Et ass eng verkackte Situatioun! Den Duo ” Trusk” huet eng demokratesch Diskussioun an de Beräich vun der Science-fiction gedriwwen. Di Zwee hunn op eng äusserst arrogant an topeg Manéier de Leit hanner dem ‘Teutoburger Wald’ d’Lewitte gelies: eng Brandmauer géint déi Rietsextrem opzeriichten, géing de Problem net méi kleng ma éischter méi grouss maachen. Politiker vun der AfD wieren demokratesch gewielt, also misst een och demokratesch mat hinnen ëmsprangen. Dat setzt awer viraus, datt een och demokratesch muss kënnen doriwwer diskutéieren.
Dat allerdéngs ass nëmme schwéier méiglech. Wien huet schonn de Courage dozou? Gare la Box, et wot een esou Gedanken net direkt an ugëeekelt an d’Poubelle vun den no-go ze schmäissen, da kritt een déi geronschelt Nues gewisen, grad wéi wann een an e Flapp getrëppelt wier. An dach, d’Fro ass berechtegt: kann et sinn, datt déi zwee Amerikaner net wéinstens am Usaz Recht hunn?
Geet eng “Fire-Wall” an der Politik wierklech duer fir dem Vollek seng Onzefriddenheet, seng Roserei berouegt ze kréien? E Fënneftel vun den däitsche Wieler gouf seng Stëmm e leschte Sonndeg der AfD. 10 Millioune Faschisten, Nazien? Gréisstendeels frustréiert Bierger – aus där enger oder anerer Ursaach-, d’nämmlecht wéi a Frankräich, Holland, Italien…,déi sech vun der Politik bestallt awer net ofgeholl fillen, also am Stach gelooss an déi d’Potenz hunn, zu Zombi mat Hakekräiz ze mutéieren?
Geet et also wierklech duer, déi Leit politesch a gesellschaftlech ze ignoréieren, si – well si eis absolutt net an de Chrom passen- mat Selbstsuffisanz a mat politeschem Tippex vun dëser Welt verschwannen ze loossen? Besteet do net de Risk, datt aus engem Fënneftel vun der Populatioun e Véierel entsteet, oder esou guer en Drëttel? E leschte Sonndeg koum an enger Gemeng an Däitschland e Wahlresultat fir d’AfD vu bal 80 Prozent eraus. Esou Gemengen besti schonn zanter Joerzéngten a Frankräich mat Le Pen. Ass dat de richtege Wee?
Am Bundestag an an der assemblée nationale dës Vertrieder vum Vollek (!) wéi Loft behandelen, déi si net wäert sinn,

anzeotmen. Si wieren net méi ewéi e Fuerz an der Weltgeschicht! Parallelle gi gezunn mat den 20-ger an 30-ger Joer vum leschte Joerhonnert. Den Hitler gouf zwar net demokratesch gewielt, ma war op eng legal Manéier un d’Muecht komm! Oder datt deemools ewéi haut d’Parteien sech. net konnten op eng stabill Majoritéit am Reichstag eenegen. Beispill: Ampelkoalitioun. An ëmmer méi kleng Parteien deelen sech de Kuch.
Vergläicher mat deemools an haut si souwisou mat Virsiicht ze genéissen. Déi däitsch Demokratie steet haut op vill méi staarke Wueden, d’Gesellschaft fonktionéiert aneschters, et gëtt d’Europäesch Unioun. An nawell stellt sech d’Fro: ass et demokratesch, wann d’Politik 20 Prozent vun der Bevëlkerung royalement ignoréiert? Ass et net! Ma et gëtt genéiert argumentéiert, et wär jo just provisoresch an et wär fir e gudden Zweck! Krass ausgedréckt: et hëlt een esou vill Parteien mat an d’Boot bis datt et duergeet fir eng Majoritéit géint déi méiglecherweis stäerkste politesch Kraaft! D’Roserei vum Vollek platscht dobäi net an wéi Hiefdeeg, ma kacht op ewéi Mëllechschaum.
Zu Berlin ginn an dësen Deeg d’Wonne geleckt. Et kënnegt sech eng kleng Gro-Ko un: eng liicht gestäerkten CDU mat enger staark geschwächter SPD. Dat ass déi eenzeg Méiglechkeet déi dem Friedrich Merz bleift. Ofzewaarden ass, mat wat fir enge Fuerderungen d’Sozialdemokraten an déi Regierungsverhandlungen eraklammen. Hänken si d’Kiischten ze héich, kënnt keng Groko zustanen, da wär d’Alternative tatsächlech d’Alternativ. Deen Ament bestinn zwou Méiglechkeeten.
- Och déi Rietsextreem verlaangen ze vill an de Verhandlungen fir déi nei Regierung op d’Been ze stellen. Aus der Super-Groko gëtt näischt. Deen Ament misst entweder nei gewielt ginn oder d’CDU probéiert et mat enger Dräierkoalitioun, also zesumme mat deene Gréngen. Dat Éischt wär schlecht fir d’Demokratie, dat Zweet schlecht fir d’Politik.
- D’AfD kënnt mat an d’Regierung. Wa méiglech mat deem Ministeschressort, fir deen si am meeschten op d’Tromm geschloen huet: d’Immigratioun. Villäicht bréngt si de grousse Coup fäerdeg…warscheinlech awer wäert de Wieler erkennen, datt et an der Politik méi einfach ass, aus der Oppositioun vill ze verspriechen, wat een an der Regierung net kann anhalen.
An da gëtt déi Partei ofgewielt. Ganz demokratesch.
An Éisträich hun sech elo och déi 3 schwächsten Parteien ÖVP 26,3%, SPÖ 21,1% an NEOS 9,1% zesummengerauft fir sech d’Muecht ze deelen. Dem Herbert Kickl seng FPÖ war zwar mat 28,8% déi stäerkste Kraft, an hätt no demokrateschen Aspekter och missen an d’Regierung…. ma neen, knapps 1.410.000 Wieler sin politesch mundtot gemacht gin an hir Stëmmen sin souzesoen an de Bac geflunn. Geliewten Demokratie, mon oeil! Do gett de Wielerwëllen genau esou mat Féiss getrëppelt wéi 2013 bei eis, wou Bettel, Schneider a Bausch sech un d’Geschëcker vum Land geputscht hun. Bei den Noperen déisàits der Musel ass et wéinstens nach déi stärkste Partei, déi décidéiert wien si mathëllt, mä dass sie déi zweetstäerkste Kraft, define déi nei Bundeslänner plus all déi AfD Wieler aus den alen Länner, trotz 20,8 Prozent, trotz no bäi 10.330.000 Stëmmen, esou einfach négéieren, verbannt an mundtot gemat huet ass un Nulldemokratie net ze iwwerbidden.
Herr Kayser wagt es also dem US duo Trump Musk,zu dem man auch noch vize Vance beifuegen sollte,wenigstens im ansatz recht zu geben.😀
Mir persoenlich hat noch viel besser gefallen wie das duo Trump Vance den anmassenden schmarotzer zelenski im oval office abgewatscht hat…grosses kino.
Well done boys!😀
Da blaesst eben ein anderer wind als bei der blonden uschi oder bei CEO Luc.😉
Richteg gesinn,Phil.
En neien heichpunkt am deni de democratie gouf lo a Rumaenien erreecht wou e gericht mol sou einfach decideiert, dee kandidat den beim eschten tour vun de wahlen un der spetzt luch bei enger neiwahl auszeschleissen.
Do brauch d EU definitiv net mei mam fanger op Russland,China oder den Trump ze weisen.
Dei sougenannt demokratie verkennt och an europa zur farce🙈