Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Innepolitik

D’Sozialisten an der knaschteger Wäsch 

D’Sozialisten an der knaschteger Wäsch
Photo by Gillingham Town: https://www.pexels.com/photo/men-playing-soccer-14250917/

Méindes war fréier den Dag vun der Kachwäsch. Dat schéngt an der Politik nach haut esou ze sinn: virgëschter koum nämlech reporter.lu mat der Info, datt de Wirtschaftsminister Franz Fayot en zimmlech deiere Patréiner ass, wann hien Reesen an d’Ausland mécht. Deier Hoteller, deier Fläsche Wäin vun bis zu 300 Euro d’Stéck! Dat ass näischt Illegales ma schued nawell dem Mann senger Reputatioun. Knaschteg Wäsch!

Derbäi kënnt, datt de Franz Fayot reegelméisseg seng Liewenspartnerin mat op offiziell Reesen hëlt. Och dat ass näischt Illegales, virausgesat, d’Madamm huet hir eege Rechnung aus eegener Täsch bezuelt a goung net mat op d’Rees aux frais de la princesse, op Staatskäschten, also zu Laaschten vum Steierzueler. Och dat ass elo op der place publique. De Minister huet séier reagéiert a präziséiert, datt seng besser Halschecht selwer fir déi Onkäschten opkoum. Dont acte!

Hie fënnt dat Ganzt penibel. Ass et och, an hie gëtt déi Geschicht nach esou bal net lass. Si bleift un him pechen, och dann, wann hie Punkt fir Punkt konnt widderleeën, richteg stellen. Wéi ëmmer bleift bei de Bierger dat däischtert Gefill vum ” et wäert schonn eppes dru sinn!”.

Et kann een duerchaus argumentéieren, datt 300 Euro fir eng Fläsch Wäin näischt Aussergewéinleches ass; schliisslech geet ee Minister net an eng Imbissbud, an en Döner. Idem wat den Hotel betrëfft. E Minister iwwernuecht net an enger Fléibud. Ma d’Vollek urteelt aneschters. De Minister brauch zwar kee sauert Kraitchen ze süffelen, ma e bësselche manner wär wuel och duergaangen. Hien ass jo op Missioun. An et ass kaum unzehuelen, datt seng Partnerin hir eege Fläsch gedronk a bezuelt huet, ëmsou méi, wou all Minister d’Recht huet, bei deene verschiddenste Geleeënheeten Gäscht ze invitéieren. War dat hei de Fall? Huet de Franz Fayot dat Privat mam Berufflechen vermëscht?

Och – oder sollt ech schreiwen: esou guer?- bei engem Politiker gëllt d’présomption d’innocence. Et stellt sech wéi esou dacks d’Fro: à qui profite le crime? Wann e Minister eng Rees an d’Ausland mécht, wëssen ëmmer dräi Persounen am Detail doriwwer Bescheed: dat ass natierlech hie selwer, dann seng “personal assistant” (déi fréier Sekretärin) an eng Persoun aus dem Staatsministere. Wien also war hei de Whistleblower? Wuel kaum de Franz Fayot selwer! Bleiwen der nach zwee….

“…a wat goung d’Inneministesch Taina Bofferding un…?”

Si huet sech bekanntlech géint dat geplangtent Heescheverbuet an der Stad Lëtzebuerg ausgeschwat, mam Argument, d’Reglement wier net genuch mat Fakten ënnerluecht. Wat Quatsch um Carré ass, schliisslech huet d’Madamm quasi identesch Reglementer zu Dikrech an zu Ettelbréck ugeholl. De Verbuet géint de Verbuet huet éischter mat de Gemengewahlen ze dinn.

D’Madamm Bofferding huet verstanen, datt déi Wahlen besonnesch an der Haaptstad wäerten um Thema Sécherheet decidéiert ginn. A si huet wuel och matkrut, datt d’LASEP-Sektioun um Knuedler quasi keng politesch Presenz gewisen huet. An anere Wieder: eng kleng Hëllef aus der Beaumont’s-Gaass kéim grad richteg. Dee Schoss geet allerdéngs komplett no hanne lass!

D’Vollek versteet nämlech duerchaus méi ewéi et de Politiker munchmol léif ass. Déi meescht Leit wëssen ze ënnerscheeden tëscht harmlose Strummerten an deenen, déi als Band organiséiert sinn, déi klauen, déi Leit iwwerfalen. Ech hunn an de leschte Méint mat ville Bierger doriwwer geschwat, och mat Geschäftsleit. Hiere Verdikt ass kloer: DP an CSV sinn um richtege Wee fir mam Heescheverbuet eng kleng Grenz ze zéien. Kleng? Jo, well d’Haaptstad net déi néideg Ënnerstëtzung kritt vun der Police, respektiv vun där hirem Minister.

Mat dësem Verbuet géint de Verbuet gëtt d’Roserei ënnert de Stater an ënnert de Kommerzanten nach méi grouss! D’Sozialisten déi op deem Punkt de Ball éischter wollte flaach halen, hunn den Thema Sécherheet richteg eropgekacht. Manner ewéi ee Mount virun de Wahlen an e puer Deeg virun der Bréifwahl war dat e Selbstgol!

Related posts

3 Comments

  1. Frank Bertemes

    Wéi sot schonn de Günther Strack an engem Werbesproch: “Man gönnt sich ja sonst nichts.”
    Fonction oblige? …
    Datt Salon – a Kaviar “Sozialisten” sech als großherzoglech Wirtschaftsminister (d’Staatsform vun der Republik intresséiert déi scho laang net méi ) net onbedingt a Bescheidenheet üben a sech ëmmer rëm beschtens mat där neoliberaler Wirtschaftsweis “arrangéieren”, dierft wuel näischt Neies sinn, oder? – cf. d’Virgänger vum FF in Amt und Würden als Verfechter vun eeben deem System, dee Sozialisten jo eigentlech misste “bekämpfen”! Een Trauerspil!
    Wat elo dem Här F. seng Spesen- a soss Ofrechnunge betrëfft, muss dann déi offiziell “Enquête” erginn – souwäit et där dann eng objektiv soll ginn. ‘t wär jiddefalls mol am Intressi vum tumbe Wal- a Steierzuelervollék och mol hei fir Opklärung mat eventuelle Konsequenzen ze suergen – falls et da sollt ugesot sinn. Leit, déi eigentlech ni gewinnt sinn am Alldag vun hirem 24-Stonnen – 7 Deeg Job (wéi si sech wuel als “Minister” gesinn) iergend een een Iessen oder Hotel ze bezuelen, si wuel ganz “empfänglech” fir esou Aktiounen à la FF. Mä, domm gefrot, ass hien alleng am Sënn vum Günther Strack sengem Zitat??

    1. Jeannot KAISER

      Här Bertemes,et gëtt och deen heien Sproch: “Man gönnt sich ja auch sonst Alles”! Trëfft, mengen ech och besser zou!

  2. Jean

    D foto uewen vum golkipp a roud deen usetzt en 11 meter ze pareieren huet mech e bessen stutzeg gemach.
    Soll dat de franz fayot duerstellen,deen versicht d reprochen betreffend eng 300 euro flaesch wein ofzewieren…oder d madame bofferding dei den heescheverbuet vum staater schefferot well konteren?
    Kucke mer mol wat den 11.6 do eraus kennt.

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *