Déifferdeng, den 18.04.2023
Madame Minister Bofferding Taina,
zanter Februar 2023 leien all Dokumenter um Verwaltungsgeriicht fir en Recours en Annulatioun vum Déifferdenger PAG (Plan d’Aménagement Général). Leider gëtt awer mat den Retarden ann Justizwiesen des Affaire um Verwaltungsgeriicht eréischt am September 2024 traitéiert. D.h. sou laang bleiwen Froen, ondemokratesch Bestriewungen asw… am Raum. D’Bierger hunn awer en Recht ze wëssen ëm wat et wierklech an éischter Linn geet; duerfir elo dësen “Oppenen Bréif’. Zwou Froen stellen sech: 1. Firwat ass et zu dësem Recours komm? 2. Kann den Inneministère et veräntwerten, d’Froen an Onsécherheeten nach weider laang schleefen ze loossen?
Et geet e.a. jo em sou genannt “Séances de travail non-publiques du conseil communal’ vum Déifferdenger Gemengerot bezüglech den 02. an 16. Juni 2021, wou néierens ze liesen ass, op d’Konditiounen vum Gemengegesetz erfëllt waren. D’Loi communale kennt jiddefalls keng séances de travail non-publiques, oder änleches, an mëscht och soss keng Differenzéierung oder Ponderatioun vun Themen fir den Gemengerot. “A/Y. 12. Le Conseil communal se réunit toutes les fois que l’exigent les affaires….”. D’ Gesetz seet dann weider am Artikel 21: “Les séances du conseil communal sont publiques…” — ausser déi am Gesetz notéiert Ausnamen ënnert Konditiounen.
Eng Jurisprudenz vum Verwaltungsgeriicht (TA39964) seet e.a. : “… le caractère public des séances du conseil communal est donc une condition substantielle de la validité de ses délibérations.” Hei muss een och op d’Definitioun vun “délibérer” hiweisen…: dictionnaire.Ierobert.com seet: e.a. Discuter avec d’autres personnes en vue d’une décision à prendre. Zuguer d’Gemengegesetz selwer seet am Artikel 20 ‘” . d’être présent aux délibérations du conseil communal. … . Cette interdiction s’applique tant aux discussions qu’au vote“. “Délibération” ass also kengeswegs identesch mat Decisioun oder Vote.
Dir selwer als Ministesch (Autorité de Tutelle vun den Gemengen) sot an ären Äntwerten op d’Questions Parlementaires 5365 an 5727 : ….op de Huis clos zréckzegräife wann d’Konditioune vum Artikel 21 erfëllt sinn. Ausnamen dozou ginn et keng. (…) lnformell Aarbechtssëtzungen si net duerch legal Dispositiounen gereegelt.” (…) . En Ënnerscheed an enger Seance ze maachen, tëscht “rechtskräftegen Decisiounen oder “net”, mëscht keen Sënn. D’Gesetz mëscht keen Ënnerscheed ob iergendwellech Decisiounen an enger Seance ustinn oder net.
D’offensichtlech net respektéieren vum Artikel 21 ass déi eng Saach (och schonn schlëmm genuch), mee den Déifferdenger Gemengerot huet dann eben dës sou genannten séances de travail non-publiques ofgehalen an sech duerno an der ëffentlecher Seance den 29. Juni 2021 dorops beruff. Den Kontrast: 2 vun 3 Gemengerotssitzungen zum PAG am Juni 2021 waren ann nov-pubIique. (ca 75 % vun den Stonnen!). Dat dierft jo dann awer schonn mol eng kloer KontradiKtioun sinn zum Gemengegesetz, zu der Jurisprudenz an zu der ministerieller Äntwert op d’Questions Parlementaires. Den nexten groussen Problem gouf et dann awer an der ëffentlecher Sëtzung vum Gemengerot; hei gouf et dann just nach vill Onprezisioun, Intransparenz an Saachen hunn och net gestëmmt. Et ass z.B ouni Parzellennummer schwéier en Objet ze lokaliséieren. Vill seet dann och aus, dass an der ëffentlecher Seance iwwert 130 PunKten an engem Block an grad emol 37 Minutten just nach opgezielt an gestëmmt goufen. Ganz grave an dëser Seance: Eng Fro vun engem Conseiller gouf net zougelooss, well hien déi net virdrun eran ginn hätt! Komescherweis, keen am ganzen Gemengerot huet reagéiert!
Mee, wéi heescht et am Verbatim (lnfoblat) vun der Seance? D’Schäffin zum Block vun den ca 130 Reklamatiounen: “Mir mussen all Reklamatioun eenzel ernimmen…..” An um Enn vun dëser Presentatioun d’ Buergermeeschtesch: “Nodeems elo d’Demanden alleguerte virgelies gi sinn, géif ech lech bieden, déi en bloc ofzestëmmen. D’Fro ass. Akzeptéiert Der d’Propos vum Schäfferot?” An direkt follgend, ouni Nofro, ouni Diskussioun: “Le conseil communal décide ä I’unanimité de faire siennes les propositions faites par Ie collëge échevinal.» Alles weist also dorops hin, dass d’Decisiounen schonn virun der ëffentlecher Sëtzung vum 29.06. geholl goufen; also wuel an den net-ëffentlechen Seancen vum Juni. Dir hudd dann als zoustänneg Ministerin den 09.06.2022 mat ärem Accord zum PAG dës ganz Prozedur approuvéiert, an néierens ginn dës net-ëffentlech Seancen an hier Follgen an Fro gestallt.
Natierlech kënnen sech d’Gemengerotsmemberen esou off an esou laang gesinn an diskutéieren wat si wëllen an sech och zuguer ënnert sech eens ginn. Mee, et duerfen awer keng Konfusiounen opkommen tëscht esou Treffen an offiziellen Gemengerotssitzungen, ob elo ëffentlech oder net-ëffentlech. Ënnert kengen Ëmstänn kënnen si dat als eng legal “séance du conseil communal” ugesinn, oder sech an offiziellen Seancen dorops bezéien, dass z.B. schonn eppes duerch des Treffen “supposé connu” wier. Dat wat an den Gemengerotssitzungen op den Ordre du jour kéint, muss identifiabel, kloer, transparent, kohärent an natierlech och wouer sinn! Dat war zu ganz groussen Deeler awer leider net den Fall den 29. Juni 2021 beim Vote vum PAG, an den 02. an 16. Juni sinn hei kloer als offiziell Seancen vum Gemengerot definéiert, an net als aner Reuniounsform. Wann den Gemengerot sech awer als solchen am huis clos gesinn wëll, muss hien eben d’Gemengegesetz respektéieren.
Madame Minister, Diskussiounen an Accorde déi hannert verschlossenen Dieren stattfannen, an ëffentlech just nach en Minimum vun och nach onprezisen lnformatiounen un den Bierger kéint? Wann dës Virgoensweis vun net-ëffent/ecf/en Aaröechtssëtzungen, wéi zu Déifferdeng, gutt geheescht gëtt, dann hunn mir jiddefalls en graven Problem vun Demokratie. Dann kann een Gemengerot sech am huis clos gesinn wéi hien wëllt, notamment fir onbequeem Themen, an sech just nach an “séances publiques” gesinn fir Decisiounen ze finaliséieren an ze votéieren; dat mat engem Minimum un Informatiounen fir d’Bierger. Dass sech dann och aner Gemengen heirun “inspiréieren” kéinten, dierft zimmlech kloer sinn.
Fänkt et dann net och un grotesk ze ginn, wann elo um Verwaltungsgeriicht d’partie défenderesse, den Staat, déi “séances de travail non-publiques du Conseil communal’, déi als net konform zum Artikel 21 vum Gemengegesetz ze gesinn sinn, an Oppositioun zu ärer Äntwert als lnneministesch zu den Questions Parlementaires, verteidegen soll??
Madame Minister, dobäi kommen leider an dësem Litige och nach déi erwisen Onwouerechten an den Äntwerten zu den Questions Parlementaires 5365 an 5727 an an dem Bréif vum 19.11.2021 vun der Gemeng un iech als Inneministesch am Kontext vun eisem Courriers-Echange vum 02 an 09 November 2021 betreffend d’Gemengerotssitzung vum 27.10.2021. Hei bréngt d’Gemeng et zuguer fäerdeg am Courrier vum 19.11.2021 den Procès-verbal vun der Sëtzung erwisenermoossen ze manipuléieren; an keen reagéiert!
Leider schéngt eis Chambre des Députés hir Kontrollfunktioun net wouer ze huelen, an och den Déifferdenger Gemengerot misst sech sengen Responsabilitéiten mol vläicht erëm méi bewosst ginn, an den Schäfferot net alles einfach maachen loossen. z.B. d’Fro stellen fir d’StelIungnamen fir d’Verwaltungsgeriicht mat der Argumentatioun vun der Gemeng am Gemengerot ze presentéieren oder d’Fro wéi eng Konsequenzen fir d’Gemeng an d’Bierger duerch dësen Recours. Ass et dann net och schlëmm, dass en Bierger sech finanziell belaaschten muss fir eng Confirmatioun ze kréien vun engem Gesetz inklusiv schonn enger Jurisprudenz?. (Dem Staat seng Part gëtt jo mat Steiergelder bezuelt).
Madame Minister, stoppt endlech des ondemokratesch Evolutioun voller lntransparenz, éier dat ganzt total zur Farce verkënnt! Huelt endlech déi Decisiounen an Initiativen déi sech méi wéi opdrängen. Verschaaft notamment dem Artikel 21 seng Valeur zeréck! Setzt iech spéitstens no den Gemengewalen mat deenen 2 aneren Parteien an dësem Litige zesummen, an kuckt valabel Léisungen ze fannen, och eben vläicht aussergeriichtlech, an kuckt net alles weider schleefen ze loossen. Natierlech muss och op d’VerwaItungsgeriicht 2024 gekuckt ginn, mee dat huet awer an_der Verqaangenheet schonn en_q kloer Jurisprudenz geschwat betreffend den Artikel 21a Dës schéngt awer leider eben net iwwerall unerkannt ze ginn an et ass einfach onverständlech, dass dir dat als Autorité de Tutelle vun den Gemengen alles esou zouloosst. Demokratie an Transparenz sinn extrem wichteg: loosst si net liichtfankeg op d’SpilI setzen aus politesch-strategeschen Grënn!
Mat respektvollen Gréiss!
André Gengler