Recent Posts

Post Categories

Dem Premier seng Ried war ok, deem aneren seng Ried war besser 
De Luc Frieden huet a senger Ried iwwer d’Lag vun der Natioun bäigeléiert. Hien huet net aus der Schoul geplappert...
Friedrich Merz a Luc Frieden, même combat? 
D’Parallellen tëscht deenen zwee Politiker sinn erstaunlech: deen een war 7 Joer laang President vun der BIL, deen aneren Chef...
Frank Bertemes: Der Schmetterlingseffekt 
Im übertragenen Sinn bedeutet der Begriff, dass scheinbar unbedeutende Handlungen, kleine Zufälle oder Entscheidungen in der Vergangenheit enorme und weitreichende...
Tripartite, Festival vun de gudden Affairen 
Als Rappel: D’Tripartite gouf an d’Liewe geruff an de 70-ger Joer, wéi de Stär vun der Arbed am gaange war,...

Blog Post

Innepolitik

Politik an der Haaptstad: bei der DP läit d’Zukunft am Avenir! 

Politik an der Haaptstad: bei der DP läit d’Zukunft am Avenir!
paperjam.lu

Déi politesch Musek an der Haaptstad spillt sech of tëscht der DP an der CSV. Also tëscht zwou Parteien, déi den Ament an enger Koalitioun sinn. D’Stëmmung um Knuedler war déi lescht 6 Joer gutt bis exzellent, op alle Fall besser wéi déi 6 Joer virdrun, wou d’Demokraten an enger Liaisoun houngen mat deene Gréngen déi sech ëmmer méi vun der arroganter Säit gewisen haten. An dräi Méint kéint déi stater Märei allerdéngs duerchgerëselt ginn.

U sech haten sech déi Gréng beim Vott virun 6 Joer gutt gehalen, sou datt enger Fortsetzung vun der blo-grénger Koalitioun näischt am Wee stoung. Déi Blo awer wollten net méi mat hinnen; donieft haten déi Schwaarz mat engem Plus vu 6 Prozent säfteg derbäi gewonnen. Zanterhier ginn déi “Zwee Léiwen” dirigéiert vun der Buergermeeschtesch Lydie Polfer a vum 1. CSV-Schäffen Serge Wilmes. An dat wäert och esou bleiwen.

An der Haaptstad sinn nämlech d’Genossen komplett ofgesoff, vun der politescher Bildfläch verschwonnen. Déi Gréng mam “Nach-net-grad-Buergermeeschter”, dem Pater François sinn bis ewell och net besonnesch opgefall a fleegen eigentlech méi déi Clientèle déi si souwisou wielt amplaz fir Neier ze suergen. Si hunn och kee Sam Tanson méi als Zuchpäerd, kee Carlo Back a keen Tilly Metz. D’ADR huet sech selwer ofgeschoss a riskéiert, komplett eidel auszegoen! Sauf imprévu geet et also mat där ablacklecher Koalitioun weider. Freet sech just wien Punkte gewënnt a wien Plomme muss loossen.

Déi blo Lëscht, dat ass virun allem mol d’Madamm Polfer.

Paperjam.lu

2017  koum si op 12.600 Stëmmen. Mat engem Ecart vun 3000 Stëmmen koum d’Simone Beissel un zweeter Plaz, duerno Patrick Goldschmidt a Colette Mart. Déi dräi Fraen an den een Här sinn awer wuel un hirem Zenit ukomm, just nach de Goldschmidt kéint eventuell e puer Stëmme méi erausschloen als Co-Spëtzekandidat nieft der Buergermeeschtesch.

Dat ass bei der CSV aneschters. Hir Leit ewéi Serge Wilmes, Maurice Bauer a Laurent Mosar haten 2017 musse ferm strampelen fir aus der Oppositioun an d’Majoritéit ze kommen. Elo huet si 7 Vertrieder am Gemengerot, dorënner 3 Schäffen an déi hunn am Laf vun de Joer probéiert, hire Profil méi bekannt ze maachen. Bei hinnen also éischter Tendenz no uewen.

“…Ofzewaarde bleift d’Resultat vum Corinne Cahen…”

Si wëll jo onbedéngt Buergermeeschtesch ginn a géing dofir esou guer e Posten an der Regierung afferen. An hirer eegener Partei huet si bis dato allerdéngs net vill bis näischt erausgeschloen. Si däerf wuel mat op d’Lëscht, ma just als Kandidatin ënnert villen. Also nix mat enger duebeler Spëtzt. Dat verdäitlecht och d’Opstellung vun där Lëscht: fir d’éischt kommen nämlech d’Buergermeeschtesch an d’Schäffen, duerno déi aner Kandidaten dem A-B-C- no.

D’Conseilleren Héloïse Bock a Jeff Wirtz trieden dëst Joer net un. Et kritt een et zwar net schwaarz op wäiss, ma dofir dacks genuch ze héieren: déi Zwee maachen eng politesch Paus aus Protest géint d’Madamm Cahen… d’CC, wéi si munchmol gehässeg genannt gëtt. Op déi Manéier ginn der Partei 14.000 Stëmmen duerch d’Päif! Kloer! Déi ablacklech Ministesch wäert en Deel vun deene Stëmmen kënnen opfänken, ma déi grouss Fro bleift: wéi gutt kënnt d’Madamm bei de stater Leit un? An iwwerhaapt: wat huet si wëlles?

Demissionéiert si als Ministesch virun de Gemengewahlen? Et wier op d’mannst méi propper. Ma et gëtt kee Gesetz, dat si dozou forcéiert! Geet d’Wahlresultat net duer fir Schäffen ze ginn, ass si da bereet, awer aus der Regierung ze demissionéieren a just als Gemenge-Conseillère finanziell a politesch ze iwwerliewen? Dat géifen 6 haart Joer ginn, fir si an och fir d’stater DP! Well si wëll onbedéngt Buergermeeschtesch ginn!

Also wäerten déi stater Liberal hire Probleem CC nach net esou séier lass sinn!

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *