Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Gesondheet

Corona-Kris: Huet d’Regierung deen néidege ‘Punch’? 

Corona-Kris: Huet d’Regierung deen néidege ‘Punch’?
Image par Bruno /Germany de Pixabay

am Mäerz huet de Staatsminister Xavier Bettel säi Vollek zeréck an d’Kasäre geschéckt; de Commerce huet d’Trottoiren eropgeklappt, déi ganz Ekonomie gouf an eng Zort Wanterschlof versaat. Dat war net Näischt, wat d’Regierung do huet mussen decidéieren an duerchsätzen. A si huet dat gutt gemaach! Allerdéngs ass den näechsten Akt an dësem Drama politesch eng nach vill méi grouss Erausfuerderung: am déconfinement an am Wirtschaftskrisemanagement weisen sech Style an Duerchsetzgungsverméigen vun der Regierung.

Eng Ekonomie kritt een net einfach un d’Laafen, andeems een an d’Hänn klappt! Do leien d’Interessi dacks vill ze vill auserneen: deen ee Betriib brennt drop, endlech nees kënne lass ze leeën, deen aneren wëll léiwer mol nach ënner dem Staatsprabbeli bleiwen; villäicht gëtt jo och näischt aus dem déconfinement? Esou oder esou awer ass d’Wirtschaftskris virprogramméiert. Et geet drëm, d’Zuel vun de Läichen – fir de Militärjargon vum franséische Staatspresident ze iwwerhuelen- esou kleng wéi méiglech ze halen,wat méi séier gesot ass ewéi gemaach!

Image par Pexels de Pixabay

do bleiwt ofzewaarden, wéi vereent an eeneg déi dräi Koalitiounspartner sinn. An normalen Zäiten loossen sech kleng ideologesch Differenzen tëscht den eenzelne Parteien relativ liicht iwwertünchen, souzesoen blanchéieren, ouni datt et ze vill Rapp-a-Klapp gëtt. A Krisenzäiten ass d’Situatioun eng aner: do leien d’Nerve blank a jidder Partei probéiert, solution management op hir Fassong ze maachen, neie politesche Profil opzeleeën, och beim Wielervollek.

Esou besteet de Risk, datt déi Gréng – déi den Ablack komplett vum politesche Radar verschwonne sinn- de Bello wëlle markéieren an e retour en force mat Ëmweltsujeten probéieren; déi aner zwou Parteien wäerten genervt e Stéck vun deem Wee matgoen, awer just e Stéckelchen. De Mieresspijjel klëmmt, den DAX fällt….

Esou besteet en anere Risk, datt LSAP-Minister mat am Genéck der Domina-Peitsch vum OGBL komplett aus der Rei danzen a sech mam liberale Koalitiounspartner iwwerwerfen. Et besteet weider d’Gefohr, datt e Vertrieder vun der Majoritéit eng déplasséiert, eng onglécklech Ausso mécht an déi d’Faass zum Iwwerlaafe bréngt.

déi ablacklech Schluecht ëm den déconfinement, also eng Portioun zeréck an d’Normalitéit, ass schonn emool en éischten Test. An d’Regierung ka sech dréien a kéieren wéi si wëll: egal, wat fir Decisioune getraff ginn, laanscht bosseg Resultater kënnt si net.

6 Persounen däerf ech zum Beispill maximal bei mir doheem empfänken, ënnert der Viraussetzung, datt mir alleguerte brav Masken ophunn an déi 2 Meter-Distanzéierung respektéieren; also 8 mol 2 Meter = 16 Meter! Ude, hast ‘ne schöne Bude!

Image par Andreas Lischka de Pixabay

Oder ass et als indirekten Appell un eis Eegenresponsabilitéit ze verstoen? Maximal 6 Gäscht, verdeelt op d’Woch, sou datt d’Ustiéchungsgefohr manner grouss ass? Wär et souwisou net besser gewiescht, et hätt een de Besuch op Familljememberen limitéiert? Ma wéi ass dat ze kontrolléieren? Restaurant mussen einstweilen zou bleiwen, d’Frittebuden däerfen ophunn. Beim Coiffeur muss een d’Mask ophalen, fir den Monsieur ass et net méiglech, sech de Baart stutzen ze loossen; beim Zänndokter muss een déi Mask wuel oder iwwel fale loossen a wéi ass et am Kreesssall?

“…an den CSV-Politiker Marc Spautz kënnt mat enger echter question parlementaire…”

An zwar behaapt dee Mann: “Mam Asetzen vum Confinement Mëtt Mäerz hu vill Geschäfter mam Hiweis op méiglech Strofen vu Polizisten geroode kritt, hir Dieren zouzemaachen. Dës Betriber staunen haut net schlecht, wann hir Demande op eng Indemnitéit vun de staatlechen Servisser ofgewise gëtt, mam Hiweis, si wieren net obligéiert gewierscht, zouzemaachen”! Wéi gëtt elo deene Geschäfter gehollef? Kann een d’Kommerzanten esou an d’Messer lafe loossen?!

Allgemeng ass sech ze erwaarden, datt d’Oppositioun lues a lues hir Strategie vum Frieden, Freude, Eierkuchen fale léisst a grad wat d’Wirtschaftskris ugeet, der Regierung ëmmer nees op den Zand fillt. Geleegenheeten wäerten et méi wéi genuch ginn, d’Oppositioun – virun allem d’CSV- muss dobäi de Spagat fäerdeg bréngen tëscht kriteschen Attacken a konstruktive Propositiounen.

virun allem awer hänkt villes vum Staatsminister of. De Xavier Bettel gesäit sech gären als Team-Player, allerdéngs brauch d’Regierungsekipp méi wéi jee e Kapitän, deen a) d’Trupp zesummenhält a b) d’Direktioun uschléit, an déi d’Land soll gefouert ginn. Eng Roll, fir déi politescht Geschéck a gutt Nerven néideg sinn.

Sondagen am Ausland hu gewisen, datt d’Haaptpartei déi un der Muécht ass, am meeschten aus hiren Antivirus-Moossnahmen kann politesche Profit schloen. Esou areecht an Däitschland eng CDU Spëtzewäerter, iwwerdeems fir de Gréngen Robert Habeck den Dram vum Kanzlerkandidat einstweilen geplatzt ass.

Dat kann allerdéngs séier ëmschloen, näischt ass méi volatil ewéi d’Wielervollek! Fir déi dräi Regierungsparteien steet net méi an net manner um Spill ewéi eng eventuell Fortsetzung vu Gambia. Fir eng CSV geet et net duer, ob Feeler vun der Regierung ze gammsen, esou wéi de Fräsch op d’Mécke waart; si muss mat konkreten Alternative kommen, mat wirtschaftlechen a soziale Moossnamen an déi och glaafwierdeg an der Ëffentlechkeet vertrieden. Wéi sot hire leader massimo Jean-Claude Juncker: “Politik ass kee Spill!”

Grad an Zäiten vun enger gewalteger Wirtschaftskris ass dee Saz méi wouer wéi jeemools virdrun!

 

 

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *