Do sinn der Zwee, déi kënnen net esou richteg mateneen:Laurent Mosar an Etienne Schneider zermaulen sech regelméisseg, maachen sech frëndlech Gehässegkeeten. Esou och e leschten Donneschdeg an der Chamber, wéi et ëm d’Mënz goung am space mining. Den CSV-Vertrieder huet méi wéi engkéier betount, datt hie sech net zu Schued ass, als klenge comptabel drop hinzeweisen, datt an deem Kontext 12 Milliounen aus der Staatskees iwwer d’Schëller gemaach goufen. De Wirtschaftsministère hätt de Projet gefouert wéi en Amateur .Den Etienne Schneider goung a senger Aentwert net weider op déi Suen an, ma et sollt een d’Saach éischter am Grousse gesin an esou huet hie léiwer vun all deenen Initiative geschwat, déi vu privater Säit kommen, fir de Projet virun ze dreiwen. Um Enn sot de Minister, datt Lëtzebuerg geschwënn an de Weltall flitt, an zwar mat engem Spektometer. Déi souz! Déi wéinegst vun eis haten deen Term virdrun engkéier héieren, ma et goung an d’Ouer a blouf am Kapp hänken. De Grand-Duché a säi Spektometer. Wow! Op déi Manéier koum de Minister flott laanscht eng Aentwert, wat déi Sue betrëfft, déi sech verflëssegt hunn. Och d’Medien ware paff.
Dobäi si sech déi zwee Politiker eens, wat de Fong vun der Saach ugeet. De Space mining ass tatsächlech Zukunft!
A mir klengt Land stinn net- wéi et eis verkaaf gëtt- eleng do: bis ewell hu schonn eng 20 Staaten e sougenanntent Weltraumgesetz bei sech erausginn, dese Freideg ass Däitschland nogezunn. Virun allem d’USA a Russland begannen sech, well, am Weltall si vill Mécken (trotz dem Vakuum) ze fänken. Eleng den Asteroïd Psyche 16 soll seng 700 Trilliounen Dollar wäert sinn; e besteet exklusiv aus Eisen, Nickel a Gold. Aner Asteroïden, déi net ze wäit ewech sinn vun eiser Erd, bestinn zu engem gudden Deel aus sougenannter “seltene Erden”, also aus Metaller, déi an der Haaptsaach benotzt ginn, fir an den Handy oder an de Laptop anzebauen. Zanter 1967 gëtt et de Weltraumvertrag vun der UNO: kee Land kann iergendee Planéit fir sech an Usproch huelen, ma de Vertrag léisst ausdrécklech déi zivil Notzung vun esou Steebrocke vir. Also sollt Lëtzebuerg et och probéieren! Den Etienne Schneider misst just engkéier kuerz erklären, wéi dat konnt geschéien mat den 12 Milliounen €, déi iwwer d’Schëller gemaach goufen. Fior de Räscht kann hien op d’Ënnerstëtzung vun der CSV rechnen. Allerdéngs ginn ech d’Impressioun net lass, wéi wann de Minister mam Projet vu senger eegener Partei zeréckgepaff gi wier, well, e richteg sozialistesche Sujet ass et jo net grad. Och dann, wann um Psyche 16 de Fuendel vun der LSAP sollt festgesaat sinn, ass dat zwar en enormen Erfollech fir d’Land, bei deem d’Partei selwer allerdéngs eidel ausgeet!