Recent Posts

Post Categories

Dem Premier seng Ried war ok, deem aneren seng Ried war besser 
De Luc Frieden huet a senger Ried iwwer d’Lag vun der Natioun bäigeléiert. Hien huet net aus der Schoul geplappert...
Friedrich Merz a Luc Frieden, même combat? 
D’Parallellen tëscht deenen zwee Politiker sinn erstaunlech: deen een war 7 Joer laang President vun der BIL, deen aneren Chef...
Frank Bertemes: Der Schmetterlingseffekt 
Im übertragenen Sinn bedeutet der Begriff, dass scheinbar unbedeutende Handlungen, kleine Zufälle oder Entscheidungen in der Vergangenheit enorme und weitreichende...
Tripartite, Festival vun de gudden Affairen 
Als Rappel: D’Tripartite gouf an d’Liewe geruff an de 70-ger Joer, wéi de Stär vun der Arbed am gaange war,...

Blog Post

Innepolitik

Corona-Virus um Krautmaart: zousätzlech Informatiounen a Präzisiounen! 

Corona-Virus um Krautmaart: zousätzlech Informatiounen a Präzisiounen!
Image par Gerd Altmann de Pixabay

Den Artikel http://3.127.214.33/corona-virus-um-krautmaart-wei-eng-schlecht-formulatioun-zu-engem-shitstorm-feiert/ gouf vill gelies a kommentéiert. Onglécklecherweis war mäi Site gëschter Owend bis de Moien 9 Auer ofgestiérzt. Als Hannergrond wollt ech nach e puer Präzisioune ginn.

Dat Ganzt ass am Kontext vun der Corona-Kris ze gesinn. D’Deputéiert vu Majoritéit an Oppositioun waren sech viru Wochen eens ginn, den Ament keng parlamentaresch Froe méi un d’Ministeren ze stellen. Am Sënn vun nationaler Solidaritéit! Keng QP méi, fir mol hei an do ze picken, keng QP méi, fir d’Verwaltungen an dëse schwieregen Zäiten net zousätzlech ze belaaschten.

Als Géigeleeschtung gouf ofgemaach, datt op d’mannst eemol d’Woch de Bureau vun der Chamber mat der conférence des présidents zesumme kënnt, a Präsenz vun deem engen oder anere Minister. Well, et ka jo net sinn, datt d’Corona-Kris aleng vun der Regierung geschëllert gëtt, an d’Parlament virun der Dir muss waarden! Esou eng Sëtzung ass nees de Mëtten, a Präsenz vun 3 Ministeren matt hire Fachleit, am Ganzen iwwer 20 Persounen. Et mécht also duerchaus Sënn, dës Reuniounen net per Video-Konferenz ze organiséieren! Den Accord koum iwwregens mat de Majoritéitsparteien zustaanen, a méi wéi ee Minister war esouguer demandeur!

Elo gouf zousätzlech decidéiert, datt den nämmlechte Prinzip och fir all Fachkommissioun gëllt. Dorënner ze verstoen ass all Sëtzung vun enger Kommissioun, déi sech exklusiv ëm de Sujet Corona këmmert. Wann also an dësen Deeg d’Gesondheetskommissioun zesumme kënnt, da kann et bal nëmmen ëm de Virus goen. An do ass déi physesch Präsenz vun der Ministesch an och vun de Volleksvertrieder gefrot. Sollt déi nämmlecht Kommissioun fir e Gesetzprojet siegéieren, deen glat a guer näischt mat der Corona-Kris ze doen huet, dann bleiwt et bei enger Videokonferenz.

D’Oppositioun muss – wann si eng Kommissiounssëtzung freet- e Bréif un de Chamberpresident maachen.Doranner freet si d’Präsenz vum Minister, esou wéi ofgemaach. Deen decidéiert dann, a wéi enger Form déi Kommissioun zesumme kënnt. Et geet hei an der Haaptsaach drëm, d’Chamber mat an dee Krich géint de Virus mat anzebannen, wat déi normalste Saach ass, schliisslech liewe mer an enger parlamentarescher Demokratie! A schliisslech koum d’Demande och vun Ministeschsäit, well sech an enger Videokonferenz net esou gutt kéint verbal ausgetosch ginn.

D’Europaparlament ass an deem nämmlechten Dilemma. An do verweisen ech op een interessanten Artikkel vum Diego Velazquez am Lëtzebuerger Wort vun e Samschdeg, wou den Deputéierten Marc Angel zitéiert gëtt:“Videokonferenzen sind anstrengend, gefragt sind Konzentration und geduldiges Zuhören…Man streitet weniger über Details und handelt flexibler…Doch die Qualität der Arbeit leidet unter dieser Situation”.

D’Geschicht war eigentlech e Stuerm am Waasserglas! Et gëtt en Accord an der Chamber selwer an deen ass vun der Regierung acceptéiert a respektéiert. D’Chamber soll net zu engem Zweetklass-Muppi degradéiert ginn, och a besonnesch net an esou wichtegen Zäiten. Net méi an net manner!

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *