Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Innepolitik

Politmonitor decidéiert keng Wahlen. Cahen, Kox,Turmes a & awer schonn! 

Politmonitor decidéiert keng Wahlen. Cahen, Kox,Turmes  a & awer schonn!
Image par Tumisu de Pixabay

D’Land krut also nees de bi-annuelle Politmonitor opgedëscht. Op d’mannst de Politiker weess domadder, wou hien drun ass an de Bounen; hie weess, wat de Wieler esou vun him perséinlech a vu senger Aarbecht hält. Dorausser awer wéi aus dem Kaffismott eng Prognose fir déi nächst Wahlen ze liesen, ass méi wéi gewot. De Sondage gëtt maximal en Trend unn.

Datt d’Sozialisten zum Beispill 4 Politiker(innen) ënnert den éischten 10 hunn, ass zwar schéin fir si, wëll awer op kee Fall bedeiten, datt d’Genossen sech elo schonn als de Gewënner vun den nächste Wahlen kéinte feiere loossen. Wann et esou einfach wär! D’Madamm Lenert wäert mat Sécherheet extreem vill Stëmme kréien als Merci vum Bierger fir dee groussen Asaz an der Pandemie, an awer kann hire perséinleche Score net driwwer ewechtäuschen, datt déi sozialistesch Etikett den Ament – a scho méi laang- net därmoosse gefrot ass an der Gesellschaft.

D’Sozialisten haten och fir déi lescht Wahlen eng Partie “Déckkäpp”, wéi den net onëmstriddene Vizepremier Etienne Schneider oder och de fréiere Chamberpresident Mars di Bartolomeo. Och si hate massiv Stëmme geraf an nawell hat d’LSAP hiert schlechtste Wahlresulat gemaach an der Nokrichsgeschicht! Wann et dann esou einfach wär, stéing jo elo schonn déi nächst Koalitioun fest: d’Sozien zesumme mat de Liberalen, déi fir hieren Deel 3 Politiker ënnert den Top-10 kënne platzéieren. Dat misst jo eng kamoud Majoritéit erginn!

An deem nämmlechte Gedankespill géing eng CSV mat just engem eenzege Vertrieder ënnert den éischten 10  an d’Bedeitungslosegkeet verbannt ginn. An de Pirat Sven Clement kéint sech op der 7. Plaz esou lues waarm lafen, de Staatsministär ze kaperen! Allerdéngs gëtt dëse Politmonitor – wéi all Sondage- dach en Trend un, eng Richtung, an déi kann ee kommentéieren.

“…Virentscheedung an der Gemeng

Lëtzebuerg?!…”

Déi grouss Verléierin an dëser Ëmfro ass d’DP-Fra Corinne Cahen. D’Familljeministesch kritt d’Quittung fir hiren Asaz – oder éischter Net-Asaz- an den Alters- a Fleegeheemer: minus 11 Prozentpunkten! Dat ass eng riicht an d’Gladder a virun allem:

image credits: gouvernement.lu

et räisst d’Basis a Stécker, fir an engem décke Joer aus der Regierung ze demissionéieren a sech fir de Buergermeeschterstull um Knuedler ze interesséieren. Mat engem Verloscht vun 11 Prozent ass net méi un esou eng Kandidatur ze denken. Ganz dofunner ofgesinn, datt eng Partie Leit vun der Staader DP d’Corinne net riche kënnen.

D’Madamm Cahen also raus aus der kommunaler Course, wat bedeit, datt d’Lydie Polfer nach eemol muss an de Suedel! D’Gemengemamm par exellence misst hier Partei als Spëtzekandidatin an d’Campagne féieren, d’Madamm Cahen kéim mat op d’Lëscht, well iergendwann muss jo dat nogeholl ginn, wat bis dato verluppt gouf, nämlech nei Parteitigren an der Haaptstad erunzeziichten. Dat kann klappen, muss awer net, op alle Fall brauch et 8 Joer Zäit!

“…D’CSV huet den Départ vum Frank Engel den Ëmstänn entspriechend gutt iwwerstanen!…”

Gréisste Verléierin bei de Konservativen ass d’Martine Hansen, déi mat minus 5 Prozentpunkten ofgestrooft gëtt: si kritt als Fraktiounscheffin d’Rechnung ze bezuelen fir de Spektakel an der Ëffentlechkeet ronderëm den Ex-Parteipresident Fränk Engel. A bossegerweis kommen déi 5 Prozent engem Claude Wiseler zegutt: dee Mann huet propper Aarbecht geleescht an der Gestioun vun der Pandemie, d’Land seet Merci, net vun der Situatioun politesch abüséiert ze hunn. Déi 6. Plaz ass him sécher am Politmonitor…an da mussen d’Guckelcher sech gedëllegen bis d’Plaz 14, déi nees fir en CSV-Vertrieder as., de Serge Wilmes. Neit Blutt fir konservativ Politik, awer wäit dofunner e shooting star ze sinn, wuel éischter e virtuellen Eedem aus der Optik vun eelerem Wielerpotenzial.

Domadder huet d’CSV e fatzege Probleem! Wee soll Spëtzekandidat an zwee Joer ginn? J’ai déjà donné. Ech gouf scho Mëllech, ass d’Äntwert vum Claude Wiseler, dee virun 30 Méint vill ze fréi – an op der Basis vun engem Sondage!- als Wahlgewënner gefeiert an op der leschter ligne droite ofgestrooft gi war. An haut? D’Situatioun huet sech net vill geännert.

De Wiseler steet um CSV-Schachbriet eleng do als Kinnek. Wäit a breet keng aner Figur fir ze assistéieren, Wilmes an Hansen als Leefer op der 14. a 15. Plaz, de Mosar als Tuerm op der 20., an dann eng Rei kleng Baueren. Am Schach wéi an der Politik ass all Figur wichteg. Allerdéngs weist dës Situatioun, datt d’Partei keen anere Kandidat huet, fir de leadership an der Wahlcampagne ze iwwerhuelen. Awer wëll de Mann dat?

Eng Alternative zu der DP an zum Xavier Bettel sinn hien an d’CSV net richteg. Et géing héchstens duergoen fir als Juniorpartner mat an d’Koalitiounsbett mat de Liberalen ze klammen. Wärend deene 5 Joer hätt d’Partei Zäit, sech nei opzestellen, Minister an Deputéierten kéinten d’Period notzen, hire Profil ze schäerfen. Konditioun fir des Hypothees: déi ablécklech Koalitioun gëtt brécheg, gëtt 2023 net erëmgewielt. An do muss een A op déi Gréng gehale ginn.

Datt si mam Sam Tanson just ee Vertrieder ënnert den Top-ten hunn, seet grad sou wéineg aus ewéi bei deenen anere Parteien. Bedenklech ass allerdéngs hire Ranking sos an der pole position: kënnt de François Bausch nach relative gutt ewech, esou landen als Ministerden Henri Kox op der 21., d’Carole Dieschbourg op der 25., an de Claude Turmes quasi als rout Lanter op der 28. Plaz. Wéi de Sondage gemaach gouf, war d’Affär Moulin Dieschbourg nach net an der Ëffentlechkeet, ma och sos sinn déi Gréng staark gebeidelt.

Mat Ressorten wéi Logement, Mobilitéit a Klima riskéiert een, politesch éischter op der Plaz stoen ze bleiwen ewéi kënnen ze punkten. Beispill Wunnengsbau: jiddereen jäizt a reegt sech op iwwer déi héich Präisser, dobäi sinn 70 Prozent vun de Lëtzebuerger houferegen  Hausbesëtzer. Géingen net grad dës Leit – a Wieler- op d’Barrikade klammen, wann d’Präisser tatsächlech sollte falen?! Dobäi kënnt, datt déi Gréng kee Felix Braz méi hunn an datt de François Bausch warscheinlech och net méi wëll untrieden….ma bis déi nächst Wahlen ass et jo nach e Strapp!

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *