Zoff tëscht LSAP an OGBL?!

0
457

Do huet een et déck sëtzen! Als Member vun der LSAP a vum OGBL schreift de Robert Goebbels der Nora Back, also der Cheffin vun der gréisster an onofhängeger Gewerkschaft, déi wéinst dem rezenten Tripartite-Accord wëll op d’Strooss goen. De Goebbels versteet “seng” Gewerkschaft -hien ass Member zanter iwwer 50 Joer- net méi. Schonn guer net de Virworf, d’Sozialisten hätten den Index verroden.

Umso unverständlicher ist mir, dass innerhalb des OGBL nunmehr eine Hatz gegen die Sozialisten stattfindet. Gewerkschaftssekretären géingen ëffentlech deklaréieren, datt si hir LSAP-Memberkaart am Pabeierkuerf klasséieren.

OGB-L

An anere Wieder, d’Tzozialisten hätten dee Kompromëss ni däerfen unhuelen, ” hier ” onofhängeg Gewerkschaft net däerfen eleng am Reen stoe loossen. De fréiere Minister schléit zeréck an zwar mat senger gewinnter Rhetorik!

Zum Beispill mengt de Robert Goebbels, datt den Accord esou schlecht net ass. Den OGBL wär jo net prinzipiell géint eng Moduléierung gewiescht , also d’Verréckelen vun enger zweeter Indextranche op dat anert Joer; ëmmerhin hätt d’Gewerkschaft bei verschiddene Begleetmoossnamen ewéi Steierkreditter gefuerdert, datt Persounen mat engem Joresakommes vun bis zu 130.000€ och sollte kënnen vun der staatlecher Ënnerstëtzung profitéieren.

Ofgesinn dovunner, datt esou eng Fuerderung zimlech iwwerraschend ass fir eng lénks geriichte Gewerkschaft huet de Goebbels komplett Recht mat senger Nick-Knatterton-Konklusioun: hätt de Syndikat op deem Punkt Satisfaktioun krut, hätt hien den Accord wuel mat ënnerschriwwen, oder? Also wat soll deen Zirkus, deen am escher pöpel opgefouert gëtt? Ëmsou méi wou et änlech Accorden iwwer eng Index-Modulatioun schonn an der Vergaangenheet gouf, an zwar mam Seegen vum OGBL!

bossegerweis wërft de Robert Goebbels d’Fro op vun der Gerechtegkeet vum Index a weist drop hin, datt am Abrëll de Mindestloun ëm 55 Euro klëmmt, datt eng Persoun mat engem Akommes vun 10.000 Euro de Mount allerdéngs kéint 250 Euro asäckelen. Beim Staatsminister Bettel wären et der esou guer 500! Hie gëtt also dem OGBL ze verstoen, datt den Index wuel fir soziale Fridden gesuergt huet, awer trotzdeem net als helleg Kou sollt betruecht ginn, déi ni däerft geschluecht ginn!

LSAP

Déi Iwwerleeung ze féieren ass wuel richteg, ma grottefalsch an dësen Zäiten! d’Energiepräisser sinn esou héich, datt de Staat direkt muss kënnen agräifen, sech matzen am Ukrain-Krich keng Nieweschluecht ka leeschten. Esou Diskussiounen iwwer déi sozialSelektivitéit goufen et virun 10 Joer, wou ech de fréiere Journalist frëndlech drun erënneren, datt deemools Iwwerleeungen an déi Richtung vun CSV-Deputéierten à la Michel Wolter vun der gesamter Genossenschaft ënnergebottert goufen!

Wat de Robert Goebbels och net seet ass, datt grad d’LSAP-Mandatairen déi lescht Tripartite an der Schlussphase vun der Aera Juncker torpedéiert haten, vu bannen no baussen. Wat an intime Krees  verhandelt gouf, koum quasi zäitno un d’Ëffentlechkeet wou et vu vox populi konnt zerfatzt ginn nach éier et um Blat geschriwwe stoung. Et war d’Enn vun der Tripartite. An och haut ass net alles Friede, Freude, Eierkuchen! De Vote op der Säit vun der LSAP war zwar unanime, wat allerdéngs net gläichzestellen ass, wéi wann et net och an der LSAP géingen Onstëmmegkeete ginn.

rtl.lu

Ma et gëtt an dëser Carte Blanche exklusiv op den OGBL geklappt. “…ich zunehmend Schwierigkeiten habe, beim OGBL einen klaren gesellschaftspolitischen Kurs auszumachen“. Dem Syndikat lafen d’Membere fort, et wäre souwisou méi Pensionéierter an der Gewerkschaft ewéi Aktiver. An dann nach eng ennert de Rimm:“Selbst bei der Direktwahl der Mitglieder der chambre des salariés beteiligten sich kaum ein Drittel der Wahlberechtigten”.

Hei handelt et sech ëm en allgemenge Phenomen. D’Zuel vun de Memberen geet bei alle Syndikater zeréck, besonnesch wann een se proportionnel kuckt zu der Zuel vum Aarbechtsmaart, dee Joer fir Joer ëm iwwer 10.000 Unitéite klëmmt. Déi nämmlecht Remarque gëllt iwwregens och fir d’politesch Parteien, zum Beispill fir d’LSAP: Memberen réckgängeg a grad ewéi beim OGBL Problemer, einen klaren gesellschaftspolitischen Kurs auszumachen! 

Den Index suergt fir Fridden a Rou an der Gesellschaft? Op alle Fall! Stellt Iech vir, et géif hien net ginn: d’Situatioun an de Betriber wier explosiv! Cash oder Sträit! Quasi onméiglech mam Patron Gehälteropbesserungen auszehandelen, well dee kéim – zu Recht oder zu Onrecht – direkt mat den Argumenter geschäert vu schwieregen Zäiten mat der Pandemie, Materialuschafungen, Energiepräisser, Ukrain. Mam Index fält esou eng Diskussioun gréisstendeels aus. Et ass eng Upassung souzesoen per Dekret, un déi sech muss gehale ginn.

D’Situatioun ass fir dëst Joer gekläert an och schonn fir d’Joer drop. Zweemol eng Adaptatioun vun 2,5 Prozent. Sollten d’Gewerkschaften an de Kollektivvertragsverhandlungen méi erausschloen, ëmsou besser. Ma si wëssen – also och den OGBL- datt dat net wäert einfach ginn. 5 Prozent bannent 2 Joer, dat ass vill Geld fir e Privatpatron.

“…de Sven Clement schwätzt vun 2 verschiddene Systemer vum Index!…”

Abordage op den Index? De Piratendeputéierten Sven Clement huet Ugangs vum Mount an deem Sënn getwittert an huet a senger Iwwerleeung net Onrecht. Wann nämlech Kannergeld a REVIS normal indexéiert bleiwen, da lafen fir si d’Punkte weider, mat all Tranche fir 2,5%. Op där anerer Säit ginn d’Punkten beim Index vun de Gehälter a Pensiounen “agefruer”. Dat bréngt da mat sech, datt et zwee Indexsystemer gëtt an datt déi lues a lues auserneendriften. Et wär also indirekt eng Ënnerhillegung vum Index!

picture credit: Caritas

Den Optrëtt dëse Samschdeg op Radio Lëtzebuerg huet Bänner geschwat. D’Nora Back feiert all Moies e Patron op der Botterschmier eran, de Michel Reckinger huet keng Anung vun Sozialpolitik. Wann e Stot, deen op der Aarmutsgrenz liewt, mat 400 Euro zousätzlechen Onkäschten d’Joer(!) belaascht gëtt, ass dat extrem vill Geld. Hie riskéiert definitiv an d’Aarmut ze rëtschen. Elo schonn heescht et vun der Caritas, datt d’Nofro an de Sozial-Epicerien am gaangen ass ze klammen!

An et huet sech rezent op Facebook en neie Grupp forméiert, dee sech gilets jaunes Lëtzebuerg nennt. Op der Lee steet: Di real Problemer déi d’Leit hun, fir um Enn vum Mount iwer d’Ronnen ze kommen sollen sichtbar gin. Et soll awer net nemmen gesouert gin, mee och konkret Mesuren kennen a sollen virgeschloen gin”. Den Ament ginn et eréischt 12 Memberen ma et weist ë.a., datt dës Leit sech net onbedéngt weder gewerkschaftlech nach politesch wëllen engagéieren a sech léiwer selwer ëffentlech artikuléieren.

Sträit tëscht der LSAP an dem OGBL féiert zu näischt. Déi zwee Veräiner déi sech dat SOZIAALT op de Fuendel gespéngelt hunn, solle kucken, esou séier wéi méiglech dëse Kleng-Kleng-Krich ze begruewen an zesummen am Intressi vum Land ze schaffen.

 

LEAVE A REPLY

Please enter your comment!
Please enter your name here