Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Gesellschaft

Kris am Logement: Lëtzebuerg steet net aleng do 

Kris am Logement: Lëtzebuerg steet net aleng do
Image par Comfreak de Pixabay

de lëtzebuerger Wunnengsmaart ass zanter Joerzéngten vill strapazéiert, besonnesch déi lescht 12 Joer, mam Ufank vun der Finanzkris. Am Grand-Duché gëtt gäre gemengt, dat wier eng lëtzebuerger Spezifizitéit, well d’Land esou kleng ass a well net genuch Bauterrain zur Verfügung stinn. Grad dat ass et net! Den L’Express (Nr 3659) weist drop hin, datt an alle groussen Ekonomien den Immobiliesekteur um Kachen ass, an datt et just eng Fro vun der Zäit ass, bis hien zum Iwwerlafe kënnt.

An de Länner vun der OECD (Organisatioun fir wirtschaftlech Zesummenaarbecht an Entwécklung) goungen d’Präisser fir eng Wunnecht am éischten Trimester vun dësem Joer am Schnëtt ëm 9,4% an d’Luucht. Dee séierste Rhythmus zanter 30 Joer!. Quasi iwwerall gëtt sech beflass, an de Steen ze investéieren, aus dem einfache Grond, well et sech net méi rentéiert, d’Geld um Spuerkont stoen ze loossen: d’Zënsen sinn ze niddereg. Wat zugläich bedeit, datt et zanter 2008 extreem bëlleg ass, Suen ze léinen!

Besonnesch an de grousse Stiet ginn d’Wunnengspräisser duerch de Plaffong: plus 36 Prozent zu Austin, plus 27% zu Sydney, plus 17 Prozent zu Stockholm. Also alles aneschters ewéi eng reng lëtzebuerger Spezialitéit! A Schweden goung wéinst där Problematik d’Koalitioun vu Sozialisten an Ekologisten an d’Bréch.

D’Feststellung ass awer déi nämmlecht ewéi bei eis: déi komplett verréckte Situatioun schaaft grouss Ongläichheeten! Déi Bierger, déi Hausbesëtzer sinn, hunn d’grousst Lous gezunn: all Moies wou si opstinn, sinn si e Krack méi räich. Bei deenen, déi nach op der Sich sinn no enger Wunnecht, ass et ëmgedréit, well si ëmmer méi déif mussen an d’Täsch gräifen fir endlech zu hire 4 Maueren ze kommen. Gesellschaftlech ass esou eng Situatioun brandgeféierlech!

Politesch? Et behaapt een, et géing een alles maachen fir d’Situatioun ze redresséieren. Ass dat wierklech esou? Zu Lëtzebuerg sinn 70 Prozent vun de Lëtzebuerger Proprietär vun engem Haus oder Appartement. 70 Prozent liewen deemno ganz gutt mat der ablacklecher Entwécklung, – plus 17 Prozent am éischten Trimester! Si wëssen, datt si méi fir hir Wunnecht erëmkréien ewéi si drann investéiert hunn. Lount et sech also, Politik fir déi aner 30 Prozent ze maachen?

“Ce qui est terrible, c’est que la crise du logement est un choix politique. Il n’y a aucune fatalité”, schreift de Robin Rivaton, an hie féiert e puer Beispiller unn, wéi déi verschidde Länner kéinten effikass géint d’Wunnengsnout virgoen.

Esou huet China ugekënnegt, an Zukunft kengem Immobiliëfong méi déi néideg Zouloossung ze ginn, well grad dës Fongen nawell gären mat den Immobilien spekuléieren. Lëtzebuerg als europäesche Leader am Geschäft vun den Investmentfongen am allgemengen kéint dat labber nomaachen. Neiséiland huet dëst Joer senger Zentralbank den Optrag ginn, eng Evaluatioun ze maachen vun den Auswierkungen vun der Nationalpolitik op den Immobiliëmaart. Op deem Punkt muss ee soen, datt d’Lëtzebuerger Zentralbank viru Joer eng note an deem Kontext erausgouf, ma firwat den Exercice net widderhuelen? A generell misst all Land déi Hellewull u Reglementer duerchkämmen, déi am Laf vun der Zäit fir de Wunnengsmaart ëmgesat goufen a wou verschiddener eventuell zu engem Bremseffekt goufen.

Fazit: wann déi verschidde Länner näischt ënnerhuelen, da rennen si an d’Logementsmauer! Déi richteg Schwaach kënnen sech -trotz staatlecher Ënnerstëtzung- keng Wunnecht leeschten an déi aner aus der Mëttelschicht mussen ëmmer méi op den Dësch bliederen, fir wéinstens eng Häipchen ze ergatteren. Si mussen sech ëmmer méi verschëlden an op eng ëmmer méi laang Zäit. Derbäi kënnt, datt mam wirtschaftlechen Opschwonk verschidde Baumaterialien neierdéngs och fatzeg an d’Geld schloen an um Horizont kënnegt sech eng Hausse un vun den Zënsen. D’Verschëldung gëtt dann nach emol méi grouss, méi schwéier a schaaft zousätzlech Ongerechtegkeeten an der Gesellschaft! Eng herrlech Immobiliëblos!

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *