s’all, all fir een! An esou hu mir eis agekrempelt a wore brav, bal reliéis géint de Virus matmarschéiert. De Krich dauert elo scho bal ee Joer a vereenzelt gi sech Froen gestallt. E Bléck no hannen an och no vir.

Enn Februar 2020 war d’Welt bei eis nach an der Rei. D’Leutnantin Paulette Lenert war nach net laang an hiren neie Funktiounen an hat zimmlech ongenéiert dem Land matdeele gelooss, datt de Virus e chineesesche Probleem wär. Lëtzebuerg bräicht sech keng Gedanken ze maachen. Mir hunn et gegleeft, trotz dem massive Stierwen zu Wuhan. E Mount méi spéit si mir hannert eiser Maginot’s-Linn erwächt. De Virus war tatsächlech net nëmmen Maoist!

Image par ThePixelman de Pixabay

An de Kapitalismus war enorm schlecht op dee Krich preparéiert. Déi rout Volleksrepublik war vu lauter Masken quasi blo getéint, a mir hate keng eenzeg! Dofir gouf eis Woche laang verzielt: eng Mask kann e Virus grad esou wéineg zeréckhalen wéi e Fuerz. Dat braavt Zaldotevollek huet et gegleeft, bis deen Dag, wou d’Land mat Masken zougeschott war. Du gouf se obligatoresch…ma och d’Droen vun engem Buff war erlaabt. 4 Lazarettzelter goufen opgeriicht, Plaz fir honnerte Krichsverletzter. Si goufen no 2 Méint onbenotzt nees ofgebaut.

“LST” war den neien mot d’ordre, large scale testing! Bis ewell fir iwwer 60 Milliounen Euro! Ronderëm eis hunn déi éierbar Noper ugefaangen, d’Grenzen zouzemaachen. Den Ausseminister ouni Grenzen Jean Asselborn huet verkënnege gelooss: “Die Grenzkontrollen machen mir grosse Sorgen. Wir müssen höllisch aufpassen. Wenn der Schengen-Raum fällt, dann fällt auch das Europa der Bürger”. D’Grenzen goungen zou, de Bierger huet domm aus der Wäsch gekuckt.

Image par Hilary Clark de Pixabay

An Italien woren se schonn zu dausende gestuerwen, ouni Signal vun deem Europa vun de Bierger. D’Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen war ze vill mat sech selwer a mat hirem green deal beschäftegt. No Wochen vum “de-Kapp-an-de-Sand-stiechen” koum endlech eng Entschëllegung mat engem fette Scheck hannendrun.

“…WOU SI MIR HAUT DRUN?…”

No 330 Deeg an de Schützegrief si mir – grad wéi 14/18- ee Meter weider komm an ee Meter zeréckgaangen. D’Grenzen ginn ni méi zougemaach, gouf d’lescht Woch nach jubiléiert. Den Dag drop liesen ech am Luxemburger Wort iwwer d’Belsch: Les voyages non essentiels en dehors du pays seront interdits jusqu’au 1er mars. Sont surtout visés les voyages touristiques et récréatifs. Les frontaliers pourront toutefois…” Also awer iergendwéi zou?! An déi Säit virdrun – ëmmer nach am Wort- liesen ech vum Generol Bettel: “…am Donnerstag wurde beschlossen, keine Reiseverbote zu verhängen. Dobäi titelt d’Zeitung: Les Belges passeront le carnaval au pays! Europa-Bréissel schwätzt also eng aner Sprooch wéi National-Bréissel? D’Liewen vum Zaldot fänkt un, komplizéiert ze ginn, wa gläich e puer Genereel fir Kakophonie suergen.

Grad esou housch et an der Europäescher Unioun: de Corona-Test bleift fräiwëlleg, gëtt ni eng Obligatioun. An deem nämmlechten Zeitungsartikel liesen ech -nees eng Kéier iwwer d’Belsch:“Des mesures drastiques sont toutefois prévues, dont l’obligation pour le travailleur de “contact” de se faire tester chaque semaine....” Dat nennen ech dann e richtegt flott Duercherneen. Den Zaldot weess net, ob hie soll verdeedegen oder stiermen? An déi brittesch Versioun vum Virus verbreet sech méi séier ewéi d’Laboratoires réunis kucke kënnen. Brexit!

Image par Łukasz Dyłka de Pixabay

E Blëtzkrich war et bis dato just vun där anerer Säit, ma elo hu mir d’Wonnerwaff, mat där de Feind kann ausradéiert ginn. Een Dokter sot zu mir 1 Dag viru Chrëschtdag: ech maachen zwou Sprëtzen simultan. Bei deem enge Patient lénks, bei deem anere riets. Paff!Paff! Dee Mann war hellewech begeeschtert. Wat hien haut wuel esou denkt, wou Lëtzebuerg weltwäit op der siewentleschter Plaz figuréiert? 5600 Impfungen bannnent 28 Deeg, 200 Persounen all 24 Stonnen. Wéi an der Planwirtschaft…

Dobäi louchen tëscht der 1. an der 2. Offensive 5 ganzer Méint, wou een sech just op dëse Moment ze preparéieren hat: all d’Regierungen an déi Europäesch Kommissioun mat hiren 30.000 Fonctionnären! 150 Deeg fir de Vaccin anzekafen a fir d’Verdeelen ze organiséieren. Fir an der offizieller Terminologie ze bleiwen: all Dag Krich kascht Mënscheliewen. All Dag Krich zitt wirtschaftlecht Leed mat sech. D’Südfront vun Europa riskéiert eis ewech ze briechen; d’Länner ginn alt méi verschëlt. Ma en Zaldot stellt keng Froen. En Zaldot schéisst! Wat elo grad geschitt ass….

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *