mam Fëmmverbuet an de Restauranten hat et ugefaangen. Wien a Rou wollt eng Pizza iessen, huet se sech dacks Heem bestallt. Och chineesescht Iessen huet een sech liwwere gelooss. Deen Trend gouf déi lescht zwee Joer wéinst der Pandemie verstäerkt. Gutt Saach fir d’Restauranten an dëse schwieregen Zäiten, ma am Secteur ramouert et.
Keng Woch vergeet, wou ech an der Bréifkëscht net eng kleng Reklamm leien hätt vun engem Restaurant, dee livraison à domicile mécht. D’Präislëscht ass mat dobäi. Dervunner ofgesinn, datt et mat där Zort vu Publicitéit geschwënn eriwwer ass – wat zu onheemlechen Ongerechtegkeete wäert féieren-, hunn ech mir reegelméisseg d’Fro gestallt: wien deet sech dat un, fir Owes spéit bei all Wieder eng Pizza ze liwweren?

Ugeholl, déi Pizza gëtt fir 15 Euro verkaf. Méi ewéi 5 Euro sprangen dobäi net fir de Liwwerant eraus. Dobäi muss hien dacks mam eegene Won kutschéieren a selwer fir säi Bensinn opkommen. Net grad eng win-win-Situatioun!.
Dobäi wär en Ënnerscheed tëscht deene Restauranten ze maachen déi hier eege Leit fir d’Livraisoun eraus schécken an deenen, déi d’Commande souzesoen a sous-traitance ginn. Dat eegent Personal ass ugemellt, krankeverséchert, bezilt an d’Pensiounskeess a last, but not least, blecht seng Steieren. Bei deenen déi op d’eege Fauscht schaffen, soll dat nach laang net ëmmer – wann iwwerhaapt- de Fall sinn.

Dat géing och ze deier kaschten a wier fir dee Mini-Commerce vill ze vill komplizéiert! Et muss een sech eng TVA-Nummer froen, et muss een gläich zweemol fir d’Sozialkotisatiounen opkommen an et muss een säin Akommes steierlech uginn. Wat bléif do nach vun deene 5 Euro vun enger Pizza iwwereg?
An esou héiert een aus dem HORESCA-Secteur, datt op d’mannst eng Partie – wann net d’Majoritéit- vun deene Liwweranten schwaarz schaffen. Fir bëllegt Geld, ouni soziaalt Netz. Modern Sklaverei! An herno am Alter, mam Fanger am Mond!
Et geet net drëm, deene Leit hiert Niewenakommes ewechzehuelen, ma et soll schonn alles e bësselche korrekt oflafen. Schliisslech huet de Patron dee säi Personal umellt, jo och deementspriechend méi Onkäschten. Also bleift och fir hien manner vun der Pizza iwwereg! De Gutmensch ka jo bei där nächster Geleeënheet de Pizza-Taxi doropper uschwätzen….