Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Gesellschaft

Christian Spielmann: Interessens-Konflikter? 

Christian Spielmann: Interessens-Konflikter?
Image par Tumisu de Pixabay

Wann een déi an der Corona-Hysterie verwéckelt Personnagen mol genau ënner d’Lupp hellt, da brauch een sech net ze wonneren, dat déi keen Enn kritt, well soulaang Politiker a Wëssenschaftler op Spëtze-Positiounen sech net fir d’Wuelbefannen vun der Mënschheet asëtzen, mee just masseg Suen wëllen asäckelen, kritt dës Kris ni en Enn. Hinnen hëllefen dobäi och nach d’Medien – weltwäit -, well se vergiess hunn, datt et d’Aufgab vun engem Journalist ass, alles ze hannerfroen, ze recherchéieren an sou d’Wourecht opzedecken. Si hunn e neien “Kadavergehorsam” der Politik géintiwwer entwéckelt, eppes wat net ze verstoen ass, just wann se vun den Regierungen massiv ënner Drock gesat goufen. Hei sinn e puer Leit erausgepickt ginn, déi sech gär am Mëttelpunkt vun den Medien gesinn, mee déi sech a Wierklechkeet guer net ëm d’Wuel vun de Mënschen këmmeren.

 

Karl Lauterbach

 

Déi däitsch Regierung gëtt den Professer Dr. Karl Lauterbach als hiren “Gesundheitsexperte” aus. Den Lauterbach huet Medezin zu Oochen studéiert, wéi ënner anerem och nach Gesondheets-Ekonomie mat Schwéierpunkt Epidemiologie. No den Studien trëtt den Lauterbach der CDU bäi an 2001 der SPD. Sou gesinn vill Leit den Lauterbach éischter als Politiker, wéi als Gesondheets-Expert. Schonn am Joer 2000 stécht den Lauterbach 800.000 Euro vun Pharmaindustrie an d’Täsch, fir Studien iwwert Medikamenter. Sou war hien och un enger Studie iwwer den Cholesterinsenker Lipobay bedeelegt, deen Bayer op de Maart bruecht huet, mee 2001 zeréckgezunn huet, nodeems et eng sëlleg Doudesfäll ze bekloe gouf. Wéi et schéngt war de Lauterbach iwwert déi geféierlech Niewewierkungen informéiert ginn. Mee hien huet all Warnungen ignoréiert. Den “Klabauterbach”, wéi hien dacks bezeechent gëtt, huet den “Spiegel” 2004 “Einflüsterer” genannt, well hien deemools déi däitsch Gesondheetsministerin Ulla Schmidt beroden huet. Och gëtt hien vum “Spiegel” als “gewissenlos” charakteriséiert. Den Lauterbach war 12 Joer am Opsiichtsrot vun der privater Rhön AG. 2013 kënnt et zum Eclat. D’”Südeutsche Zeitung” deckt op, datt d’Botzpersonal ënnerbezuelt an exploitéiert gouf. De Lauterbach, deen 2012 64.000 Euro am Opsiichtsrot verdéngt huet, wéi och de Rescht vun der Direktioun hunn dës Virwërf bestridden, an de Skandal ass am Sand verlaf. De gudde Mann soll eleng 2017 tëscht 122.000 an 253.000 Euro als Nieweverdéngscht kritt hunn, fir Virträg a wëssenschaftlech Berodungen. Iwwregens war hien mat der Epidemiologin Angela Spelsberg bestuet (Scheedung 2010). Mee si deelt d’Meenungen vun hirem Mann guer net a sot souguer: “Hoffentlich wird er nicht Minister!“ Sou engem dubiéisen Kärel vertraut elo den Jens Spahn voll a ganz.

(Quellen: www.wochenblick.at/promi-fussballer-ueben-deutliche-kritik-an-corona-lauterbach;

www.news.de/politik/855879364/karl-lauterbach-privat-von-frau-angela-spelsberg-geschieden-kinder-epidemiologe-harvard-zaehne-fliege-spd-politiker-dauergast-illner/1;

https://kurier.at/politik/ausland/ex-frau-von-spd-politiker-lauterbach-hoffentlich-wird-er-nicht-minister/33.547.492;

www.spiegel.de/wissenschaft/der-einfluesterer-a-cac9b0b4-0002-0001-0000-000030346862?context=issue).

 

Emer Cooke

 

Am November 2020 gëtt Dr. Emer Cooke Directrice vun der EMA, der Europäescher Medikamenten Agentur (European Medicines Agency). Si huet zu Dublin Pharmazie an Betribswirtschaft studéiert. Si war si vun 1985 bis 1988 a verschiddenen Positiounen vun der irescher Pharmaindustrie täteg. Duerno huet si als pharmazeutesch Expertin bei der irescher Agence fir d’Regulariséierung vun Medikamenter geschafft. 1991 kënnt si an den Virstand vun der EFPIA (European Federation of Pharmaceutical Industries and Associations), den Daachverband vun den gréissten europäeschen Pharma-Konzerner, also ënner anerem Pfizer, AstraZeneca, Novartis, Johnson & Johnson. 1998 wiesselt d’Madamm Cooke bei d’EU-Kommissioun, wou si den pharmazeuteschen Service leet. An 2016 kënnt si bei d’EMA, wou si sech zu London ëm international Affäre këmmert. Wéi kann dës Fra engem vun hiren fréieren Patronen eppes verweigeren? Souguer wann vill Risiken mat enger Autorisatioun verbonne sinn.

(Quellen: https://de.wikipedia.org/wiki/Emer_Cooke;

www.ots.at/presseaussendung/OTS_20210401_OTS0032/fpoe-hauser-ema-direktorin-hat-ihr-ganzes-arbeitsleben-mit-lobbying-fuer-die-pharmaindustrie-verbracht;

https://report24.news/verdacht-auf-interessenkonflikt-ema-chefin-emer-cooke-war-jahrelang-lobbyistin-der-pharmaindustrie/;

https://de.rt.com/europa/115540-ema-direktorin-jahrelang-lobbyistin-pharmaindustrie).

 

Lothar Wieler

 

Den Professer Dr. Lothar Heinz Wieler ass en Déierendokter an Fach-Déierendokter fir Mikrobiologie. Zanter 2015 ass hien de President vum Robert-Koch-Institut (RKI). Hien ass awer och nach Member an verschiddenen Gremien, sou ënner anerem am Netzwierk “Global Research Collaboration for Infectious Disease Preparedness” an der “International Association of National Public Health Institutes” (IANPHI), déi allen zwee vun der Bill & Melinda Gates Foundation ënnerstëtzt ginn. An den RKI huet 2019 eng finanziell Hëllef vun dëser Fondatioun an Héicht vun 253.000 Dollar kritt, fir den Developpement vun Impfstoffer. Am Dezember 2020 gëtt bekannt, dat e Mataarbechter vum RKI un enger Firma bedeelegt ass, déi PCR-Tester hierstellt. Den Wieler behaapt, datt him all Informatiounen zu dëser Affär feelen, an sou seet hien einfach mol näischt.

(Quellen: https://de.wikipedia.org/wiki/Lothar_H._Wieler;

www.wochenblick.at/die-akte-wieler-gates-mitglied-beraet-deutschen-gesundheitsminister;

www.wochenblick.at/milliardengeschaeft-pcr-test-robert-koch-mitarbeiter-verdient-mit).

 

Christian Drosten

 

Den däitsche Virolog Prof. Dr. Christian Drosten gehéiert sécher zu den am meeschten kontroverséierten Personnagen an der aktueller Kris. Zanter 2017 ass den Drosten Institutsdirekter an de Leeder vun der Virologie vun der Berliner Charité. An och d’Charité kritt Suen vun der Bill & Melinda Gates Foundation. Am Januar 2020 entwéckelt den Drosten den éischten PCR-Coronatest, deen den 23. Januar 2020 von der Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) als Mëttel zum Noweis vum SARS-CoV-2-Virus unerkannt gëtt. Ee vum Drosten sengen fréieren Mataarbechter, den Olfert Landt, huet d’Firma TIB Molbiol gegrënnt. An dës Firma stellt PCR-Tester hier! Am Raum steet ëmmer nach d’Fro, ob de Virus isoléiert a gerengegt gouf, déi ultimativ Konditioun, datt e PCR-Test kann obgestallt ginn. Komescherweis seet souguer d’WHO am Januar 2021, datt den Test vum Drosten feelerhaft ass. Mee et héiert keen op d’WHO.

(Quellen: https://de.wikipedia.org/wiki/Christian_Drosten; https://www.rubikon.news/artikel/spates-eingestandnis; https://www.wochenblick.at/kritisch-nachgeschaut-coronavirus-sein-isolat-und-seine-mutanten;

https://www.kla.tv/ChristianDrosten/17877).

Et kënnt een d’Lëscht nach weiderféieren, zum Beispill mam Sebastian Kurz, den éisträicheschen Bundeskanzler, deen an eng Masken-Affär verwéckelt ass, oder den Jens Spahn, den däitschen Gesondheetsminister, géint deen eng Plainte wéinst onbezuelten Masken gemaach gouf an et kann een sech och froen, wou de Spahn déi 4,125 Milliounen Euro hier huet, déi hien fir de Kaf vun enger Villa bezuelt huet.

(Quellen: https://www.tagesspiegel.de/politik/4-125-millionen-euro-kaufpreis-fuer-spahns-villa-darf-jetzt-genannt-werden/27018188.html

 

All dës Leit dierfen ongestrooft weider fueren an alles maachen, wat hier Täschen mat Euroen fëllt, just näischt, wat d’Welt eraus aus dëser Kris géif féieren.

 

Christian Spielmann

 

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *