Recent Posts

Post Categories

Och déi politesch Oppositioun huet hire Kräizwee ze goen 
D’Sozialisten sinn an där nämmlechter Situatioun ewéi 11 Joer virdrun déi Chrëschtlechsozial: raus aus der Regierung, raus aus dem Alldagstratt,...
Europäesch reality show 
Hutt Dir et och schonn héieren? Am Juni sinn Europawahlen, déi awer keen ze interesséiere schéngen. Grouss thematiséiert goufen se...
Ieselsdrot fir den Drotiesel 
Wat si mir e verwinntent Vollek. Den ëffentlechen Transport ass bei eis gratis. E schéine Subsid vun der ëffentlecher Hand,...
Invasioun vu Busser zu Weiler-um-Tiermchen 
Schonn 2013 -2015 hat et an där schmocker Gemeng Weiler-zum-Tiermchen Remmidemmi ginn wéinst Kaméidi. An der rue des Forges konnten...

Blog Post

Aussepolitik

Wéi wann ee géing iwwer Aarbechtsplaazen trëllen! 

Wéi wann ee géing iwwer Aarbechtsplaazen trëllen!
image credits: pixabay

Je traverse la rue et vous trouve un emploi!

Dat waren déi fatal Wieder vum franséische Staatspresident Macron, déi him nach haut iwwel geholl ginn, an der Haaptsaach  vun de giéle gilet. Dobäi hat hien zum Deel Recht, wéi hien dem geléierte Gärtner des Aentwert gouf, well op d’mannst a verschiddene Quartier zu Paräis ginn gutt Serveueren mat oppenen Aerm agestallt. Dat gëllt och fir eis Haapstad, wou ech selwer matkruut, wéi schwéier et ass fir e Patron, e Serveur ze fannen….an och ze halen. Well, wann een am Summer muss bis eraus op enger Terrasse servéieren, da mécht en Dag fir Dag e semi-marathon, an dat ass net jidderengem sénges; vill vun de Kandidaten hale schonn no engem Dag op. Trop de travail!

 

Esou wéi de Macron sech deemols ausgedréckt huet, koum et engem vir ewéi: 1. Bass Du dann ze domm, fir net selwer op déi Iddi ze kommen? 2. D’Aarbechtsplaazen leie quasi am Stroossecoulang a waaarden nëmmen op Dech. 3. Bass Du ieren och esou e Soziaalschmarotzer, dee just wëll vum franséische Staat profitéieren? Dat war bei ville Leit, déi Schwieregkeeten hunn, um Enn vum Mount d’Enner beieneen ze kréien, hänke bliwwen, huet an de Käpp gegäert, bis am Wanter déi soziaal Explosioun an de Stroosse koum. D’Politik a Frankräich gouf di lescht 20 Joer laanscht d’Vollek gefouert- am meeschten nach vum sozialistesche President Holland- an de Macron kritt elo eleng déi ganz Zopp auszeläffelen.

matt groussen Debatten a Politik a Gesellschaft sollen elo nees d’Gemidder berouegt ginn! Dat ass gutt a richteg, ma den Enjeu fir Macron a Consorten ass grouss. Deen Debat kann nämlech och laanscht d’Vollek gefouert ginn! A wast bleiwt der Politik dann nach vu Méiglechkeeten? Kloer! Ennert de gilets jaunes ginn et Parasiten a Kläpper, ma enger ganzer Rei Leit ass et eescht gemengt! Sollten si net déikéier Satisfactioun kréien, da kommen si erëm, an e puer Méint, an e puer Joer. Et hänkt also villes derfunner of, op wéi eng Manéier den Debat an der Oeffentlechkeet gefouert gëtt, a wat vir engem Vocabulaire. Well, déi, déi elo op de Stroosse manifestéieren, sinn déi, déi an de lescnten 20 Joer an der rasanter Entwécklung vun der Gesellschaft vergiess gi woren: si bloufen um Quai stoen, wéi den Zuch scho länkst fort gefuer war. E lëtzebuerger Patronatsvertrieder gouf mir viru Joer dat heite Beispill: fréier konnt een e Mënsch ouni iergendwellech Qualifikatioun, op der Arbed astellen; zum Beispill al Portier. Deemols hat een dofir just e Schlëssel gebraucht. Haut muss de Portier e Minimum hunn un elektronesche Kenntnisser! Et geet also och drëm, dëse Leit hir Zukunftsaengschten wéinstens e bësselchen ewechzehuelen, hinne Perspektiven opzemaachen, hinnen d’Gefill ze ginn, datt sech och ëm si gekëmmert gëtt. D’Politik muss sech änneren…grad fir e Macron a seng Wielerschaft net grad deen einfache Wee!A fir d’Gewerkschaften grad esou wéineg: si gi vum Protest royalement ignoréiert!

 

 

 

 

 

 

 

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *